Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Wei kann een eng Photo bewäerten? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (3): « vorherige 1 [2] 3 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Wei kann een eng Photo bewäerten?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bewärten? Hmmmm.... Konsum also... Wéi vill Punkten hätt dann wuel d'Resurektiounssymphonie (Nr. 2) vum Mahler kritt am Verglach mat dem Te Deum vum Berlioz? Ech genéissen léiwer ouni ze Bewäerten an och ouni bewäert ze ginn. An eiser Konsumgesellschaft geet alles nëmmen nach ëm materiell Wäerter, och an der Konscht, an d'Essenz vun der Konscht geet domat verluer. Schued...
03.01.2011 21:36
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von gloda
Ech gesinn dat éischter als eng falsch Form vu Selbstbestätegung. Déi Zort vun Info ass ok an engem Concours (wou et se hei jo och all Kéiers gëtt) mä d'Wochefoto soll keng Compétitioun ginn.

as et net schon laang eng ? jiddereen well / hoft / as frou des auszeechnung ze kreien, dei eng mei oder manner, mais een deen behaapt et wier em egal, Lidd oder wees selwer net fierwaat en hei as ... ech haalen och net vill derfun, well ech denken dat guer net vill leit voten, an doduerch den voting guer net objektiv as. trotzdem, souguer wann ech nemmen an t'ofstemmung kommen, geschweige dei 2 keieren wou ech "se" gewonnen hun, bass de frou, du hues e klengt gefill vun succes, an dat deet kengem schlecht, secher, du kanns der keng gellen Kou dervun kaafen ... mais wann et der 100% egal as op deng foto gut ukennt oder net, dann hänk der se doheem an t'Stuff an post se net an enger "fotocommunity" !

Zitat:
Original von mmphotos
"Waat villeicht net all mensch wees, dat kann een och op sengem profil kucken...also seng beschten Wierker!" -> muss een ob Photogen kuken weieng vun sengen Fotoen gudd sin? Kann een daat net selwer gesin?

...(suite) opmierksamkeet as eng vun den scheinsten an wichtegsten Sachen op der Welt ...
waat hun ech derfun dat ech meng Fotoen gut fannen, wann se guer net gut bei aaneren ukommen, kloer, et soll een sech net prostitueieren, mais wan et wierkelch guer net ukennt, wees een dat een epes muss änneren, fier sein message un t'leit ze kreien.
an dovun ofgesin, du selwer bass meschtens dei blannsten Dauf wann et em deng egen Sachen (zumols Fehleren) geht ... (also am allgemengen fier "du , den user) gemenkt!
mat dengem läschten Satz stels de eegen präsenz hei op PG och a fro...

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 03.01.2011 21:43.

03.01.2011 21:38
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Nagarjuna
Bewärten? Hmmmm.... Konsum also... Wéi vill Punkten hätt dann wuel d'Resurektiounssymphonie (Nr. 2) vum Mahler kritt am Verglach mat dem Te Deum vum Berlioz? Ech genéissen léiwer ouni ze Bewäerten an och ouni bewäert ze ginn. An eiser Konsumgesellschaft geet alles nëmmen nach ëm materiell Wäerter, och an der Konscht, an d'Essenz vun der Konscht geet domat verluer. Schued...

Hei get iergendwei t'thema verfehlt,
kennen mer mol eng kloer differenz tescht dem Wuert "Bewertung" also eng Note
1 = top
6 = groteschlecht

Wann ech awer gesin, hei vun den +-500 Visiteuren hei sin der 100 dei meng Foto gut fannen, as daat jo wuel epes ganz anescht oder ?
Et geht just em Feedback ... net em t'Mehnung vun enger Persoun, mais den feedback vun der Community ... 2 verschidden Sachen !
03.01.2011 21:47
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dofir ginn jo d'Kommentaren duer. Awer wéi eng Foto ukënnt ass schon alleng vun enger Community op déi aner ganz verschidden. Do spillen einfach ze vill Faktoren eng Roll fir dass een hei op PG d'Community beuerteelen kann loossen ob eng Foto gutt ass. Setz du deng Foto op eng aner Community kriss du ganz oft een ganz aneren Feedback. All Community ass do verschidden. Bei verschiddener läit d'Laat ganz héich an bei anerer ass se méi déif. An dann hänkt och nach alles dovun of wéi beléift an bekannt dass du bass. Schlussendlech ass alles, wéi emmer, ADG...
03.01.2011 22:00
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo, genau, den Senn an Zweck as jidderengem iwerlooss, ech wollt just klären dat eng "statistik" oder wei och emmer , net daat selwecht as wei eng "Bewertung".
An mat den Kommentarer as et, wei gesoot, jo net dats de kansn soen waat mei Kommentarer, emsou besser t'Foto, Kommentarer kennen och negativ sin.
Dofier haalen ech et net fier richteg ze soen dat t'Kommentarer gut sin fier ze gesin op eng Foto "succès" huet oder net ...
03.01.2011 22:04
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dann hunn mir eis jo awer verstanen. großes Grinsen
Déi Saach mat den Bewäertungen war och net direkt op dech Bezunn awer allgemeng gemengt. Et kann een vill Saachen besser genéissen wann een et net direkt no Standardschemen bewäert. Do passt dem Johny seng Remarque (an dem aaneren Thread) ganz gutt mam experimentéieren. (Ech hat déi ganz Diskussioun gelies bevir ech mäin Kommentar dozou geschriwwen hat, dohier villäicht meng verwirrend iwwerflächlech Äntwert) smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nagarjuna am 03.01.2011 22:24.

03.01.2011 22:23
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

De Problem as, dat beid Themen, villeicht einfach u sech sin, mais t'Leisung oder den "idealfall" mat esouvill Komponenten zesummenhänkt, dat et ganz schweier as beim Thema ze bleiwen an eng Leisung ze fannen dei all Mensch versteht an accepteiert.

Ech hun weder mat den Bewertungen hei, nach mat dr Zensur e Problem, ech fannen se beid weder ideal, nach Steierend... trotz allem, wellen mer jo net gin wei eis kreschtlech Taliban (wei mein Kolleg den Gaston geif soen) an un alem haalen waat ememr wor, an wert bleiwen, Ännerungen sin neidech vun Zeit zu Zeit, an fier des Ännerungen ze bewierken, sin Diskusiounen neidech.
Ech schaffen beim Staat, an dei Argumenter, "Daat wor nach ememr esou, an et bleiwt esou!" heieren ech all Dag, an ech gesin och zu waat se feieren, also wegl. DISKUTEIERT ! großes Grinsen
03.01.2011 22:32
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

weess de gaga, déi bewertungen oder soss statistiken hun mëch mol interesséiert am ufank wou ech bei pg dobai wor, et ass wuel eng form vun selbstbestätegung sichen...

entre temps gët et just nach eng ursaach virwat ech iwwerhapt nach roplueden:

et gin e puer leit déi interessant saachen soen (interessant fir mëch, meng approche, main stil) an déi ech och wëll héiren ob negativ oder positiv, dat brëngt mëch weider. et léiert een och ëmmer rëm nei leit kennen.

alles aaneschters wat an richtung bewertung geet ass mir egal, ech sin an 50% vun den fäll zwar nët iwwerascht vun der foto vun der woch, me enttäuscht well et den eyecandy gin ass an nët den noper den 3x méi subtil war asw.

du gesaiss et ass egal wéi subjektiv an dofir och gutt dass d'bewertung de facto ofgeschaft gin ass respektiv op e minimum reduzéiert ass wann ech d'foto vun der woch dann als bewertung gesin.

als präzisioun nach (nët dass lo nach een sëch ugegraff fillt),, och wann een perséinlëch nët ëmmer matt der foto vun der woch averstaanen ass, gesin ech déi galerie awer als wetvoll beraicherung fir den site vun pg.
04.01.2011 08:48
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

jo, ech verstin daat, op dengem Niveau kucks de secherlech schon no aaneren Sachen an du wees waats de mechs, du kanns deng Linn fueren, mais wei den Nagarjuna, fannen ech dat dier dei Sach einfach zevill op ierch selwer bezitt, hei geht et em 2700 Memberen, an ech bezweifelen dat dei all op ärem Niveau sin.
Genau dat as de problem bei desen Diskusiounen, erem kommen mer op den selwechten Punkt zereck, net jiddereen as um selwechten Niveau, net jiddereen huet seng Linn fonnt an as sech 100% secher waat en mecht, emgedreinnt well net mei jiddereen beurteelt gin oder "bewert" gin ... mais dei eenzel Mehnung as hei graat net dei, dei ziellt ...
Ech hun schon heiernsdo gesoot, ech denken dat dei "gut" Leit hei vum Site eichter t'Ausnahmen sinn, ech sin frou dat et där Leit eng Retsch gin, mais se geheieren definitiv net mei zur "Zielgrupp" hei, dommad well ech soen et soll een schon kucken där Leit ze hun an se hei ze haalen, mais de Besoin vum Site soll awer kloer un t'Ufänger vun der Fotographie geriicht sin, wann et dann nach sou as dat et eng Fotoschoul soll sin.
Dem Shanti hun ech daat och gesoot, ech hun sein Standpunkt wuel verstaanen, mais hien kann net verlaangen dat eng kleng Hobbiecommunity (Weltweit gesin sin mer jo hei secher keng Elite) sech un sengen Point de Vuen orienteiert oder sengen Besoinen entsprecht. Waat och net soll heeschen hien hätt hei naischt verluer, hien wor eng grouss Inspiratioun hei, mais do muss een einfach seng Plaatz fannen an sech soen, ech droen epes zur Community bei, mais fier mech selwer get et hei naischt mei ze huelen ... ausser Unerkennung an Luef. Awer dann ze verlaangen dat dei ganz Community net mei soll bewerten an kritiseieren, as , wei soll ech et nennen, e bessen en egoistescht Denken.
Et kann een natierlech vun dem Point de Vue aus sech och t'Fro stellen, op et net gut fier PG wier, sech ze iwerleen wei een eben dei Leit och iergendwei zefriddenstellen kann.

Erem kennt mer den Gedanken vun enger Galerie "Kritik erwünscht" wou eben kritiseiert an gehollef get, an enger aanerer wou dei gut Sachen sinn, streng gefiltert egt an wou nemmen "Schein" Kommentarer dierfen gepost gin, ouni Bewertung an Kritik. Geif dat et brengen ? hmmm ...
04.01.2011 09:50
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga

ech weess nët op ech dat lo zevill op mëch bezéien, me eng bewertung op enger skala vun 1-? brengt naischt wann se nët justifiéiert/argumentéiert ass. wann een also eng 1=schlecht gët, muss een vlait wëssen vu wem a virwat an do gët et heikel, well wann een bewert muss een sou frai wéi méiglëch vun all subjektivem gedanken sin, an dat können déi meeschten leit nët. ech kann dat och nëmmen bedingt, ech sin reizbar wann ech midd sin, also nët optimal etc

an enger perfekter welt, géif ech proposéieren dass den prinzip fotoschoul ausgebaut gët, et misst een also eng rei mentoren hun déi sëch an enger rei vu saachen auskennen an déi d'leit e bëssen konstruktiv guidéiren kinnten. dat géif natiierlëch matt sech brengen dass een sëch och guidéiren léisst. am flickr gët et gruppen déi sou funktionéiren me et ass arbëcht an den prinzip sollt och nët all gudden daag kontestéiert gin...

wëllkomm an utopia
04.01.2011 10:13
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga
Awer dann ze verlaangen dat dei ganz Community net mei soll bewerten an kritiseieren, as , wei soll ech et nennen, e bessen en egoistescht Denken.

??? Dat ass mir awer elo ganz nei. Eng Bewäertung ass subjektiv. Virun allem wann se vun Leit kennt déi net ganz vill Erfahrung an der Fotographie hunn. Bewäertungen wieren villäicht Wäertvoll wann se vun engem begrenzten Krees vun Leit kommen déi d'Regelen vun der Fotografie an vum Grafikdesign gutt beherrschen an een Sënn vun Ästhetik hunn, an... an... an...
Kritik ass awer erwënscht. Do kann een sech jo eraussichen vun wiem een eng Kritik eescht kann huelen, an vun wiem net. Ech denken net dass Kritik hei jeemools zur Debatte stoung. Ech weess just dass d'Bewäertungen nach ëmmer een Problem waren. An net all Mënsch well seng Foto an een Wettrennen schécken. Dozou gehéiert och d'Wochenfoto. Eigentlech wier et fir mech méi richteg wann all Foto d'Recht gierf kréien gewielt ze ginn an een selwer beim Eroplueden decidéieren kann dass een se zur Auswahl zur Verfügung stellt, oder net (wéi dat soss bei der Bewäertung war). Ech gierf dat perséinlech dann ëmmer ausschalten an mol erëm Fotoen hei eroplueden. PG ass een wonnerbaren Site, awer et kommen einfach ëmmer erëm déi selwecht Diskussiounen op. Sécherlech kann een net all Mënsch et Recht maachen an d'Aarbescht déi den Johny an dësen Site gestach huet, huet och seng Unerkennung verdéngt. Ech sinn jo nach zimlech Aktiv op 3 aneren Communitien, an hei bleiwen ech am Hannergrond well mir bis op een klengen Detail hei alles nach am beschten gefält an ech e puer immens interessant Leit hei kennen geléiert hunn mat deenen ech jo awer nach regelméisseg eppes ënnerhuelen. Augenzwinkern
04.01.2011 11:20
Johny Johny ist männlich
Foren Gott

images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech hunn elo mol all är Kommentarer gelies vu gëscht Owend an haut smile Dofir hei nach puer kleng Saachen déi ech soen wollt, déi sech awer op Kommentarer bezéienb déi lo net méi zu de läschten 2 oder 3 just gehéieren:

Bei der Ofstëmmung fir d' Foto vun der Woch maachen am ganzen 80 - 100 Leit matt, wat immens vill ass wann ee bedenkt dass ee just 24 Stonnen Zäit huet, an nach derbai Sonndes eigentlech en Dag ass wou d'Visits op Photogen méi niddreg si wéi an der Woch. Et sinn also net just eng handvoll Leit déi do ofstëmmen.

De Succès vun enger Foto ze erkennen, also ze gesinn wéi se dobaussen ukënnt, ass ëmmer gutt, egal ob positiv oder negativ. Wann et positiv ass, ass een bëssen zefridden selbstverständlech. Dofir sinn ech jo och z.B. zefridden well aus PG esou eppes grousses ginn ass well dat heescht dass et de Leit gefällt. Dat huet net eppes mat Selbstbestätegung ze dinn direkt. (kann awer natierlech!)

An dann stëmmt et och absolut dass verschidde Fotoen an verschiddene Community'en komplett anescht ukommen. Ech gesinn dat och ëmmer erëm, an do sinn d' Resultater net just liicht anescht mee wierklech komplett eng aner Richtung. Ech kéint do och elo konkret Beispiller ginn mee dat huet lo kee Wärt smile

Eng Galerie "Kritik erwënscht" wäert et ni ginn well jidderee sech soll kloer sinn dass eis komplett Galerie eigentlech dofir geduet ass, a ween eppes anescht denkt huet de Prinzip net verstan Augenzwinkern Ech versti schonn d' Idee derhannert Gaga, fir d'Leit eng Kéier extra ze motivéieren fir vill an explizit ze beschreiwen wat wéi wou gutt ass a wat net, mee trotzdem alleng vum ganze Sënn hier ass et falsch fir eis esou eng Galerie ze maachen.

__________________
404 - Not found
04.01.2011 11:41 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Nagarjuna
??? Dat ass mir awer elo ganz nei. Eng Bewäertung ass subjektiv. Virun allem wann se vun Leit kennt déi net ganz vill Erfahrung an der Fotographie hunn. Bewäertungen wieren villäicht Wäertvoll wann se vun engem begrenzten Krees vun Leit kommen déi d'Regelen vun der Fotografie an vum Grafikdesign gutt beherrschen an een Sënn vun Ästhetik hunn, an... an... an...

dat ass genee dat wat ech mengen, an dofir haalen ech nët vill vun bewertungen!
;-)

iwregens ass ästhetik och subjektiv, nerv, nerv, ech weess
nach alles guddes iwregens großes Grinsen
04.01.2011 11:42
Schluck
Doppel-As

Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original vum xaph32: weess de gaga, déi bewertungen oder soss statistiken hun mëch mol interesséiert am ufank wou ech bei pg dobai wor, et ass wuel eng form vun selbstbestätegung sichen...

Genau do ass och villeicht den Problem.. dir sitt schon lang hei dobei an macht zanter Joëren Photoën, dann ass ët engem och mei egal, well dir hut jo schon eng gewëssen Erfahrung an sidd nët mei ob Kritik, Encouragement, ungewissen.

Aus der Siicht vun engem Neuling (ech machen erreicht zanter 1 Joër Photoën) an sinn erreicht 10 Meint hei op PG ass dat eng anner Saach. Do ass een frou iwwert all Kommentar, Feedback deen een kann kreien an ech geif ët flott fannen wann een geif wëssen wei een bei der Photo vun der Woch offgeschnidden huet. Dass dat ëmmer vun der Quali vun dem wat grad erankomm ass, dat ass jo normal.

Waat ech zb. och nach schued fannen ass dass ët net nach verschidden Kategorien gët zb. Natur, Deieren, ... soit dei haapt Kategorien vum PG wou eng Photo pro Kategorie gewiellt gëtt.

Zitat:
Original vum Gaga: trotzdem, souguer wann ech nemmen an t'ofstemmung kommen, geschweige dei 2 keieren wou ech "se" gewonnen hun, bass de frou, du hues e klengt gefill vun succes, an dat deet kengem schlecht, secher, du kanns der keng gellen Kou dervun kaafen

Jo genau, wei ech dei eischt keier hei eng Photo an der Wochenoffstëmmung hat hun ech mech och immens doriwwer gefreet an ech woar ganz verwonnert dass een guer nët gesoot kritt wei een dann offgeschnidden huet.

Dass ët Bewertung wei se hei implementeiert nët mei gët fannen ech och gudd, well se mechtens nët gebraucht gin ass, an wann, dann mechtens am negativen, wat awer menger Mehnung och dorunner leit dass se anonym woar.

Zitat:
Original vum gaga... mais wann et der 100% egal as op deng foto gut ukennt oder net, dann hänk der se doheem an t'Stuff an post se net an enger "fotocommunity" !

Eng Photo ass jo och eng Zort Kommunikatioun, du wëlls jo eppes ausdrecken oder den Siicht weisen ... wanns de se just an Stuff haenks gët dat awer een zimmlechen Monologue.

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 04.01.2011 12:42.

04.01.2011 12:38 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech kann jidderengem hei Recht gin ... du wees Xaph dat ech bei den meschten Argumenter ganz denger Mehnung sin, ech muss och zougin dat ech emmer manner op t'Kritik lauschteren an och probeieren meng egen Sach duerchzezeien, en Duerchgang, deen een freier oder speider och muss machen fier selbststänneg an kreativ kennen ze schaffen ... mais wei gesoot, ech fànken (villeicht doduerch) och un t'Sachen anescht ze gesin, well ech elo hannert mir vill leit gesin hei op PG, dei genau do sin, wou ech firun 1-2 Joer wor (du kenns dat jo och), waat ech am fong an mengem laangen gesabbels wollt soen as dat waat den Schluck kuerz op den Punkt bruecht huet.

Zitat:
Aus der Siicht vun engem Neuling (ech machen erreicht zanter 1 Joër Photoën) an sinn erreicht 10 Meint hei op PG ass dat eng anner Saach. Do ass een frou iwwert all Kommentar, Feedback deen een kann kreien an ech geif ët flott fannen wann een geif wëssen wei een bei der Photo vun der Woch offgeschnidden huet. Dass dat ëmmer vun der Quali vun dem wat grad erankomm ass, dat ass jo normal.

PS :
Ech verleieren nach emmer de Fuedem, geht et em Kritik, em Bewertung oder em t'Wochenfoto hei ??? lol

Soit, ech wollt awer och soen dat et mech freet wei roueg an ziviliseiert des Diskusioun verleeft ... et kann een jo och driwer schwätzen ouni sech duerno un den Hals ze goen ! Augenzwinkern
04.01.2011 13:40
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bon ech weess nët, éiweg maan ech och nach keng fotoen...
ech kann mëch just erënneren dass ech mëch mega geiergert hun wou ech gesin hun dass ech bewert gi sin ouni ze wëssen vu wem an virwat et eng schlecht bewertung gin ass weess ech bis haut nach nët, also wat soll dat dann hëllefen?

wat awer ganz sëcher ass, an dat zielt fir jiddereen, wann een zesummen fotoen mëcht, ob dat lo studio ass oder soss eppes, an matt chance sin der 1 oder 2 dobai déi villes beherschen, do léiert een vun dem aaneren. an dono ass pg als plattform perfekt fir d'resultat ze analiséiren.

matt der zait ass et awer och sou, dass de genee weess, déi foto kënnt un oder och nët, do brauchs de just ze kucken wat grad an der moud ass, oder wéi den gennaro géif soen "een eyecandy" brëngen. do kriss de 20 kommentarer oder méi, ech selwer brengen an der lescht éischter saachen wou ech mengen dass ech nach vill muss léiren, "analog" biller am moment (@johny: dat wier dat och eng interessant rubrik) well et op pg nach e puer leit gët déi dat wëssen hun wat mir fehlt.

do muss also lo jiddereen wëssen wat en mëcht a firwat. ech sin dofir dass een vill méi dacks sou meetings organiséiert wéi den dr_kim_veis an ech et vun zait zu zait proposéiren (aanerer maan dat och), dat brëngt méi wéi all bewertungsschema an erfëllt en plus nach den zweck vum club.

avis aux amateurs
04.01.2011 13:55
Schluck
Doppel-As

Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Ech verleieren nach emmer de Fuedem, geht et em Kritik, em Bewertung oder em t'Wochenfoto hei ??? lol

Ech sin der Mehnung, dass d'Wochenphoto jo och eng Zort Bewertung ass. Eischtens fir dobei ze sin ass jo schon eng Bewertung an zweetens se ze kreien ass jo dann d'Selwecht ewei "Dei bescht Photo vun der Woch" an genau dofir fannen ech ët schued dass do just een Feedback kritt an dei anner dei dobei woaren alleguerten nët.

Och dat mat den Kateorien geif ech eng gudd Idee fannen wëll zb. ee Portrait ass jo nun mol eppes annechters wei Architektur, Macro, Concert usw. an all Kategorie huet jo am Fong seng egen Challengën.

Zitat:
Soit, ech wollt awer och soen dat et mech freet wei roueg an ziviliseiert des Diskusioun verleeft ... et kann een jo och driwer schwätzen ouni sech duerno un den Hals ze goen !

Bah .. streiden doriwwer brengt jo souwisou neischt ..

Zitat:
ech kann mëch just erënneren dass ech mëch mega geiergert hun wou ech gesin hun dass ech bewert gi sin ouni ze wëssen vu wem an virwat et eng schlecht bewertung gin ass weess ech bis haut nach nët, also wat soll dat dann hëllefen?

Do gin ech der vollkommen recht ... d'Bewertung wei se hei woar ass gudd fort an huet naischt bruecht ausser Ierger

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 04.01.2011 14:06.

04.01.2011 14:02 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Gaga
Soit, ech wollt awer och soen dat et mech freet wei roueg an ziviliseiert des Diskusioun verleeft ... et kann een jo och driwer schwätzen ouni sech duerno un den Hals ze goen ! Augenzwinkern

ey du held, mengs de mëch? großes Grinsen
04.01.2011 14:17
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

nee Xaph, oder villeicht e bessen ... Augenzwinkern
nee, as schon allgemeng gemengt, ofgesin vum toun sin och heiernsdo leit dei et färdegbrengen komplet vum thema ofzekommen an oftopic resp. perseinlech gin ... oder eben mat schlechten arguementer t'stemmung kippen, dat as hei net den fall !

Augenzwinkern
04.01.2011 15:34
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

schued, ech hat gehofft du häss mëch gemengt!
04.01.2011 15:43
Seiten (3): « vorherige 1 [2] 3 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Wei kann een eng Photo bewäerten?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH