fabs
Grünschnabel
Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4
|
|
Moien, ech wollt froen op een mat desem Objektiv schafft:
Sigma 70-300mm F4-5.6 DG MACRO fir Nikon
Wa jo, bass du zefridden domat an kanns du mir dat recommandéieren?
Ech hat bis elo en 55-200mm vun Nikon an war ganz zefridden domat mee leider war et mir virun e puer Méint gefall an huet elo den Geescht opgin (Autofokus geet net méi an et knackt wann ech manuell fokusséieren).
Merci fir är Äntwerten, Fabrice.
|
|
06.06.2008 12:36 |
|
|
Mojoo unregistriert
|
|
Ech haat mer den Sigma 70-300 firun 2 Joër fir 219 € kaaft. Den Präis léist schon erooden dass et keen immens perfomanten Tele ass.
Fir Ufänger, dei éischt Erfahrungen mat enger méi wäiter Brennwäit maachen an bëssen experimentéieren wëllen ass et an mengen Aen brauchbar. Ech hun vill gudd Fotoën dermadder geschoss, mat ganz villen Resultater war ech awer och net zefridden.
219 € (haut wäert et jo nach mei belleg sin) waren/sin net vill fir een Tele, wat sëch, weigeschriwwen, ob d'Qualitét auswierkt. Wanns du een Ufänger bass an éischt Schrëtt mat souengem Objektiv maachen wells kanns de et jo emol an engem Fotogeschäft ausprobéieren.
Kuck och emol bei den internen Annoncen. Den Mulanski verkeeft zum Beispill een Nikon 70-300 VR fir 400 €.
|
|
06.06.2008 13:32 |
|
|
fabs
Grünschnabel
Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Ufänger sin ech net méi, allerdings sin ech awer och nach wait vun engem Profi ewech. Ech hun en 55-200mm mee heiansdo fehlt mir nach en bessen Zoom. Ech wollt dofir mol kucken wat et nach esou gett ouni mussen ze déif an Täsch ze graifen well soss lossen ech main 55-200 flecken. Dofir wier den Sigma 70-300mm F4-5.6 DG MACRO eppes fir mech.
Kanns du villeicht en bessen präziséieren wats du positiv an éischter negativ fonnt hues?
Ech hun mol um Internet geliess dass en Autofokus lues ass, stemmt dat?
Wéi ass et mat der Bildschärft? Hellt déi stark oof wann een zoomt?
Ass et liichtempfindlech genuch fir och bei bedecktem Wieder (einegermoossen gudd) Fotoen ze machen?
Et gett den Modell och mat besseren Lensen (APO), wier den wéinst der Schärft éischter ze empfehlen?
Ech soen dir villmols Merci, Fabrice
|
|
06.06.2008 16:00 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Also, ech hun de Model firum Dany sengem, dat heescht den Sigma 75-300mm APO op ebay fier 100 €uro kaaft, an ech muss zwar soen, fier de Prais ass dei Lens nawwel net schlecht.
Stemmt allerdings, heiandsdo ass den Autofokus bessen lues, en plus hudd dien aale Model nach en EXTREM Lautstaarken Autofokus… :-)
Bon, ech senn allt well um gang mecch no engem Nikon oder Sigma 70-200mm f:2,8 emzekucken, well awer eppes besseres, mee den Sigma 70-300 ass secherlech VILL mei preiswert wei sou liichstaark stecker an en plus ass en bis 300mm. (An dei notzt een och aus, wann een sou eng Lens hudd, dat ass secher)
Wanns de nach mei Brennwait brauchs, dann ass deen hei secherlech och intressant: Tokina 80-400mm
Natierlech och e Krack mei deier.
Tamron hudd och nach eng Alternativ zum Sigma: Tamron 70-300mm
Ech muss zwar nach zum Sigma soen, datt ech eigentlech matt de Fotoen ganz zefridden senn, firun allem wat d'Schärft ugeht. Et krett een awer emmer rem eng flott Schärft dermatt dran, an ech kann mech driwwer bekloen.
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
07.06.2008 17:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Zitat: |
Den Autofokus ass heiernsdo effektiv lues, dat stëmmt. Ab 200mm haat ech schon oft Problemer mat der Bildschäerft. Ech wëll awer dobäi soen dass ech schon méi laang netmei serieux mam Tele geschafft hun. Et kann gudd sin dass ech mech am Ufank domm ugestallt hun, an beschtemmt mei hätt kënnen aus dem Objektiv eraus huelen. |
Also d'Lydie huet d'Objektiv och. Ech wees natirlech lo och net wéis du dech genee ugestallt hues, mee och ech hun oft Problemer fir dass en sech richteg schaarf stellt, an dann dauert et eng absolut Eiwegkeet och nach. Ech géif den Autofokus nämlech net just als "bessen lues" beschreiwen, mee dee luesten den ech bis elo kennen
Bei enger méi éiger Brennwäit ginn d'Fotoen äusserdem liicht fad, also op franséisch wir et "flou", daat ass en typesche Problem bei bellegen Teleobjektiven. An heibäi handelt et sech em déi "besser" Variant, d'APO ...
__________________ 404 - Not found
|
|
08.06.2008 03:08 |
|
|
fabs
Grünschnabel
Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Gudden Mëtteg, ech soen iech alleguer Merci fir är Äntwerten.
Ech hun mir Geschter d'Objektiv Sigma 70-300mm F4-5.6 APO DG MACRO no en bessen hin an hier (well ech awer och net grad wéing manner gudd Kritiken geliess hun) kaaft an och direkt gestest. Ech konnt et am Geschäft probéieren an war dun awer dovun iwerzeegt. Dobannen kann een awer net mat dobaussen verglaichen esou dass ech net lang gewart hun fir et och dobaussen ze testen esoubaal ech et kaaf hat. Ech muss soen dass main éischten Androck awer gudd ass. Ech stemmen dem zou dass den Autofokus zimlech Kaméidi mecht mee dat stéiert mech net wéider. Ech hun main Lieblingsmotiv (Zich) bei bedecktem Wieder geknipst an déi meecht Fotoen sin och scharf gin. Et huet just ganz en bessen Kontrast gefehlt wat eventuell awer och un mengen Astellungen um Fotoapparat an och un dem net grad idealen Wieder léien kann. Haut hun ech d'Makrofunktion getest: fir an den Modus an erem zreck ze wiesselen ass keng grouss Saach wann een sech bis d'Prozedur am Kapp huet. Ech hun just festgestallt dass en do méi lang brauch fir ze fokusséieren wéi wann ech elo z.B. en Zuch knipsen. Eng roueg Hand oder en Stativ ass och néideg fir dass d'Foto net verwackelt gett, bei mir wier et éischter en Stativ (dat ass méi einfach wéi d'Hand roueg ze haalen
)
Ech hoffen dass ech och nach an e puer Wochen behapten kann dass ech mat dem Objektiv zefridden sin an et mir net leed deed dass ech mir et kaaf hun.
Bis dann, Fabrice
|
|
08.06.2008 18:29 |
|
|
toto
Tripel-As
Dabei seit: 23.09.2007
Beiträge: 200
|
|
kannste eing macro dofuner weisen w.e.g
|
|
09.06.2008 00:09 |
|
|
fabs
Grünschnabel
Dabei seit: 01.10.2007
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
|
15.06.2008 17:41 |
|
|
|