SteveK
Jungspund
Dabei seit: 08.06.2010
Beiträge: 14
|
|
Endfesselt Bletzen mat 2 Bletzer "Waat brauch ech dofir genau" |
|
Salut,
Wollt mol hei froen waat ech genau brauch a wat dir mir geingt empfehlen fir endfesselt se bletzen.
Fotografeieren mat enger Eos 1000D
a hunn 2 Bletzer dei ej ausleisen well lossen.
Bletz 1: Speedlite 430EXII
Bletz 2: Metz mecaBlitz 40MZ-3
zur Distanz denken ej solten Min. 5 meter sin
hun diverses gelies sin mir awer lo net secher waat ej genau brauch fir mat deser Technique fotoen se machen.
wann dir mir weider weilt helfen wir ej iech dankbar.
villmols merci am vierraus
|
|
21.07.2010 00:56 |
|
|
SteveK
Jungspund
Dabei seit: 08.06.2010
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
Villmools merci
Dh brauch e brauch 1x sender a fir all bletz emmer en empfänger also 2steck.
ma dass daat waat ech wessen wolt hun mech fir des hei endscheed
http://www.amazon.de/Kanal-Funkblitzausl...79693781&sr=8-1
a nach deselwechten empfänger only
villmols merci sin mol gespannt op daat alles funktioneiert wei ej mir et vierstellen
|
|
21.07.2010 08:33 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hoffen du hues dat do nach net kaaft, well et ass nëmmen fir Sony an Minolta Fotoapparater.
__________________ www.gloda.net
|
|
21.07.2010 08:49 |
|
|
SteveK
Jungspund
Dabei seit: 08.06.2010
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
Ne hunn schon deen fir canon aperater gehol
hun daat zwar och reicht kuerz virum kaaf gemierkt awer zum gleck gesin ^^
merci awer fir info
|
|
21.07.2010 09:07 |
|
|
ppit
Mitglied
Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 31
|
|
Salut,
sou eppes giff mech och nawell interesséieren.
Wat ass da genee den Ënnerscheet zu der Original Canon Variant?
Ech huelen un, hei muss een all Blëtz eenzel um Blëtzgerät selwer astellen an de Canon kann dat iwwert d'Camera a beherrscht och TTL!?
Wanns de Loscht hues kanns de jo vläit kuerz déng Erfahrungen erzielen.
|
|
21.07.2010 17:57 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech probéieren mol kuerz a knapp déi Méiglechkeeten ze erklären, ech mengen déi Fro kënnt relativ oft op. Denen wou wierklech um Thema interesséiert sinn, kann ech nëmmen roden den Site strobist.com ze besichen, wéi den Dan-D80 schon gesot huet.
Fir Blëtzer "entfesselt" auszeléisen gëtt et eng sëlleche Méiglechkeeten.
1. PC Kabel. Den Standard Kabel fir en kompakten Blëtz auszeléisen ass (leider) den PC Kabel. Fir Studiosanlagen ass et meeschtens méi en décken Kabel, wéi den 1/8" Jack. Wat déi zwee Kabel gemeinsam hunn, ass dass se just d'Signal "elo!" un den Blëtz schécken. Soss kritt den Blëtz guer näischt gesot. Wéi staark en blëtzen soll, z.B., muss een dee Moment um Blëtz selwer astellen.
2. ETTL Kabel. Dës Kabelen sinn méi deier wéi d'PC Kabelen, mä si hunn den Virdeel, dass si all d'Informatiounen vun dem Fotoapparat un den Blëtz weiderginn, déi den Blëtz géif kréien wann en um Apparat drop (am sougenannten Hotshoe) sëtzen géif. Z.B. wieren dat d'Moossungen vun der Beliichtung, oder déi aktuell Brennwäit vum Objektiv, oder d'Beliichtungszäit. Dat ETTL Gespréich tëschent Blëtz an Fotoapparat geet esou wäit ech weess awer och just wann déi zwee vun der selwechter Mark sinn, oder den Blëtz vun enger Drëttfirma speziell fir deen Fotoapparat entwéckelt gouf.
3. Visuell Kommunikatioun
3a. Agebauten Master-Blëtzer. Verschidden DSLR Modeller hunn een agebauten "Pop-up" Blëtz deen kann Signaler un kompatibel Blëtzer schécken. Stellt iech dat vir ewéi en Morse Code, mä amplaz dass Téin geschéckt ginn, ginn kuerz Blëtzimpulser geschéckt just virum Haaptblëtz. Dat geet esou séier dass dat mënschlecht Aaen dat net matkritt.
3b. Déi Fotoapparater déi keen agebauten Master hunn, kënnen en externen Blëtz mat Masterfunktioun op den Hotshoe setzen, fir dass deen d'Signal fortschéckt un d'Slaves (esou nennt een déi "entfesselt" Blëtzer déi d'Signal zougeschéckt kréien). Alt nees mussen d'Blëtzer dofir ënnerteneen Kompatibel sinn.
3c. Infrarout Ausléiser. Dës erfëllen an dësem Kontext déi selwecht Funktioun ewéi extern Blëtzer déi een als Master gebraucht. Während déi extern Blëtzer, anescht wéi et oft fälschlecherweis gesot gëtt, mat normaler Luucht fueren, benotzen dës Apparater infrarout Luucht. Dat klappt op en neits nëmmen mat kompatibelen Blëtzer.
4. Optesch Slaves. Dëst sinn kleng Sensoren déi "kucken". Wann se en Blëtz gesinn, egal vun wou, soen se dem Blëtzgerät un dat se ugeschloss sinn, "elo!". D'Nodeeler sinn awer staark: dës Sensoren sinn net ëmmer zouverlässeg; zousätzlech kann jiddereen deen e Blëtz huet domat den Sensor ausléisen, also net nëmmen den Fotograf deen u sech d'Blëtzgerät fir sech selwer benotzen muss; an se ginn oft net wann den Fotoapparat "vir-blëtzt" fir ETTL Miessungen ze maachen. Verschidden Blëtzgeräter, wéi zB d'Nikon SB-800 an SB-900 Blëtzer hunn esou een Sensor schon agebaut.
5. Funk Ausléiser. An der einfacher Variant "lauschteren" dës Funkgeräter op d'Blëtzsignal vum Fotoapparat, verwandelen et dann an en Funksignal, an um aneren Enn ass dann en Empfänger deen dat Signal nees an en Blëtzsignal zréckwandelt. Den Virdeel ass hei dass een net méi, wéi bei den visuellen "Morse" Coden, wéi ech se genannt hunn, oder wéi beim opteschen Slave, op d'Sichtlinn limitéiert ass. Déi aner Systemer funktionéieren jo just wann den Blëtz deen "entfesselt" gouf dat Signal och "gesäit"! Funk dogéint geet och ëm Ecken, an an der Regel méi wäit. Do gëtt et elo verschidden Niveauen. Déi bëlleg sinn ok, an an den leschten 5 Joer sinn se mengen ech och méi zouverlässeg ginn. Meeschtens fënnt een se op eBay. An der Liga driwwer sin d'PocketWizards, d'Skyports, an aner ähnlech Systemer vun etabléierten Marken, déi sech duerch Qualitéit éischter wéi duerch den niddregen Präis en Numm gemaach hunn. Den Prinzip bleift den selwechten, mä dës Ausléiser sinn an der Regel méi zouverlässeg an kënnen op méi grouss Distanzen gebraucht ginn.
6. Schlussendlech gëtt et nach Apparater déi nieft dem Blëtzsignal och nach ETTL Informatiounen an soss Donnéeën un den Blëtz schécken. Dat wieren z.B. d'PocketWizard Flex Sérië (dat sinn déi wou ech hunn), oder d'RadioPoppers.
Bon mat kuerz a knapp dat war wuel näischt...
__________________ www.gloda.net
|
|
21.07.2010 19:03 |
|
|
MB-Photos
Jungspund
Dabei seit: 12.04.2008
Beiträge: 11
|
|
|
21.07.2010 20:14 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
schéin erklaert,
just 2 kleng saachen zu den einfachen Systemer dei just ausléisen a keng "automatik" iwwerdroen:
- dofir bedarf et kengem speziellen Signal, dei Ausléiser egal ob Kabel, optesch oder funk schleissen einfach just de Mettenkontakt (ennen an der mett vum bletzschong) op dMasse kuerz (dei ass saitlech um bletzschong).
- WICHTEG: Mei aal bletzer (ech schätzen mol ab 20 joer) hun net onbedengt electroneschen Schalter. Daat heescht dei heisch Spannung dei dBiir am Bletz brauch, ass dann och ennen um Bletzschong. Daat ka baim ausleisen deen ugeschlossenen Apparat (Pocketwizard/Kamera) zersteieren!! Dofir bai aalen Bletzer rechercheieren oder nomoossen ob si eng vir modern Apparater zoulässeg Ausléisspannung/ Ausléissstroum hun (ca 5V)
|
|
22.07.2010 17:57 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
|
22.07.2010 18:18 |
|
|
SteveK
Jungspund
Dabei seit: 08.06.2010
Beiträge: 14
Themenstarter
|
|
top dei erklärung lo seen all meng froen beentwert villmols merci fir deng mei
wärt meng erfahrung mat entfesselt bletzen dranschreiwen souball ej meng funkbletzausleiser hun
|
|
26.07.2010 13:16 |
|
|
|