n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
|
|
ech wollt mol froen, ob su eng softbox fier den externen bletz et brengt, oder ob et mumpitz as
sin vleit leit hei am forum dei sou eng hun? dei vleit enkeier kuerz berichten kennen ob et helleft?
wou keint een dei kaafn goen? (bestellen iwert inet?)
ech soen alt schon merci am vierraus
|
|
06.02.2010 12:58 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
dat brengt total vill, ech hun der 2, selwer gebastelt, e bëssen karton, pech, sëlwerpabeier an baackpabeier
KASCHT +- 5 EURO matt der method + 1 stonn zait
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 06.02.2010 13:06.
|
|
06.02.2010 13:05 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
dei variant haat ech ma och schon iwerluecht
mais eng kescht as net emmer su mobil
|
|
06.02.2010 13:12 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@xaph32 Freck eng Softbox for 5€?! Cool, mat deem Geld krut ech grad mol Moosgummi a sou kaaft fir mer en Diffuser ze bastelen.
Ech hun eng Westcott Apollo Softbox. Déi klappt zesummen wéi en Prabelli. Ech benotzen se relativ vill, wann och d'Prabellien de Virdeel hun nach méi kompakt ze sin.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.02.2010 14:14 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
|
06.02.2010 15:23 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Den n0kle huet lo nach net däitlech gesot mat wéienger Zort Blëtz e schaffe wëll. Mäi Modell geet just mat Speedlights, dem pol9000 säi just mat Studioblëtzer (souwäit ech dat um Link gesin).
__________________ www.gloda.net
|
|
06.02.2010 15:33 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
mat externe bletz war su en "Aufsteck Blitz" gemengt, also een wu een och uerwen ob der kamera kann "aschieben"
also nix mat studio bletz
|
|
06.02.2010 17:07 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
ech denken dei prabelli softbox misst zimmlech un all bletz passen also mat litetite oder sou...
misst een awer nosichen....
|
|
06.02.2010 18:44 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
bon, ech hoffen mol, dass et ok as, wann een hei e link zu engem buttek veröffentlecht
Ech haat un des hei geduert:
http://www.sambesigroup.com/product_info...ladapter-S.html
Mais leider hun ech keng ahnung, ob et vum material hier ok as, an och weieng greist een dann su breicht
mein Bletz (Pentax AF-540FGZ) huet eng Leitzuel vun 54 (wees net ob een daat wessen muss oder net
|
|
06.02.2010 19:58 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat eenzegt Bedenken wou ech bei der doten hun as dass se net immens déif as. 25cm, dat geet vläit net duer fir d'Luucht gläichméisseg bannen ze verdeelen. Duerch de Kompromiss mat dem bannschten Diffuser verléiers de vetl méi Luucht wéi ouni dat. Do misst een déi zwou Varianten nierwteneen testen.
Den Shantideva huet eng déi heescht Easybox oder sou ähnlech, funktionéiert och no dem Prinzop wéi den Link op Sambesi.
__________________ www.gloda.net
|
|
06.02.2010 20:18 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
get och nach dWestcott Apollo 28x 28, dei huet de virdeel daat dStativ genau an der Mett vun der Softbox steet, doduerch ass daat ganz mei stabil ...
|
|
07.02.2010 16:29 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
07.02.2010 17:18 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
hmm... an waat as elo besser?^^... well deen do bletzt jo ob dReckseit, an dei wu ech bis elo gesinn hun, hun einfach nofier gebletzt :/
|
|
07.02.2010 19:20 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Ech denken das schweier soen,
mee wei de gloda scho gesoot huet ass eng deif Softbox emmer besser vir eng glaichmässeg ausliichtung,
an dann hues de dWiel:
eng normal Softbox, dofir brauchs de dann eben sou een Flash2Softbox adapter (Gewiicht?)
eng Softbox vir Speedlight (Westcott Apollo, oder dei vun Lastolite) (Wou bai de vun Westkott zwar een Prabellishalter brauch, mee bestemmt och op engem mei klengem Stativ besser steet)
sou een Softbox Prabelli (vlaischt manner glaichmeesseg mee dofir Ronn...)
hengt bessen dervun of waat wichteg ass, Prais, Luuchtqualiteit, Gewiicht...
|
|
07.02.2010 20:08 |
|
|
|
Ech perséinlech hunn op mengem Canon Speedlite 580EX II eng Softbox (richteg
Softbox) déi een kann einfach montéieren mat Ritsch-Ratsch an et muss een net eng
Extramontur hunn. Einfach drop man an lass geet et, sinn ganz zefridde domadder.
Zemools well een den Blëtz um Apparat kann drun loossen.
|
|
07.02.2010 21:01 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Wat de pol9000 seet as richteg, beim Apollo as kee Stänner dobäi. D'Versioun op déi ech gelinkt hun huet en Prabelliadapter mat dobäi. Mee do krut ech fir d'Frecken de Blëtz net dran, entweder ech war ze blöd oder den Schung war ze enk verschafft. Ech benotzen se elo mat enger Manfrotto Lite-Tite (026) + Stroboframe Coldshoe an engem Manfrotto 005B Nano Stänner.
Dem Ron-Fotodesign séng Approche huet de Virdeel méi mobil ze sin, den Nodeel as dass de net déi selwecht Surface kriss, d.h. fir den selwechten Effekt muss de vill méi no erun. A wanns de den Blëtz vum Fotoapparat erof wëlls hun brauchs de nawell iergend eng Manéier fir en ze stellen.
__________________ www.gloda.net
|
|
07.02.2010 21:44 |
|
|
n0kle
Foren As
Dabei seit: 25.09.2008
Beiträge: 83
Themenstarter
|
|
also, et war amfong idee de bletz um Stativ ze hunn, fier vleit Luut auszegleichen. Daat ganzt sollt elo net ze deier gin (haat do un su 50-70€ geduert :S ).
Natierlech sollt et elo och rem nix sin, waat schons am katalogue rabelt
.
Ech hun hei na ee Stativ stoen, wu de Kapp bessen mies as (beshtet aus Plastik an as gerass -.- ) ,ass eent vun Giottos.
|
|
08.02.2010 07:00 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Dein Budget wärt et zwar sprengen, trotzdem schreiwen ech elo mol meng Iwwerleung hei hinner wei ech an dengem Fall war.
Ech wollt och een Bletz mat Softbox hun an hun dann och an Richtung gesicht fir eng Softbox ob den "Obsteckblitz" ze maachen. Eng richteg gudd Solutioun hun ech do net fond, schon guer net mat deem selwegten Gedanken weis du fir max. 100€ auszegin.
Ausserdem kanns te mat enger Softbox resp engem Bletz maximal eng Persoun photographeieren wann den Bletz lenks an een Reflektor rieds steet. Bei Familienportraien leeft naischt ouni 2ten Bletz.
Also muß een 2ten Bletz hier, SB 900 + 2 Stativer + 2 "Universal"-Softboxen etc etc.
Ech krut dun geroden eng Elinchrom Bletzanlaag ze kaafen fir 690€ (http://www.profotshop.de/STUDIOBLITZ-SET...o-Set-,art-2136), daat am Endeffekt mei Belleg gin ass wei daat anert, dei mei Power huet an um Elektreschen Hängt an dofir nie Problemer mat eidelen Akku'en huet. Ausserdem paßt alles perfekt obeneen an et ass eng vollwertesch Solutioun, sprech et ass eppes wou een zefridden ass an net esou eppes wou een elo dei "belleg" Solutioun käft an an 12 Meint eh Bletzanlaag well een net zefridden mat deem anerne get. Voilà , esou hun ech et gemaat an sin domadder richteg zefridden......
Wann daat dann elo awer ze deier get kanns te der ob Amazon eng Idee maachen waat et esou alles get fir dein Budget(http://www.amazon.de/s/ref=nb_sb_noss?__...miquest&x=0&y=0)
Hei kennen ech e puer Leit dei ganz zefridden mam Lumiquest System sin...
Uiuiui, vill geschriwwen, wann daat alt emol een liest....
__________________ Laurent
|
|
08.02.2010 09:07 |
|
|
|
Den Laurent76 huet Recht, et ass wirklech besser mat enger Bletzanlaag zeschaffen,
dohuet een wirklech den firdeel nee eidelen Akku ze hunn, an et schafft sech och besser
domadder. Wann s du elo puer der klenger Bletzer käffs geet dat och rem deier.
Mais wann elo den Budget nëmmen max. 70Euro ass, ass et problematesch fir een
Bletzanlaag zekafen. Ech hunn do eppes font, well unsech zwar keng Reklam man mais
stellen trotzdem den Link mol heihinner, (Biller kennen besser beschreiwen wei Wierder):
http://www.possible.lu/possibleshop/inde...products_id=164
Dat wier jo dann sou eppes wat du sichs, wann s du sees du häss schon een Stativ,
an du wëlls och haaptsächlech dann sou schaffen? Du häss dann natirlech een Virdeel
den Bletz wier net emmer do do wous du och bass, keins een verreckelen.
Oder wei gesot direkt eng Richteg Anlaag mat pur Bletzkäpp.
|
|
08.02.2010 10:49 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
@Laurent, verstin dei rechnung net ganz
Wanns de kee Problem hues manuel ze schaffen (Was de mat de Bletzanlag jo sws muss) da brauchs de och keen SB900 mee kanns belleg gebrauchten bletzer kafen (SB 24,25,26,2
dei kriss de wait enner 100 euro.
an et ass wuel och een groussen Ennerscheed am Gewicht, plus das de net iwwerall eng Steckdous hues....
|
|
08.02.2010 11:00 |
|
|
|