byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
|
|
Salut alleguer,
Ech hon mer den SB 900 kaaft an war lo gefrot gin fir en Owend eng Generalprouf vun enger Theaterequipe ze fotographeieren.
Ech hon dobai 4 Pack Batterien verbraucht an den Bletz ass emmer rem warem gin an huet ausgeschallt an ungewiesen dat en iwerhetzt wir!!!!
Ech war +/- 3 Stonnen umgang Fotoen ze man an hat eng 600 Fotoen gemat!!
Ass dat normal dat den sou seier iwerhetzt an ech och sou vill Batterien verbrauch????
Merci fir Aer Hellef
By FotoFous
|
|
07.11.2010 13:50 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
also mein SB600 as och ganz komesch waat Batterien ubelaangt, allerdengs fannen ech dat en et besser verdreit wanns de 600 Fotoen an engem Daag mechs (as awer och absoluten max.) wei wanns de 5x120 Fotoen iwert een Mount mechs, dann as en heiernsdo schon eidel bei 200 Fotoen !
sin komesch apparater !
TTL ageschalt ?
|
|
07.11.2010 14:17 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Beim Theater sinn dach schon Scheinwerfer? Mam Blëtz méchs de wahrscheinlech just d'Ambiance vun den Theaterluuchte futti.
Wéi séier däin Blëtz waarm gëtt an wéi séier d'Batterien eidel ginn hänkt dovun of wéivill däi Blëtz schaffe muss. Wann s de déng Blend ganz zou méchs an den ISO niddreg léiss (wéi dat zB. am Auto Modus de Fall kéint sinn) muss de Blëtz vill Luucht ofginn. Bei ISO 200 muss de Blëtz zB just nach hallef esou vill schaffen wéi bei ISO 100 (wann di aner Astellungen d'selwecht bleiwen), déng Batterien halen duebel esou laang an den Blëtz ass duebel esou séier nees prett fir déi nächst Foto.
Mat Wegwerf Batterien kanns de et direkt vergiessen, déi halen net lang. Kaf der opluedbar Batterien mat mindestens 2000mAh. Dat gëtt dech vill méi bëlleg an schount d'Ëmwelt. Ech hunn 40 opluedbar AA Batterien (mä ech sinn och en Extremfall).
Wat dem Gaga kéint geschitt sinn ass dass hien och opluedbar Batterien hat. Wann een déi ee Mount laang leien léisst, souguer wann se net an engem Apparat sinn, verléieren se hir Charge! D'Ausnahm sinn do Batterien vun zB. Eneloop. Déi sinn e bësse méi deier mä verléieren hir Charge net.
Am Resumé, wann den Blëtz sech bei Fotoen vun enger Theaterprouf ausschalt well en ze waarm ass, ass en entweder futti, oder, wat méi wahrscheinlech ass, du dees en zevill schaffen.
__________________ www.gloda.net
|
|
07.11.2010 14:34 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
nee, ech hun wegwerfbatterien (schumm) mais ech vermeiden et markenbatterien ze huelen, well dei anscheinend net besser sin ewei zb delaize batterien oder änlecher !!!
mais ech wert och geschwenn op rechargeable emsteigen, soss get den bletz (nach mei) deier !
|
|
07.11.2010 17:04 |
|
|
Jeje
Mitglied
Dabei seit: 24.03.2009
Beiträge: 27
|
|
Ech hun och en Sb900 an dei enzeg Keieren wou en iwerhetzt ass wann ech den Diffusor drop hunn.....dann kann ech keng 30 Fotoen schnell hannert en een machen dann tut e schon well et em ze warm ass.....
mee soss amgong nach net .....
Waat d Batterien betrefft hunn ech Akkuen( dei sinn no 4-5x benotzen souwieou bezuelt)......leider hun ech do och schon enmol schlecht erfahrung gemat.....dass se awer eiderl waren wei ech se gebraucht hunn....(muss och dozou soen dei waren Sauer an sin dono entsuergt ginn) dofir kann ech der do den Tip gin kaaf der Akkuen an fir am Noutfall wou Akkuen mid sinn einfach e Pack normal Batereien an den Fotokuerf mat apacken, ech mengen dei hallen sech jo iwert e puer Joer sinn dann och net verluer
|
|
07.11.2010 21:43 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
Daat waat den Gloda schreiwt stemmt wei emmer absolut!
Ob Auto Modus hält den Bletz definitif net laang, bei ISO 800 an groußer Blend maachen ech dir mat engem Saatz Akkuen 500 Fotoen, beim SB 800 allerdings mat 5 Steck an net mat 4.
Mein absoluten Tipp waat Akkuen ubelaangt, fuer an den Hela ob Jonglenster, do kris te Ansmann Akkuen mat 2850mah, dei sin bei weitem net geschenkt mee ech kann der soen dei rocken awer. An sie sin bis zu 1000 mol obluedbar.
http://www.ansmann.de/cms/de/businessdiv...a/2850-mah.html
An iwwer Internet hun ech mir deen heiten Oblueder kaaft:
http://www.ansmann.de/cms/de/businessdiv...gy-xc-3000.html
All dei Oblueder an Akkuen deis te am CacHobBati kris ass Gespills, an mengen Aen...!
An wanns te wei ech kanner heiheem hues keefs te dir souwiesou eng Keier een riesen Vorrat un Akkuen, waat geet schon haut nach ouni Batterien.
__________________ Laurent
|
|
10.11.2010 15:30 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
@mmphotos
jo et waren der schon vill! hun jo mol beschen misten testen!
merci
|
|
14.11.2010 15:37 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
@gloda
Jo et sen schon Scheinwerfer do, mee ech fannen fotoen sen einfach ze deichter gin...!!? Ech hoffen net dat en futti ass, well en ass nei.
Ech denken mat den Battereien probeieren ech mol weis du sees. Merci fir den Typ.
Ech kennen den Bletz o na guer net well en na nei ass, an ech na nie fotoen mat engem bletz gemat hun. Resultat ass dun o sou gin, immens vill iwerbletzt etc.... Leider.
Also muss ech na beschen probeieren..
Merci
|
|
14.11.2010 15:42 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
@ jeje
Weivill Fotoen kriss de dann mat sou engem Akku gemat?
MERCI
|
|
14.11.2010 15:45 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
@Laurent 76
Merci, ech kucken mer dann dei Siten mol un!
Du hues Recht Batterien sin nie verluer!!!!
MERCI
|
|
14.11.2010 15:46 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
Wees en e gudd Buch wou en am besten draus leiert mat engem Bletz em zegoen?
Merci
|
|
14.11.2010 15:47 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Lies den 101 op strobist.com. Deen gëtt et mëttlerweilen mengen ech och op Franséisch an Däitsch, falls der dat Englescht net esou läit. Wann s de dat gelies hues an Loscht op méi hues, kaf der Light, Science & Magic (Englesch, weess net ob et dat iwwersat gëtt) oder kuck der meng Linksammlung zum Thema Blëtzfotografie un: http://www.delicious.com/gloda/flash
__________________ www.gloda.net
|
|
14.11.2010 16:07 |
|
|
byFotoFous
Jungspund
Dabei seit: 19.07.2010
Beiträge: 24
Themenstarter
|
|
SUPER, merci fir den Hellef!
|
|
28.11.2010 10:35 |
|
|
|