gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech mengen dat ass d'Noise Reduction. No all Foto déi méi wéi eng gewëssen Zäit beliicht gouf, mécht den Fotoapparat nach eemol eng "Foto" just vum Sensor. D'Muster wat dobäi erauskënnt weist d'Hotspots an d'Rauschen, an dat gëtt dann vum Bild eraus gerechent. Dat ganzt nennt een Dark Frame Substraction.
Wann s de mat der Waardezäit liewe kanns, looss et ageschalt. Wann net, fënns de an den Custom Settings eppes ewéi 'Long Exposure Noise Reduction.' Schalt dat aus.
__________________ www.gloda.net
|
|
10.10.2010 15:25 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
jop, as sou wei den gloda beschreift - eng entscheedung zwescht gedold-hun an qualiteit-wellen
ech hun zu mengen 400D Zaiten emmer fir dQualiteit gestemmt, dNaiverrechenen fun der Foto brengt genuch fir dass et dZait wärt as....
eenzech Plaatz wou daat schon nerft as wann een seier well Laangzaitopnahmen hannerteneen maachen, waat mir allerdings net sou oft vierkomm as (wei dWuert LAANGzait schon seet, sen se nik wierklen AMSTRESS ze gebrauchen) ;p
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
11.10.2010 00:50 |
|
|
|