Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (10): « erste ... « vorherige 4 5 [6] 7 8 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Refus  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
micky-maus
Jungspund


Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22

Refus Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut, hunn eng ganz Rei Fotoen accepteiert kritt dei och am Prinzip vum Opbau gudd woeren awer vunn menger Verarbechtung hier (WB, Saturation, Farflevelen) eng einzeg Katastof woeren!! Eigentlech huet do dei optesch Qualiteiet guer net gestemmt ann vill Leid hunn mier gehollef dei Saach ann den Greff ze kreien. Groussen merci dofier. Also ass ett ganz ok wann och mol Fotoen vun anneren accepteiert ginn dei net sou super sinn, wei dei, dei ech refuseiert kruut, wann deen sein bescht gemeet huet. Dann ass ett dann un mier deem ze hellefen ann erklären waat een besser oder aanescht kann maachen.

Ech hunn hei op PG jiddefall mei geleiert wei aus all Zeitung oder Buch!
10.05.2012 17:25 micky-maus ist offline E-Mail an micky-maus senden Beiträge von micky-maus suchen Nehmen Sie micky-maus in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci Nemo an micky-maus fir är Kommentarer, esou eppes ass och ëmmer gutt ze liesen smile

__________________
404 - Not found
10.05.2012 19:03 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Zodiac
Mitglied


Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Johny: Dass die Leit wou Photogen um Liewen haalen ass jo och ze verstoen. Ech mengen där macht iert bescht, mee et kann een net emmer Jidderengem et gerecht maachen. Ech engagéieren mech an engem aaneren Bereich weis du, och zum Deel bénévol, mee och do kréien ech oft gemeckerts an gin kritiséiert, well emmer een sech ongerecht behandelt fillt. Dei lescht woch kruten mer (also net ech perséinlech Augenzwinkern ) esouguer ganz vill an Press op den Deckel, an dat net nemmen hei zu Letzebuerg, mee och am Ausland hehe.
Fir op Phototalk zereck ze kommen, ech wollt dei lescht 2. eigentlech kommen, mee et war mer emmer epes dozweschen komm, esou dass ech net konnt iwer Fotoen diskutéieren, mee dass ech der hun mussen maachen Augenzwinkern Probéieren awer mol mein bescht fir eng kéier ze kommen.
14.05.2012 16:28 Zodiac ist offline E-Mail an Zodiac senden Beiträge von Zodiac suchen Nehmen Sie Zodiac in Ihre Freundesliste auf
sloopy
Grünschnabel


Dabei seit: 24.08.2011
Beiträge: 5

richteg Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech fannen dat gudd dass een dat gesot huet. Ech hat am ufank wei ech op deser Seit war richteg d'flemm kritt. egal weieng foto ech probeiert hun eropzelueden krut ech all keier den selwechten message: dass se fleicht zevill centreiert wier, fleicht net scharf genuch wier oder dass ech se kopeiert hett verwirrt geschockt Ech hat wieklech keng lost mei hei fotoen eropzelueden well ech wollt anstenneg kritik kreien an net einfach iegend en hallef automateschen message. ech hun mech gefroot op meng fotoen wieklech esou grausam wieren me bon lo sin 2 fotoen ugeholl gin "yey" Augenzwinkern
14.05.2012 21:08 sloopy ist offline E-Mail an sloopy senden Beiträge von sloopy suchen Nehmen Sie sloopy in Ihre Freundesliste auf
Zodiac
Mitglied


Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Sloopy, maach der nix draus, mengen dat ass villen Leit hei esou gangen am Unfank. Mat der Zeit geseis du dat mei Relax, an sehs der selwer dass sie Recht haten dei Foto ze refuséieren. Ech schwätzen aus Erfahrung. Augenzwinkern
15.05.2012 07:36 Zodiac ist offline E-Mail an Zodiac senden Beiträge von Zodiac suchen Nehmen Sie Zodiac in Ihre Freundesliste auf
Fesch-A
Grünschnabel


Dabei seit: 18.05.2011
Beiträge: 6

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

naja,
hei ands do froen ech mech zwuar trotzdeem no wéi engen Kritären d'Foto ungeholl ginn ??

__________________
Bescht Gréiss a schéinen Rescht vum Dag
Serge smile

04.06.2012 21:46 Fesch-A ist offline E-Mail an Fesch-A senden Beiträge von Fesch-A suchen Nehmen Sie Fesch-A in Ihre Freundesliste auf
Nathalie Nathalie ist weiblich
Jungspund


Dabei seit: 27.06.2010
Beiträge: 16

Refus Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo dann kennt dann mol hei och lo mein Tuer...

Also meng Fotoserie ass net ungeholl gin...des huet eng rout Blumm gewisen wou ech mam Macro fotografeiert hun an wou een an der Blumm all eenzel kleng Härecher gesinn huet... An deser Fotosserie huet een eng keier Blumm vun fier, an eng keier vun mei seitlech vun ennen gesin...

Fier dei wou Foto wellen kucken, hei ass eng vun deenen gewirscht:
http://500px.com/photo/8448457

Woubei ech soen muss dass ech um 500px.com vill Kommentarer dobei krut, an och nemmen luerf dofir...


Hei ass se oofgeleent gin mat deser begrennung:

Deng Foto Feier Rout ass leider net ugeholl ginn. Hei sinn d'Riichtlinnen déi leider net gepasst hunn:
Se sollt en iwwerluechtenen Bildopbau hunn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et sollt ee sech Gedanken maachen wéi den Opbau vum Bild sollt sinn.
D'Motiv ass vläicht matzen an d'Mëtt gesat ginn wat net gutt ass fir de Bildopbau
Ze oft fotograféiert Motiven ginn vill méi streng bewäert Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Dëst Motiv gehéiert zur Kategorie déi immens oft fotograféiert ginn (Hausdéieren, Blummen, Landschaften, Sonnenop an -ënnergäng). Dofir si mer do méi streng, an d'Foto muss méi eraus stiechen verglach mat all den aneren fir dass se nach interessant wierkt fir d' eit déi se kucken. Probéier entweder eng méi speziell Idee ëmzesetzen mat dem Motiv oder probéier ganz aner Motiver an Idéeën fir flott Resultater ze kréien, déi dLeit dann och léiwer kucken an kommentéieren.


Sou dozou lo:
- Bildobbau...hmm ok ass halt veierreckeg, mee dann soll een ma soen w.e.g. wei ech dat bei deem bild hei hett sollten besser man, hun hei puer aner saachen probeiert an dest wuar dat wat bei weitem am beschten ausgesinn huet....
- Jo motiv ass matzen an der mett...wei hett een et keinten besser man hei?
- Jo et ass en oft fotografeiert Motiv, wat am macro bereich mat blummen halt net selten ass...
- Mei eng speziell idee oder mei erausstierchen hat ech eigentlech mat deem detail vun den härecher gemengt, an dest wuar och meng idee fir ze weisen wei vill hoer sou eng blumm huet wou een mam bloussen aae mol net geseit...woubei ech och nach fannen dass dei rout blumm sech gud vum deichter gringen hannergrond erfirhierft....


Sou lo verbesserungsvirschei an argumenter w.e.g.


P.s.: Ech geif dei och bei mech an stuff henken...wei hei een eng keier geschriwen hat wei en seng fotoen geif sorteieren fir ropzeluerden... großes Grinsen Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Nathalie am 13.06.2012 22:05.

13.06.2012 22:01 Nathalie ist offline E-Mail an Nathalie senden Homepage von Nathalie Beiträge von Nathalie suchen Nehmen Sie Nathalie in Ihre Freundesliste auf
TomEwert
Doppel-As


Dabei seit: 21.12.2006
Beiträge: 107

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Nathalie,

ech aentwerten der well ech wees dass meng aentwert net all ze laang get, an well ech mech och nach un des Photo erenneren.

Du stells am fong genee déi richteg froen, an daat ass och den grond virwat mir deen 'refus' system hei op PG hun.

Zitat :
"- Jo motiv ass matzen an der mett...wei hett een et keinten besser man hei?"

genee dorems geet et. maach der gedanken probéir saachen aus. frosch- oder vogelperspektive, z.b. kucken waat fir en effekt d'photographéiren vun der säit an macrobereich huet, virun allem mat enger ganz oppener blend. doduerch haess du z.b. dein hoer effekt nach kennen verstaerken. du haess kennen mat elementer vun der bléit mat der drëttel-regel-schaffen.

Zitat:
"Jo et ass en oft fotografeiert Motiv, wat am macro bereich mat blummen halt net selten ass..."

wanns du der déi leschter photos op Photogen ukucks waert dir secher opfaalen, dass et vun blummen momentan nemmen esou wimmelt. wanns den motiv geleefeg ass, dann probéir duerch d'beliichtung oder durch d'mise en scène vielleicht eppes méi spezielles doraus ze maachen, maach der gedanken doriwer. wann mir giffen all reng technesch gesin korrekt macro photo vun enger blumm akzeptéiren, haetten mir baal nemmen nach "normal" blummen hei op photogen.

Ech hun déi Foto ennert aanerem demols net aktivéirt, well ech se zwar engerseits flott fonnt hun (also d'blumm selwer) awer méi och net. D'photo wor mëtteg kadréirt, d'perspektiv wor zentral an voll drop. d'hoerchen sin en flotten détail mais, dass an bleiwt eng relativ einfach gestreckten photo vun enger blumm ... sin iwerzeecht, dass dir do nach vill aaner an nach vill méi kreativ idéen waerten afaalen fir déi natiirlech schéinheet an szene ze setzen.

bon, meng aentwert wor dann eben awer net esou kuerz mais ech hoffen ech konnt dir en bessen hellefen.

__________________
Hier sollte jetzt etwas unglaublich geistreiches stehen ... tut es aber nicht Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von TomEwert am 13.06.2012 22:47.

13.06.2012 22:46 TomEwert ist offline E-Mail an TomEwert senden Beiträge von TomEwert suchen Nehmen Sie TomEwert in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech wëll heizou nach soen dass mer alt probéieren d'Leit zum kreativen Denken ze bréngen, dofir si mer bei oft fotograféierte Motiver méi streng, och wann se dach eigentlech ganz flott ze kucke sinn. An ausserdem däin Argument dass de op 500px nëmmen positiv Kommentarer krus ass zimlech irrelevant vu dass 99.9% vun de Kommentarer op deene Siten just "schéi Foto" oder "good work" sinn, déi sinn anescht ausgeluecht wéi mir mat photogen.lu wou et ëm Kritik geet.

__________________
404 - Not found
13.06.2012 22:49 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Johny,
ech mengen de Leit hei geet et ëichter em déi virgefäerdegt Sätz ewéi,

... et sollt ee sech Gedanken, vläicht matzen an d'Mëtt, immens oft fotograféiert asw

alles dat do geschriwwe gëtt , ass firgefàrdecht an seet u sech net vill aus an démotiweiert och nach de Gros vun de Fotografen déi hier Biller jo awer all gutt genuch fir ze posten fannen.

Fro mech elo net ewéi et besser soll mega ginn, ech weess et net. Ech weess och net wat erakënnt oder wat alles refuséiert gëtt. Och wees ech net weivill Aarbecht et wär op all refuséiert Bild anzegoen. Eppes weess ech awer sécher, misst en vir all refuséiert Bild Argumenter mat kapp a Fouss bréngen, ... giffen der manner refuséiert ginn.
Fléicht e bëssen ewéi an enger Jury , wou enn och mat de Sproch eraus muss Augenzwinkern
13.06.2012 23:31 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et ass ëmmer erëm déi selwecht Leier Ed, an ech widderhuele mech net fir d'20., du weess sws wat ech äntweren, respektiv du misst et wëssen großes Grinsen

__________________
404 - Not found
14.06.2012 08:15 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech wées et Johny ... haha "und immer wieder Grüsst das Murmeltier"
ech sinn nach ëmmer déif iwwerzeegt wat ech soen an dat et esou net richteg ass.
mer kommen hei, an an eisem nächste Liewen ni op eng gemeinsam Meenung großes Grinsen

gutt loosse mer dat erëm eng Zäit mautschen, iergend eng Kéier quatsche mer op engem Dësch mat engem Béier driwwer smile
14.06.2012 12:31 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
Poly Poly ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37

Themenstarter Thema begonnen von Poly
Fragezeichen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech muss soen, (alt jonn erëm eng kéier), dat am Prinzip dann all déi ugeholle Fotoen technesch, an der réi sinn, also d'Administrateuren sinn d'Spezialisten,
conclusion, et dierfen keng negativ Commentairen méi kommen oder?
duerfir kommen och keng commentairen an Äusserungen vun hinnen, wann se bis op pg sinn
14.06.2012 21:42 Poly ist offline E-Mail an Poly senden Beiträge von Poly suchen Nehmen Sie Poly in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hmm, vir dass eng Foto ugeholl gëtt sin jo 2 Aktivatoren Neideg, mee get deenen hier meenung dann tatsächlech duer vir dass Foto refuseiert kann gin ? Wäret net mei Fair De Leit chance ze gin hier Foto op de Site leuden ze lossen an ganz Kommunity se bewerten ze lossen, woubei vill mei konstruktiv Ideen zu stannen kommen kinten ? Esh färten ganz, dass deen een oder anneren User sech perseinlech Ugegraff fiehlt wannen seng Foto net Aktiweiert kritt an sou emmerem dei Nämmlecht Texter dohinner gesat kritt ? Wat esh dommader well soen, Photography ass en hobby, jidereen heut sain intresse dodrunner an seng Virstellung waten Gud oder schlecht fennt, engem seng Foto net chance kennen ze gin vir op de Site ze setzen helt mir an mengen Aaen och possibiliteit eppes besser machen ze kennen.. Wei gesot dat soll keng Kritik un de Johnny sin oder soss engem Aktiviator, halt just eng Froh dei esh ma Stellen well esh dat alles aus enger anner Perspektiv gesin... Schlussendlech kommen ma jo hei emmer leider erem op dat gleicht resultat dass deen en oder anneren sech hei am Forum opregt an de Frust raus leist well hier Foto net akzepteiertmgin ass, mengen Wann en keng chance krit se ze weisen, get mei schlecht opgeholl, ewei wann en mat da Zait negativ Kommentaren krit dei engem Weisen dass Foto awa net de Brenner wor, an een sech esou Iniziativ geholl krit seng Foto mat anneren Aaen ze gesin... Bon Bis elo kann esh net kloen well hat de Problem nach net, mee selwer jugeieren esh meng Biller wei anner Leit se giefen kritiseieren oder gesin.. vlait fehlt verschiedenen Leit dat Analyseieren vum da eegener Foto... smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 14.06.2012 22:40.

14.06.2012 22:35
Zodiac
Mitglied


Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@gi87: also dass ech och keen Frend sin vun virgefärdegten Sätz hun ech schon gesot. Kann annerseit och den Johny/Photogen verstoen, dass sie net op all Photo wou ofgelehnt get perséinlech kennen eng Kritik dozou schreiwen. Hun mer och e puer Gedanken gemach mais sin och op d'Léisung komm fir et besser ze machen.
Ech mengen d'Photoen wou een kann eroplueden sin jo schon op 2 Photoen an 20h limitéiert, esou dass den Photograph/User sech schon soll iwerleen wat hien erop lued. Et ass och an der Rei fir mech dass Photogen-Team dann nach eng Selektioun mecht. Den Site soll jo och qualitativ gudd Photoen weisen. Dovun ofgesin hun ech awer och schon mussen feststellen, dass dei verschidden Leit wou hei Photoen freischalten eng Photo ennerscheedlech bewereten, also dei eng sin mei streng dei aner manner. Ech hun awer emmer Gefil wei wann sie och emmer kucken wen Photo gemach huet, an kucken wat den Photograph drop huet, an op d'Photo wou eropgelueden get och sengem Niveau entsprecht. Mais wei ech nei hei um Site war an mol eng Photo ofgeleent krut war ech och emmer e bessen frustréiert, virun allem iwert eben dei standart Sätz, dei mer grat am Unfank net vill weider gehollef hun. Mat der Zeit an mer der Erfahrung wees een awer wat een hei erop kann lueden dass et ungeholl get.
An fir den Recht kann een Photo jo hei am Forum posten, do kritt een och vlait nach Kritiken, respektiv et kann een op den PHOTOTALK goen an seng Photoen do mat huelen.
15.06.2012 13:33 Zodiac ist offline E-Mail an Zodiac senden Beiträge von Zodiac suchen Nehmen Sie Zodiac in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou, da mellen ech mech och mol
Frou wéi e Géck sin ech, dass ech eng Plaatz a menger Gemeng weess, wou wëll Orchideen wuessen
E Sonndeg hun ech mech mam macro op de Wee gemaach, fir e puer Biller ze kréien
Ech hun eng kleng Serie vun 2 macroen hei eropgelueden. Am Kommentar stoung, dass et wëll Orchideen sin, an dass ech och de Root vun engem Expert bräicht fir se ze bestëmmen
Wierklech Paff war ech wéi de refus koum

hei mol de link op déi 2 Biller
http://fc-foto.de/28254660
http://fc-foto.de/28254671
hei den Text deen ech kruut:
Deng Foto Edel Schéinheeten ass leider net ugeholl ginn. Hei sinn d'Riichtlinnen déi leider net gepasst hunn:

An der Foto sollt eng Idee ze erkennen sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Et feelt eng speziell Idee an der Foto respektiv während der Ëmsetzung. Probéier nächst Kéier virun der Foto genee ze kucke wat s de wëlls ausdrécken, an dann gëtt d'Resultat och méi flott.
Vläicht ass d'Idee einfach schwéier ze erkennen an se misst kuerz am Kommentar bei der Foto erklärt ginn

---meng Idi war et eng selten Blumm, déi op der rouder Lescht steet ze weisen, a vläicht den Numm gewuer ze gin

Ze oft fotograféiert Motiven ginn vill méi streng bewäert Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Dëst Motiv gehéiert zur Kategorie déi immens oft fotograféiert ginn (Hausdéieren, Blummen, Landschaften, Sonnenop an -ënnergäng). Dofir si mer do méi streng, an d'Foto muss méi eraus stiechen verglach mat all den aneren fir dass se nach interessant wierkt fir d' eit déi se kucken. Probéier entweder eng méi speziell Idee ëmzesetzen mat dem Motiv oder probéier ganz aner Motiver an Idéeën fir flott Resultater ze kréien, déi dLeit dann och léiwer kucken an kommentéieren.

----hmm, also ech sin lo déi 3 lescht Joer hei op PG duerchgaang, do hun ech dann 2 Biller vu wëllen Orchideen zu Lëtzebuerg fonnt!!!!!!!!, ass daat oft?

D'Motiv däerf net einfach "offotograféiert" sinn Méiglech Ursaachen oder Verbesserungsvirschléi:
Eng Foto déi een erop lued sollt kreativ gestalt sinn, wann een awer d'Motiv vun engem aner Fotograf ouni eegen weider nei Idee weist, dann geet dat leider net duer.

-----Hein???Waat hun ech vun engem aanere Fotograf kopéiert???
Ech luech um Bauch um Buedem an hun mat macro an oppe Blend probéiert eenzel Bléien déi nëmmen 1cm grouss schéin an d'Bild ze kréien

Ech wär lo mol frou är Meenung ze héiren, well wéi gesoot:ech sin einfach nëmme paff, sin déi Biller wierklech sou schlecht? verwirrt
19.06.2012 16:05 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
suraki
Doppel-As


Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

All Mensch hei op PG kennt wahrscheinlech meng Meenung, iwwert d'fraischalten, Jurien, Wochefotoen, Concouren asw ...fléicht well ech selwer dat ganzt schonn vun ënnen no uewen, an emgerdéint materlieft hunn.Et huet jo och kee wärt dat ech fir zecht ... hei soueren dat mer dat heiten an dat doten net gefëllt oder wat ech giff aneschters maachen.
An all Klipp, Federatiounen ,Organisatiounen, Verenegungen, an der Schoul, op der Schaff, an an an, .... an da gëtt et ereicht richteg Komplizéiert, spillt de Faktor Sympathie , Antipathie, Jalousie an esouweider och nach en gewëssen Deel mat. Ouni elo HEI engem eppes ze ënnerstellen oder virzewerfen, dat ass einfach esou iwwerall esou Augenzwinkern
Wien beuerteelt dat déi "bestëmmte" Foto X vum Auteur Y ënnert dem sengem Niveau leit ? Oder dat dat dote Bild Y , wat bei engem aneren X refuséiert ginn ass, bei dësem Auteur Z hei duerchgeet. Wahrscheinlech wärt dat Thema hei ni aus de Foren (allgemeng) erauskommen Augenzwinkern

an elo hat ech bal vergiess, ech weess net wien d'Bild http://fc-foto.de/28254660 net acceptéiert huet ... mä iwwert Den oder besser déi Zwee maachen ech mer nu wierklech Gedanken smile En Portrait, Nuen, Déieren,Landschafts oder Streetfotograf muss kennen iwwert seng Spart erauskucken a fair bleiwen, och wann et sech "nëmmen" em eng Blimmchen handelt Augenzwinkern
19.06.2012 17:37 suraki ist offline E-Mail an suraki senden Beiträge von suraki suchen Nehmen Sie suraki in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Eierlesch gesot fannen Esch fotoen esou gut, bis op Kadragen, bon halt sinse am groussen ganzen nach emmer besser ewei verschieden Auto oder Streetfotoen wou een iwerhpat geur keen Sen mat momenter drangesait...Naja jiderengem senges..
19.06.2012 17:38
kicker
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

La question à se poser est la suivante : "Cette photo est-elle réussie, et pourquoi ?"

Si on a bien analysé l'image, on est capable d'aller bien plus loin qu'un simple "j'aime/j'aime pas".
"refus/non refus"
L'objectif de l'analyse est justement de comprendre l'articlulation de la photo, pour savoir avec précision, arrivé à l'étape du jugement personnel, pourquoi on apprécie ou non .
On peut penser à exprimer un jugement sur :
- Les choix techniques : sont-ils pertinents, et pourquoi ?
- Les choix créatifs : reprendre les points de l'analyse.
- L'expression de la symbolique : le message que le photographe voulait faire passer est-il compris ?

Enfin, le jugement peut se conclure sur une démarche qui me semble particulièrement importante, autant pour progresser soi-même que pour aider un photographe en critiquant ses images :

- Qu'aurais-je fait à sa place ?

« La vie est courte, l'art est long, l'occasion fugitive, l'expérience trompeuse, le jugement difficile. »
Hippocrate

kicker.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von kicker am 19.06.2012 18:49.

19.06.2012 18:42
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

mischii, du fënns hei net vill Fotoen vun allgemeng Blummen eben grad well mir do net nëmmen deng refuséieren. Do si mir extrem streng, an dat gi mer zou. Dat mam "offotograféiert" - vergeiss dat, dee Grond huet do guer net dohi gepasst, do huet just ee sech g'iert.

__________________
404 - Not found
19.06.2012 20:08 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Seiten (10): « erste ... « vorherige 4 5 [6] 7 8 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH