lululand
Grünschnabel
Dabei seit: 03.03.2009
Beiträge: 4
|
|
Bonjour alleguerten,
Ech sen en besetzer vun enger Nikon D300, wat secherlech keen schlechten apparat huet. Hun awer gemierkt dass wann ech Photoen bei Concert oder bei Indoor Tennis machen, also wou "vitesse" dran muss sen, an duerfir den ISO erop setzen muss (iwert 800), den vill "bruitage" dran ass.
Elo stellen ech mer fro op den D700 vun Nikon net besser wär. An qualitatif och en guden schratt besser ass.
Wees een mir hei root ze gin, op daat Invest sech geif lounen an qualiteit vill besser ass.
Merci
|
|
27.04.2010 21:27 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Also ech hat lo 4 Joer laang eng D70s, hun ech och emmer nach, ma sen lo seit enger halwer Woch stolzen Besëtzer vun enger D700.
Et ass een herrlechen Apparat, einfach beandrockend, virun allem weinst dem Vollformat.
Ech hat mech och missen zwescht enger D300s an enger D700 entscheeden missen, hun mech awer schlussendlech fier dei mei deier D700 entscheed, well ech mer gesot hun, eng Kéier eppes an den Vollformat Boitier ze investeiren, an plaatz lo en DX-Boitier ze kaafen an dann an puer Joer op FX ze wiesslen. Hu mer och direkt en 24-70mm 2,8 kaaft, ass natierlech och en super Objektiv.
D'ass natierlech lo d'Froo, huss de Vollformat-Objektiver, wei z.b. den 70-200mm oder sou, well fier d'D700 wirren sou natierlech empfehlenswert. Wanns de lo nach nei Objektiver muss kaafen, gëtt den Changement zur D700 natierlech eng deier, virun allem well d'D300 nach net su aal ass.
ISO ass d'D700 natierlech besser, brauchs der awer lo keen Quantensprong do ze erwaarden. Bei ISO 6400 sen d'Fotoen nach zimlech gudd awer d'Rauschen ass bei 100% vergreisserung schons siichtbar.
Fier mech war et en Meilenschrett, vun der D70s ob d'D700, mee fier een D300-User ob d'D700, do ass d'Fro natierlech ob et sech lount. Ech kann der dat net richteg soen, ma wanns de awer Volformat wells, gudden ISO an en genialen Boitier, dann kaaf der d'D700, du wärs et net bereihen, den apparat ass eben typesch Nikon, du leiss en net mei aus der Hand. ;-)
Wat huss de dann fier Objektiver fier deng D300, en matt VR an grousser opener Blend? Wann net giff ech der flait rooden an een liichtstaarkt Objektiv ze investeiren…
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
27.04.2010 23:33 |
|
|
lululand
Grünschnabel
Dabei seit: 03.03.2009
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Bonjour
Ma soen der villmools Merci fir dein perseinlechen Avis.
Also ech war schons an Geschäft froen, weinst den zoomen.
Hun am moment en Sigma 70-200 EX 2.8, deen passt op den D700
Hun awer och en 18-50 mm EX 2.8 vun Sigma, an deen geif net drop passen.
Bon den 70-200 op dem D300 ass weinst dem Factor 1.5 en 300mm...
Ass awer keen mat VR.
Natiirlech den 24-70 2.8 vun Nikon ass net geschenkt. 1600 euros mengen ech.
|
|
28.04.2010 00:11 |
|
|
ApplEric
Routinier
Dabei seit: 14.04.2006
Beiträge: 336
Herkunft: Esch-Sauer
|
|
Jo, ass deier, ass awer och den beschten Standardzoom deens de am Moment fier nikon kanns fannen. Sen begeeschtert, hat en och am Kit an matt der Réductioun Nikon 60 Jours fier 1200 kritt. Ob Amazon kascht et allerdings 1700 €uro.
Hu mer geduercht, lo kanns de spueren, investier mol an eppes eierbares wei emmer Suen fier mannerwerteges auszegin.
Mee fier ob deng Froo zreckzekommen: d'D700 ass schons immens, ISO 6400 hat ech gudd Resultater, d'Autowhitebalence funktioniert natierlech net mei sou gudd enner schlechten liichtsituatiounen, ma dat ass awer menger Meenung no normal, gett allt emmer bei dpreview als Minus-Punkt ugin.
Mee mengen d'D300 hat deemols jo och well gudden ISO bis 3200…
Kanns se jo mol mat Referenzbiller bei DPreview vergleichen:
http://www.dpreview.com/reviews/NikonD700/page30.asp
Dat hëlleft der flait weider.
Mee mengen kanns och nach bessen waarden, d'D3s ass jo lo ancheemol vill besser am ISO wei d'D700, wann et do dropp ukent. Wat d'D3s kann ass jo well mei wei nemmen bei schweiren liichtsituatiounen ze knippsen, ma souguer an der Daischtert well passabel Biller ze kreien.
Flait kennt jo eng Keier eng D800 mam Sensor vun der D3s. ;-)
__________________
You don't need eyes to see,
you need visions
Faithless
|
|
28.04.2010 00:43 |
|
|
m-otiv
Doppel-As
Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130
|
|
Ech war och baal am selwechten fall (D300s an wollt op vollformat)...mä den upgrade vun D300s op D700 just fir den vollformat ze hun, géif sech elo net louhnen...Waat hun Ech gemaach: einfach an e puer liichtstaark objektiver investéiert (am FX format, also opruesten fir d'zukunft, trotz x1,5) an waarden nach 1 joer fir dann eng D3s vir de praiss vun enger D700 ze kréien oder iergend een neit model am vollformat.
|
|
28.04.2010 12:47 |
|
|
pfoto unregistriert
|
|
Also ech perséinlech sin och um iwwerléen vun der D300( trotzdem eng super DSLR), op d' D700 emzeklammen, schon leng wanns de vill ISO brauchs.
Mäis ech géif soen dass se dëst Joer nach en Nofolger vun der D700 kënnt, déi se virun der PHOTOKINA erausbrengen waerten !
|
|
28.04.2010 13:32 |
|
|
lululand
Grünschnabel
Dabei seit: 03.03.2009
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Bonjour,
Ma ech soen villmools Merci fir all dei Meenungen.
Se scheinen jo an dei selwecht richtung ze goen.
Idee emol ze warden dass eng nei D700 erauskent ass secherlech keng schlecht idee, an daat kann jo net ze laang daueren. Et ass effektif en deiert invest fir nemmen am ISO ze gewannen, ok och vollformat.
Denken dass objektif vun sigma 2.8 70-200mm net schlecht ass an domader super photoen kann machen.
Schaffen dann nach bessen mat deem weiter, an duerno eng D3s oder dei nei D700 kaafen.
Et ass kloer dass ech oprüsten well weinst dem ISO. Mein Ziel ass et nach besser photoen vun engem Concert ze machen, gerad wei Indoor Tennis....
Mol kuken waat NIkon erausbrengt. :-)
|
|
28.04.2010 21:34 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Aplaatz eng D3s ze kaafen geif ech eichter eng D700 an GUDD lensen kaafen. Dovun hues de mengen ech een gudd steck mei!
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
28.04.2010 22:10 |
|
|
lululand
Grünschnabel
Dabei seit: 03.03.2009
Beiträge: 4
Themenstarter
|
|
Freet mech esouvill komentarer ze kreien, dei mer alleguerten weiter hellefen.
Ech denken mettlerweil och driwer nach meng D300 haalen an waarden bis eng nei D700 (D800) erauskent. Vielleicht ass daat jo geschwen.
Prässlesch wert se dann secherlech op enger D700 sen. Daat wär jo dann ideal, wann ech jidereen gut verstin.
Falls ech dann nach Geld well ausgin, dann geet Geld an gut objektiver...
|
|
29.04.2010 21:50 |
|
|
djmoses
Grünschnabel
Dabei seit: 20.01.2010
Beiträge: 2
|
|
Gudde moien alleguer. D,thema ass interessant nett nemmen weil ech virun engem joer an dem selweschten fall war. Weil ech nach emmer, och analog, mat 2 boitieen geschafft hun, ass bei mir d,resultat: eng 300s an eng 700.Fir wat 300s: ech hat dei meescht objektiver a wollt net alles nei kaafen fir de Vollformat. Fir wat 700: weinst den ISO, Vollformat (ausschnetter bei de biller), outdoor .....
An der zweschenzeit machen ech vill fotoen op spektakelen (concert, theater.....)also mat heigen ISO-werter. Fazit: Bei der 300 ass bal emmer bei 1600Asa schluss fir nach e gudd bild ze kreien, bei der 700 ginn ech selten iwwert 2500 (bei S+W kann een bei den 2 app. mei heich goen). Bei all denen werter hun ech nach bei den objektiver d,blend ganz op (2.8/24-70 Nikon, 2.8/70-200 SIGMA, hun mir de SIGMA kaaft weil qualitativ genau esou gudd wei NIKON kascht awer nemmen 1/2, 4-5.6/80-400 NIKON, 2/180 NIKON.Weil ech bei dem genre vu Fotoen och mamm 700 bal op der grenz sin waarden ech op en neien model am VF deen vill vun der 3s iwwer hoelt awer net iwwert 3000€ kascht. An denger platz geif ech och waarden, an eventuell ufänken an VX objektiver investeieren.
|
|
03.05.2010 09:59 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Enn September ass Photokina, du leefs also Gefor daß wanns te dir elo een Neien käffs daß te schon am September een aalen Model hues.
Gerüchter daß D700 durch eng D800, also een ganz neien Model ersaat get (net esou wei D300 dei e bessen verännert eng D300s gin ass, mee den Sensor ass gleich), an esou och mei performant an Saachen ISO etc wärt sin.
Sollt se do erauskommen kanns te der a) een fonkel neien Boitier kaafen oder b) D700 vill mei belleg kreien.
An Gerüchter vun enger D400 dreien och schon am Internet ronderem...
__________________ Laurent
|
|
03.05.2010 13:55 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
jo bon gerüchter, verlooss dech net drop den secherheetsprozentsaatz leit nach bei 50% laut NR, waat suvill heescht et gett et oder net, sprech et huet keen eng ahnung, se schreiwen do emmer vill dran vun wegen d400 asw. di gerüchter gin ereicht intressant wann patenter optauchen an net wann iegenten hennes sech rem an sengem Online store vertippt huet an d900 aplaatz d90 oder sou geschriwwen huet!
Fest steet dass d700 an nexter zait secher wiirt iwwerholl gin, weini, an waat kennt wees keen! An dann nach wann een sech elo no enger d700 sehnt wiirt en och an 6 meint nach zefridden domat sin, well mi schlecht gett se doduerch net, an vill aenneren kenne se drun och net wiirklech, well se unsech schon eng super cam ass, an suwait alles huet waat een als amateur "nach" brauch
et muss net emmer daat neitst sin sulaang d'qualitéit stemmt
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
03.05.2010 15:37 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Den Sensor wärt mat secherheet besser sin wei deen aktuellen.
An esou jonk ass D700 och net mei. D700 ass excellent, mee dei nei wärt se iwwerttreffen.
D400 ass mat secherheet Spekulatioun, mee den Nofolger vun der D700 wärt geschwenn kommen.
__________________ Laurent
|
|
03.05.2010 16:36 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Photokina ass am September, an daat ass an 4 Meint. an all Firma waart mat hieren Neivierstellungen bis dohinner resp. krit een do dei eischt Modelen ze kaafen. Well se nemmen all 2 Joer ass geif ech elo mam Kaaf definitif ofwaarden waat do alles kennt.
Mee wei emmer huet en Gaga net onrecht.
__________________ Laurent
|
|
04.05.2010 00:32 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
Zitat: |
Original von djmoses
Bei all denen werter hun ech nach bei den objektiver d,blend ganz op (2.8/24-70 Nikon, 2.8/70-200 SIGMA, hun mir de SIGMA kaaft weil qualitativ genau esou gudd wei NIKON kascht awer nemmen 1/2 |
Also ech hun och den Sigma 70-200 an sin och am Prinzip zefridden domatter, mee ze behaapten dass deen grad sou gudd ass wi den Nikon ass schons zimmlech gewoot.
3 Saachen hun ech dozou ze soen, well ech och schons mam Nikon 70-200 geschafft hun an deen ganz uewen op der Kleeschenslescht steet :-).
1.Den Sigma 70-200 huet keen VR oder OS wéi een daat seet (dach deen neien deen virgestallt gin ass, mee deen ass och 1900 EUR UVP, also grad sou deier wi den Nikon). An VR bei 2.8 an ongenschtegen Verhältnisser ass schons en Virdeel zumools bei 200mm.
2. Baal all Sigma Objektiver hun en Fehlfocus bei opener Blende bei Minimal Distanz, an daat ass en zimmlech verbreetenen Problem (e bessen googelen), well ech hun bei mir a bei Kollegen ausprobéiert an daat ass op all Lens firkomm (6 vu 6 Objektiven). Meeschtens kanns de deen Fehlfocus korrigéieren mam Fotoapparat, awer bei Nikonlensen haat ech nach keen een Fehlfocus festgestallt.
3.Veraarbechtung vun enger Nikkor Lens ass awer nach eppes aanescht wi eng Sigma EX.
Dovun oofgesinn hun ech mech fir D700 entscheed, well zur Zäit vun der Aféierung vun der D300s den Ennerscheed minimal war (+200 EUR), an ech en aanert deiert Hobby opgin hun fir mer 2 nei Lensen ze kaafen an ze ersetzen.
Ech gi meng D700 op alle Fall net mi su schnell weg.
|
|
04.05.2010 10:00 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
D'D700 as e gudden Apparat. Secher kennen do nach Detailer verbessert gin, mee ech froe mech éierlech gesot wat dat nach weider brénge soll.
Wann s du elo gudd Photo maache wells da kaf der D700 spéidestens muer. Secher, du kanns bis no der Photokina waarden. Mee gleef nët, dass wann do e neie Modell sollt erauskommen ,dass du deen dann och direkt Enn September ze kafe kriss. Wann iwwerhaapt, da fréistens am Dezember.
Dat wieren dann nach 7 Méint, wou s de vill gudd Momenter verpasse wärts. An och wa mer bis Dezember sin, nët vergiessen, dass dann de Präis vum Nofolger wäit iwwert deem vun der D700 leie wärt. Du misst dann bis Mëtt 2011 warden, bis d'Präisser op e normale Niveau erofkommen.
Ech si nach emmer der Meenung dass de beschte Moment eng D700 ze kafen Januar 2009 war, wéi d'Pond an den Euro 1 zu 1 gehandelt gi sin. Do konnt een an England eng D700 fier enner 1600 Euro ergattern ... . Mee gudd, dat as leider ze spéit.
|
|
04.05.2010 18:35 |
|
|
|