gunman
Mitglied
Dabei seit: 07.11.2006
Beiträge: 39
|
|
Mein Pefferkär:
Ech sin 59 Joer aal an hun mir déi 2 Photoen em déi et hei geet (Bodypaint an Sex sells) ugekuckt, an ech muss leider och soen : do fannen ech awer elo guer neischt an och wierklech guer neischt Ustéisseges drun!
Ech verstinn och net wiesou déi net ugeholl goufen ? Et kann een och méi helleg sin wéi den Popst.
Ech sin ganz dermatt d'accord, dass Photoen déi en pornographeschen Touch hun op desem Site neischt ze sichen hun, mais éi 2 doo, bei allem Respekt, déi kennten jo esouguer nach an der Kathedral hänken !
|
|
10.10.2011 22:27 |
|
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
merci gunman, si am selwechten Alter, an maachen zënter 50 Joer Fotoen, hunn der schonn vill gesinn, mä ech mengen do weess e jo wat een do op e site sëtz
zemol esou fotoen déi wéi schonn gesot op enger ¨ëffentlecher veranstaltung waren, a wou nunn wierklech awer guer néischt gemeckert gouf, vun all deene Leit mat Kanner, a da gëtt se hei um site refuséiert, einfach lächerlech,
an der Meenung sinn ech net eleng
froen mech just wéi den Artist an de Modell doriwwer denken, déi iwwerall, bei esou Maniffen dobäi sinn, an nach ni E gemeckert huet an se ebenfalls iwwerall um Internet, youtube, an um Site vum Artist Lynn Schockmel, dat schon e Begrëff hei a Lëtzebuerg ass, kurséeren ouni de gréngsten Problem
|
|
10.10.2011 23:40 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@_miami_: Wann een sech schonn äussert zu engem thema, ass dat allermanst ze erwaarden dass een och alles néideges dozou gelies huet, du muss net direkt esou reagéieren. Do hues du e Feeler gemaach obwuels de deck gemeckert hues, e Feeler den s de misst agesinn.
@xaph: Net just däi Kommentar hei, mä och schonn virun e puer Deeg (och am Forum), war iwwerflësseg, an huet zu naischt anerem gefouert wéi negativem.
@m-otiv: Dass de al (richteg al) Fotoen fënns déi haut net méi ganz de Regelen entspriechen, dem stëmmen ech zou, mee mer hu virun e puer Méint decidéiert do e gutt Stéck méi streng ze sinn (ech mengen ech hat der dat och nach do erklärt?). An leider hues de och selwer et musse spieren, obwuel deng fotoen ëmmer eng top Qualitéit opweises hunn.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 22:39 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Iwwregens: Jo ech hunn e gutt Stéck méi frech geäntwert hei wéi ee soss gewinnt ass, mä d'Erklärung ass ganz einfach: Et sinn ëmmer déi nämmlecht déi eppes auszesetzen hunn, an d'Art a Weis wéi se et maachen ass an deene meeschte Fäll alles anescht wéi sérieux an anstänneg. En anert Beispill ass ee user den eng Serie refuséiert krut virum Weekend, den huet sech bei mir gemellt, huet kloer gesot dass en net wirklech averstan ass mee e wéilt vu mir puer Wuert méi zur Entscheedung héieren. Den Här huet selwer gesot (nodeems ech him Merci sot dass en esou fäin bliwwe wier) dass et vir hien selbstverständlech ass dass en do net ufängt Virwërf ze maachen oder en Toun op ze léeën den net ubruecht ass, well hien weess: Esou wéi een an de Bësch era rifft, esou schaalt et zréck. A wann een dann anerer huet denen all Zort vu Respekt feelt (Well obwuel muench Leit et mol heiansdo erëm soen, dir hutt keng Ahnung wéivill Zäit an Nerven bei dem ganze Projet vu mir drop ginn), dann kann ech leider och net vill géigesäitege Respekt opweises hunn. An jo dat ass eng mënschlech Reaktioun, eng perséinlech vu mir. Mä wen soll och soss iwwerhaapt vill betraff sinn...
__________________ 404 - Not found
|
|
10.10.2011 23:04 |
|
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
mat all Respekt fir deng Aarbecht, fannen ech dat do awer oft vun denger Séit aus staark iwwerdriwwen gëtt,
det mer leed mä ech fannen dat menger bodypainting Foto, et absolut kee Grond gëtt , fir se net eropzelueden , zemol ech esou vill leit mäin link op de PG hunn, fir meng Fotoen ze kucken, an sech froen stellen op op derwäert ass hei Member ze ginn, wann esou Problemer, éischter gesot kanneresch huet
wann een hinnen seet, wéi an dem heiten Beispill déi Foto behandelt ginn ass, als Aktfotoen oder Gott weess wat fir Biller,
zemol fir déi leit aus dem Ausland, déi da soen... a wéi prüd ass da Lëtzebuerg, net grad just eng Pub fir deenen Artisten, hier Aarbecht esou duerzestellen, an ech ginn net midd ze soen, dat dat eng ëffentlech Organisatioun vun der Gemeng Déifferdeng war, a wou all déi Leit de do passéiert sinn, iwwerhaapt keen Problem domat haten,
da verstinn ech Welt net méi, dat esou eng Foto wou Jenni a Menni ronderëm stoung ebenfalls ze knipsen op jonk oder al , hei op engem Fotosite refuséiert ginn ass..... en dévouement fir den Artist an séin Model....l
|
|
11.10.2011 00:04 |
|
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
Hallo ech sinn jo een Newbie an deser flotter Diskusion dofir mei Pefferkär
Photogen.lu roll keen Akt drop sin well ma oct vill Jonker hun an et as net well den Noper et mecht das Mir daat oct maachen mussen! wann hien an den Petz sprengt mes du daat dann och? nee voila
Photoshoot as dach äntwert op deng Photo! Post se do all Mensch seet da wei flott se dach as an dann as et dach erem gudd.
esou einfach as et.
Et as net den Johny alleng wou hei Photoen jo an nee seet daat sin da vill mei...
Et as esou einfach an engem Forum wou nemmen Text steet...
Et as keen gestuewen oder ? also komm ma bleiwen all um Buedem an engkeier Deif Loft an dann geet et eis besser!
w.e.g respekteirt de Leit hiert BENEVOL Aarbescht 100%!
merci
|
|
11.10.2011 00:35 |
|
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
"zemol ech esou vill leit mäin link op de PG hunn, fir meng Fotoen ze kucken, an sech froen stellen op op derwäert ass hei Member ze ginn, wann esou Problemer, éischter gesot kanneresch huet"
Ma dann hues du mengen ech den Sënn vun Photogen net zu 100% verstaanen. photogen as keng Gallerie fier Kolegen oder aaneren Leit seng eegen Fotoen ze weisen. Et as eng Diskussiounsplattform wou eng Community soll iwwer Fotoen diskuteieren....oder daat war ob allfall mol engkeier den Senn vun Photogen...
Wanns de dengen Kolegen hei am Land oder am Ausland einfach just deng Fotoen weisen wells, gin et masseg aaner Site wous de roplueden kanns waats de wells. (picasa, Flickt, etc) Do seet keen eppes zu dengen Fotoen, du kanns alles roplueden.
An ech soen lo domat net du solls neicht mei ob PG lueden. Ech hun och mein account bei picasa wou ech all dei Fotoen roplueden dei ech einfach "nemmen" Deelen well, an hei lueden ech dei rop wou ech gär Feedback hätt...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.10.2011 08:56 |
|
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
kuerz gesot um flickr kann een och kommentéieren, an esouguer weltwäit
|
|
11.10.2011 13:03 |
|
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
egal wéi dat froen ech mech wisou op emol esou vill leit, net méi um Site sinn, duerch mech oder duerch ween?
hu genuch mailen kritt, wou si sech beschwéieren dat se refuen kréien, an néischt op de forum setzen, sos wier nëmmen mer däers ze gesinn, oder wéi's de sees e souer wéi ech déi genuch zeit hunn a sos néischt ze dinn hunn, eh bien dat mat 50 Joer fotoen maachen ass ebenfalls kee Bretzen, well do sinn de och déi soen meng Foto ass gutt, well ech esou laang an der Branche geschafft hunn.
fir mech ass de Fall ad acta
|
|
11.10.2011 13:15 |
|
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech soot jo net ob Flickr keint een net Commenteieren. Verdrein mer den Saatz lo net, et geet jo net dorems. Ech soot eeben just dass et verschidden genren vun Plattformen gin all Plattform huet seng fier an nodeeler mat deenen een liewen muss.
Waat mech awer wonnert,...firwaat kris du souvill Mailen vun Leit dei Fotoen net ugeholl kruten? Ech sin een vun deenen dei hellefen aktiveieren/refuseieren an ech krut an all deenen Joren nach nie soueng perseinlech Mail wou een sech obgereegt huet...
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
11.10.2011 13:20 |
|
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
Themenstarter
|
|
tjo, mer sinn eben och privat fotoskollegen, dat kënns du dach bestëmmt oder net ?
|
|
11.10.2011 14:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Poly: D' Fro ass, wat wëlls de erreechen andeems de hei e Bäitrag schreifs den s de ufänks mat "Ech laache mech glaich futti ..." ? Wann een WIERKLECH konstruktiv Kritik zum System wëll ginn oder zu wat och ëmmer, dann schreift ee ganz anescht wéi s du an deng Matmënschen hei. Well wen esou schreift dee weess ganz genee dass et dach net eecht geholl gëtt, well déi néideg Seriositéit am Bäitrag direkt feelt. Doraus zéien ech also dass de et express esou schreifs, an nëmmen wëlls erof maachen, negativ Äusserunge schreiwen, "bashen" wéi et sou schéin bei der Jugend haut gesot gëtt. Ass dat wierklech néideg? Hues du esou vill Zäit dass de déi dofier kanns notzen? (D'Fro ass am rhetoresch well mer gesi jo dass de se hues)
Ursprünglech war PG geduet fir Leit déi de selwechten Hobby hunn fir kënnen zesummen ze diskutéieren, sech op Meetings ze amuséieren an vuneneen ze léieren. An Tëschenzäit ass et ëmmer nach just "Ech si besser well ech säit 50 Joer Fotoen maachen" an "Wisou ass meng mega gail Foto net ugeholl ginn?".
Wat war dat nach eng schéin Zäit wou een all puer Wochen déi déi nei um Site waren och wierklech richteg kenne geléiert huet well se Deel vun der Community wollte ginn...
__________________ 404 - Not found
|
|
11.10.2011 09:22 |
|
|
|
_MiAmI_
Foren As
Dabei seit: 21.01.2010
Beiträge: 77
|
|
@ Johny: dann sin ech alt sou eierlech an soen da dass ech dem Ploy sein Link am Ufank verpasst hun!
Vir de Recht as et dach ok wann Diskusiounen ugeziedelt gin ( ob diskutabel oder net ... )
Sos hätt de Site jo keng Lecture ;-)
An wannste kucks, sin et oft di Selwescht, dei een "Pefferkär" an do sin ech och mol gären dobei, hei hannerloosen. Vir de Recht kann ech soen dass ech deen Een oder Aaneren Tip hei beigeleiert hun, an wann ech meng Fotoen ganz am Ufank kucken, eng ganz aaner Quali hun wei dei am Moment. :-)
Döfir an deem Sönn neischt ze Onguds vun menger Sait.
An PS: Sou Geschreiws/Texter versteet een mei schnell eppes Falsches ewei Guddes.
|
|
11.10.2011 10:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et ass absolut ok wann Diskussiounen gefouert ginn, mä net an der Art a Weis wéi ganz vill Leit et probéieren.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.10.2011 12:18 |
|
|
LeeLee unregistriert
|
|
|
11.10.2011 15:26 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Moie Patrick,
Leider hues de mat dengem net vill hëllefraichen Kommentar esou guer net onrecht.
__________________ 404 - Not found
|
|
11.10.2011 15:33 |
|
|
|
LeeLee unregistriert
|
|
Oh nee ech sin entlarvt ... .
|
|
11.10.2011 15:58 |
|
|
VeloBen
Doppel-As
Dabei seit: 26.09.2010
Beiträge: 140
|
|
Hun mer déi ganz Diskussioun + déi Foto ugekuckt.
Vill Lait waerten mengen ech wier verklemmt mee ech fannen d'Foto ass limite.
Et ass ouni Zweifel eng flott Joffer mee et ass an et bleift een "nue" an den Bodypainting schengt och nach net ganz faerdeg gewiescht ze sin.
Ech kann souwuehl dem Poly an dem Johny seng Positioun an Argumenter verstoen.
Vu que daat den Johny an den Rescht vum comité awer hei d'Hausrecht hun muss d'décisoiun vum refus acceptéiert gin. Wann net kréien mer an Zukunft eng Onmasse Aktfotoen eropgelueden an dann hätten mer elo een Primärfall/jurisprudence geschaff un der all zukünftig Aktfotoen gemoss waert mussen gin. An dann sin mer an endlosen Diskussioune waat fier een Plaakert dann elo konform ass oder net.
Photogen well keen spezialiséierten Site fier "nuen" sin, dann muss daat respektéiert gin.
|
|
11.10.2011 18:48 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
|
12.10.2011 10:31 |
|
|
|
|
|