Nagarjuna unregistriert
|
|
Et hänkt emmer dovun of wat et fir een Betrib ass an wat hinen deng Foto wäert ass. Ech hunn et emmer sou gemeet dass ech dobäi mat mengem Numm an Websäit referenzéiert ginn sinn. Op eng Manéier ass et jo eng gutt Reklamm fir deng Aarbecht an déi Foto ass jo awer och excellent.
Ech maachen et mol emmer sou. Ufroen fir eng Foto op enger Websäit ze weisen maachen ech gratis mat vermierk op den Auteur. Si kréien dann jo och just eng 800px Kopie déi net geegnet ass fir den Drock. Dat bréngt mir dann automatesch Visiteuren op meng Websäit, déi iwwert meng Websäit oder op mengen Ausstellungen dann och Biller kafen.
Ech hunn virun kuerzem nach enger Firma aus Lëtzebuerg een Bild geschenkt wou een Schantjen vun hinen drop ass. D'Reklamm bréngt mir do méi wéi dat bëssi Geld wat ech dofir kann froen. Méi wéi 50.- Euro gierf ech als Amateur Fotograf net froen, soss besteet eng grouss Chance dass si se net huelen, an dann hues du mol keng Publicitéit fir dech. Do gëtt et ze vill bëlleg Auswahl an den Stock Photography Siten.
EDIT: Wann si awer eng héichopléisend Kopie wëllen, dann gierf ech och méi Geld froen, well se dann jo och fir den Drock benotzt kann ginn.
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nagarjuna am 01.11.2010 10:42.
|
|
01.11.2010 10:16 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
kleng Zwëschefro:
daat as dach bestëmmt e bekannten Gebei do,
net dat dei Firma, dei dir d'Foto ofkéeft an se, am Fall, wou se weini, wei dachs/grouss/Weltweit asw.....publizeiert gët, Problemer mat "das Recht am eigenen Bild" (gëlt och fir Haiser !! krit
|
|
01.11.2010 11:03 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Gutt gesinn arwa! Deng Iwwerleeung ass wierklech interessant an ganz wichteg. Awer op dëser Foto ass jo den Sujet net d'Philharmonie selwer. Ech denken et ass jo éischter d'Persoun déi net ze erkennen ass. Ech hunn dat nogesicht an dës Informatioun dozou fonnt:
"
si le monument est encore protégé par le droit d’auteur, la représentation de l’œuvre située dans un lieu public n’est pas illicite lorsqu’elle est accessoire au sujet principal traité (concrètement, il faudrait que le sujet principal de la photo soit un élève ou la classe, et le sujet accessoire le monument en arrière-plan, à condition que l’élève concerné ou la classe ait donné son autorisation pour la mise sur le site de leur image, qui constitue une donnée personnelle protégée)
"
Merci, sou léiert een all Dag bäi.
|
|
01.11.2010 11:33 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
Themenstarter
|
|
@Nagarjuna an arwa:
Ech soën Iech zwee Merci fir är kompetent Äntwerten zu menger Fro.
De Sujet ass hei effektiv jo nët d'Philharmonie - allerdéngs gëtt dem arwa seng Remarque mir ze dénken; et gi vläicht anerer déi d'Philharmonie hei trotzdem als Sujet gesinn...an domat wiere mir jo dann ganz kloër am Problemfall vun de Rechter un der Publicatioun vum Gebei.
Zu dem Thema stellen ech mer dann d'Fro, wéi ee kann op den Stockphotography Säiten Fotoen vun eiser Philharmonie fannen - duerfen déi dann iwerhaapt do verkaaft gin , oder ass daat illegal ?
|
|
01.11.2010 17:10 |
|
|
galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
Themenstarter
|
|
Elo haat ech mech schlecht ausgedréckt - ech haat eben just déi Fotoen do och fonnt op iStock, etc... an hu mech gefroot op daat dann elo illegal ass ?
Waat meng Foto uegeet, ass effektiv nët vill "Philharmonie" drop....
Merci !
|
|
01.11.2010 18:50 |
|
|
|