geo3eck
Grünschnabel
Dabei seit: 01.01.2010
Beiträge: 3
|
|
Sali,
Ech sin grad op der Sich no enger 1. SLR. An ech hun der elo 2 déi nach a Fro kommen. Vun dohir meng Fro: nikon D5000 oder canon eos 500D?
mfg
mexx
|
|
29.01.2010 19:06 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Schokla oder Vanill?
Wanns de sënnvoll Äntwerte wëlls hun muss de der schon e bëssen Arbescht maachen an de Leit soen wat s de brauchs, wat s de wëlls, wat s de der erwaarts vun den Aparater.
__________________ www.gloda.net
|
|
29.01.2010 19:19 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
de Problem wann een dei eischt kamera keeft dann wees een net waat ee selwer brauch.... (Ech geif lo no 1,5 joer net mei sony kaafen, well se einfach dei objektiver dei ech gaer hätt net hun... )
wanns de keng speziell Wensch hues ass et baal egal ...
|
|
29.01.2010 19:28 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Ech kann der dozou folgenden tipps gin:
1. Gei and geschäft an kuck weieng der am besten an der Hand lait an kaaf de.
2. Grouss ennerscheeder waertste net mierken (an der technik) well beid marken schenken sech naicht!
3. Kuck an dengem emfeld mat weienger Mark Lait do fotorafeiaren, sou kannste der mol dei eng oder aaner saach leinen an dech mat deenen Lait austauschen.
Hoffen konnt der domat hellefen mee grondsetzlesch musste wessen dass Canon-user fier Canon schwetzen an Nikon fier Nikon an an der Zeitung gewennt deen wou am besten sponsert!
|
|
29.01.2010 19:32 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von Alko
grondsetzlesch musste wessen dass Canon-user fier Canon schwetzen an Nikon fier Nikon an an der Zeitung gewennt deen wou am besten sponsert! |
sou wei dei Noper
gelldu,
obwuel hie lo op éen Hoer bal gewiesselt hat, wat jo lo als Aussoh och alt rem nët förderlëch as.
wei den Alain (Alko) scho sot, gei an e Buttek, huel d'Material an de Grapp a loss dech beroden an denk drun, mat enger DSLR as et nët gedinn, do kommen och Objektiver drop an wanns de eng Zeitchen am gaang bas mierkst de , wei dachs dass du daat éent oder aanert wiessels.
Wanns de da bis gudd Objektiver hues, wiessels du eigentlëch bal nëmme mei de Boitier !
|
|
31.01.2010 10:37 |
|
|
geo3eck
Grünschnabel
Dabei seit: 01.01.2010
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Sorry wann meng Fro bessi kuerz gin war, mä ech haat daat schnell geschriwwen (tëscht der Schaff an enger Partie Keelen).
Mä eigentleg gëtt ët do och nët méi ze soën. Sichen eben eppes an der Kategorie. Och e bessi an Hisiicht op eng Schottland-Vakanz fir emol richteg schéin Fotoën kënnen ze maachen.
Bon am léiwsten hätt ech jo och gäeren Film-Fonktioun drop. Waat déi 2 Modeller jo hun. Och wann daat villäicht nëmmen Gespills ass.
Waat mer awer och nach opgefall ass sin extrem Präissënnerscheeder demno wou een kucken geet ;-) War gëscht am Saturn an haat déi 2 am Grapp, woubai Canon mer besser am Grapp luch wéi d'Nikon. Mä bei deenen 2 graifft den klengen Fanger ennert den Boitier.
Op alle Fall en groussen Merci fir äer Hëllëf.
|
|
31.01.2010 19:57 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Wat den klengen Fanger deen ënnert den Boitier rutscht betrëfft fäerten ech dass dat an der Präiskategorie déi s de am Moment am Aan hues bei all de Marken Standard as. Fir 100€ dobäit kanns de awer en Batteriegrëff druschrauwen fir méi Grëfffläch ze hun.
__________________ www.gloda.net
|
|
01.02.2010 14:35 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
Kucks du hier
Kanns der daat och eng kéier unkucken stin heinsdo puer flott saachen a punkto Nikon drop, anscheinend sollen deemnext nei SLR's vun Nikon annoncéiert gin, notamment eng d95 wann se dann lo sou sollt heeschen (waat fiir mech nach emmer komesch klengt mee bon
)
wi di aaner der scho gesoot hun nikon user schwetzt fiir nikon, canon fiir canon, kanns am grousse ganzen net vill falsch maachen wanns de wees an weienger kategorie 's du dech wells bewegen!
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
01.02.2010 14:56 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
naja bai nikon/sony brauchs de keen deieren ausleiser,
mam agebautenen bletz kascht naischt, weit naischt extra, an hues de emmer derbai
edit: epic fail, D5000 kann guer keen CLS
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von pol9000 am 01.02.2010 22:28.
|
|
01.02.2010 22:26 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Bei der Canon 5D an 1D resp. der Nikon D3 (an Firgänger) hues de keen integréierten Blëtz. An wéi gesot du wells net onbedenkt mat engem Blëtz ausléisen.
|
|
02.02.2010 01:05 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Kaf d'Canon !
1. well jo en eng Decisioun huelen muss
2. wanns de henno net eens gess, ech als nikon-user d'schold op Canon schiben kann
3. well Canon méi belleg ass an du déi gespuerten Suen beim Objektiv dropléën kanns. (wat vill méi wichteg ass wéi den Boitier)
4. Wanns de wierklech mat engem FOTOaparat filmen wëlls, du bei Canon vläit besser opgehuewen bass
5. well Canon en BG als Optioun ubidd, Nikon net (wann dat dir wichteg ass mam klengen Fanger)
6. well egal wats de keefs, dem Noper seng Kiischten emmer besser schmaachen
|
|
04.02.2010 14:18 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von GrAl
Kaf d'Canon !
1. well jo en eng Decisioun huelen muss
2. wanns de henno net eens gess, ech als nikon-user d'schold op Canon schiben kann
3. well Canon méi belleg ass an du déi gespuerten Suen beim Objektiv dropléën kanns. (wat vill méi wichteg ass wéi den Boitier)
4. Wanns de wierklech mat engem FOTOaparat filmen wëlls, du bei Canon vläit besser opgehuewen bass
5. well Canon en BG als Optioun ubidd, Nikon net (wann dat dir wichteg ass mam klengen Fanger)
6. well egal wats de keefs, dem Noper seng Kiischten emmer besser schmaachen |
merci, mei prezis kann een et net ausdrecken...
|
|
04.02.2010 17:44 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von GrAl
Kaf d'Canon !
1. well jo en eng Decisioun huelen muss
2. wanns de henno net eens gess, ech als nikon-user d'schold op Canon schiben kann
3. well Canon méi belleg ass an du déi gespuerten Suen beim Objektiv dropléën kanns. (wat vill méi wichteg ass wéi den Boitier)
4. Wanns de wierklech mat engem FOTOaparat filmen wëlls, du bei Canon vläit besser opgehuewen bass
5. well Canon en BG als Optioun ubidd, Nikon net (wann dat dir wichteg ass mam klengen Fanger)
6. well egal wats de keefs, dem Noper seng Kiischten emmer besser schmaachen |
sou äppes vu richteg !!
|
|
05.02.2010 10:31 |
|
|
Nicon07
Foren As
Dabei seit: 31.01.2006
Beiträge: 99
|
|
Lo hat ech desläscht hei een ellelaange Playdoyer fir ..... Canon geschriwwen (btw, ech sin ee 700% Nikonist!!!), dun ass deen an den "unendlichen Weiten" vum Intennetz verschwonn, resp. guer net aus méngem Compi raus gaangen. Lo, wou ech dat nacheemol wëll schreiwen, huet de gral alles, dat wat ech sot, op de Punkt bruecht. Dofir och vu ménger Säit de Rot: kaaf der d'Canon. An dann direkt een uerdentlecht Objektiv (ganz wichteg!!!)
A fir de rescht! Vill Spaass a maach gudd Fotoen. Souwisou ass den Apparat à la Limite egal, wann's du net weess, wéi's du fotograféiere solls.
|
|
05.02.2010 15:48 |
|
|
geo3eck
Grünschnabel
Dabei seit: 01.01.2010
Beiträge: 3
Themenstarter
|
|
Ech hun mer schlussendleg Canon 1000D kaaf. Firwaat?
Emol huet den Verstand sech kennen duerchsetzen. Menger Meenung no soll ech mech mol mat deem Apparat an d'Welt vun den SLR aschaffen. Erfahrung(en) sammelen an daat mat engem Knippser mat engem gënschtegen Prais-Leeschtungs-Verhältnis.
Firwaat keng 500D? Déi war mer dunn awer 200 Euro ze deier op schons se nët vill méi kann wéi 1000D (ausser filmen, an eben 15 MegaPixel).
A wann ech dann emol mengen ech hätt meng Fähegkeeten an Kamera ausgereitzt kann ech jo nach emmer ëmklammen.
Ech soën iech all nach emol en groussen Merci fir äer Hëllëf
|
|
09.02.2010 18:31 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Gudde Choix.
Ech wenschen der dann vill Spaass domadder.
|
|
10.02.2010 09:25 |
|
|
Alko unregistriert
|
|
Also ech hun och eng Eos1000 an muss soen ech sin ganz zefridden. An fannen deng iwerleungen ganz novolzeibar just mat engem punkt sin ech net daccord, 500d kann absolut mei wei eos1000. Wei ech meng kaaf haat wor fro eos 1000 oder eos450 an bai mir war et selwescht wei bai dir, dass ech mech weinst dem prais fier eos1000 entscheed haat, waat mer haut zwar leed deet. Mee ech well nachemol betounen dass eos1000 wirklesch eng super camera ass, besonnesch fier deen praiss, mee mat der zait waertste, weiste schons gesoot hues, een neien boitier kaafen wellen!
|
|
10.02.2010 09:31 |
|
|
|