Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (10): « erste ... « vorherige 5 6 [7] 8 9 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Refus  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

daat berouegt mech elo vill, well dat lescht Argument war eng klätsch op de Bak, hätt ech mech lo net hei gemellt , dann hätt ech mer nach laang Gedanke gemaach. Et ass awer schon e bessi traureg, dass sou Irtumer viirkommen, et soll een dach mol iwwerliesen wann ee schon sou Argumenter gebraucht, déi kënne beleidegend sin
Fir de Rescht fannen ech , dass eng wëll Orchidee, déi hei zu Lëtzebuerg op der rouder Lëscht steet a virum Ausstierwe bedroht ass net zu den ALLGEMENGE Blummen zielt, et fënnt een se selten , an hei ass se och nach net gewise gin. D'Biodiversitéit vun eisem Land ze kennen huet jo och e gewëssen Intérêt, oder net?
19.06.2012 20:39 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von mischii
Et ass awer schon e bessi traureg, dass sou Irtumer viirkommen

"Irren ist menschlich." - méi gëtt et do net dozou ze soen (an mir sinn halt och Mënschen, och wann verschiddener dat net mengen)

__________________
404 - Not found
19.06.2012 20:43 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Nathalie Nathalie ist weiblich
Jungspund


Dabei seit: 27.06.2010
Beiträge: 16

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Ech wëll heizou nach soen dass mer alt probéieren d'Leit zum kreativen Denken ze bréngen, dofir si mer bei oft fotograféierte Motiver méi streng, och wann se dach eigentlech ganz flott ze kucke sinn. ..., déi sinn anescht ausgeluecht wéi mir mat photogen.lu wou et ëm Kritik geet.



Ech sin do och denger Meenung Johny, mee:
-fir mech wuar et kreativ di micro härecher vun enger blumm ze weisen dei een mam bloussen aa mol net geseit...mee bon fir aner leit eben net, affaire de gout...
-wei soll een eng kritik kreien bei eng Foto, wou dann mol net ungeholl get?
Wou et jo hei um Photogen em Kritik geht weis de sees, an dat am senn vun kommentarer, wei "wat misst een besser man", "wat ass net gud un der foto", "wat gefällt X oder Y net", "verbesserungsvirschlei", ....

Fazit ass alt lo fir mech, den Tom huet mer lo zu all Punkt erklärt...ech probeieren dest alt mol zu Härz ze huelen an em ze setzen...och wann ech mat allem net zu 100% anverstanen sin, mee bref.

Ech wees alt lo wat ech ze din hun...

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Nathalie am 19.06.2012 23:07.

19.06.2012 23:05 Nathalie ist offline E-Mail an Nathalie senden Homepage von Nathalie Beiträge von Nathalie suchen Nehmen Sie Nathalie in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Nathalie
-wei soll een eng kritik kreien bei eng Foto, wou dann mol net ungeholl get?

Ouni Filtrage géif ech mech net ameséieren duerch all d'Fotoen ze kämmen a guer keng Kommentare schreiwen. Ech maache mer och keng Méi eng Kritik ze schreiwe bei Fotoen wou ech den Androck hunn de Fotograf huet sech keng gemaach. De Fakt dass Fotoe refuséiert ginn féiert dozou dass méi Leit méi nëtzlech Kritik kréien.

__________________
www.gloda.net
20.06.2012 08:21 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Nathalie Nathalie ist weiblich
Jungspund


Dabei seit: 27.06.2010
Beiträge: 16

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von gloda
Ouni Filtrage géif ech mech net ameséieren duerch all d'Fotoen ze kämmen a guer keng Kommentare schreiwen. Ech maache mer och keng Méi eng Kritik ze schreiwe bei Fotoen wou ech den Androck hunn de Fotograf huet sech keng gemaach. De Fakt dass Fotoe refuséiert ginn féiert dozou dass méi Leit méi nëtzlech Kritik kréien.


Virausgesat leit machen sech mol iwerhapt mei irgendeppes bei eng foto ze schreiwen...
Kritik wier do munchmol schein, schliesslech keint een jo dann eppes draus leieren...
20.06.2012 09:06 Nathalie ist offline E-Mail an Nathalie senden Homepage von Nathalie Beiträge von Nathalie suchen Nehmen Sie Nathalie in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von gloda
Zitat:
Original von Nathalie
-wei soll een eng kritik kreien bei eng Foto, wou dann mol net ungeholl get?

Ouni Filtrage géif ech mech net ameséieren duerch all d'Fotoen ze kämmen a guer keng Kommentare schreiwen. Ech maache mer och keng Méi eng Kritik ze schreiwe bei Fotoen wou ech den Androck hunn de Fotograf huet sech keng gemaach. De Fakt dass Fotoe refuséiert ginn féiert dozou dass méi Leit méi nëtzlech Kritik kréien.



Jo mee wann jidereen hei esou jugeiert, heut den sech gedanken gemach oder net dann schreiwt hei keen geschwenn mei eppes dohinner, well da kann een dofunner geschwenn einfach ausgoen: ( jo en heut et halt fotografeirt an net mei..dan brauch esh dem och nix mei ze schreiwen..) Anerseits erem soll en och dei mei Schwach Fotoen eichter kommenteieren fannen esh als dei Perfekt Fotoen hei ( wannet der gin) Villeicht muss en och emol Leit op D'Idee brengen dasse sech eppes dobei denken bei hieren Fotoen.. Et ass ewei an da Schoul, de Schoulmeechter soll och kucken das de lechten nokennt.. !

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 20.06.2012 15:32.

20.06.2012 15:28
Loki Loki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Et ass ewei an da Schoul, de Schoulmeechter soll och kucken das de lechten nokennt.. !


Oh oh, ech haale mech eigentlech gär aus dem Thema eraus well ech denken dass ou wi et am Moment ass eigentlech gudd geléist ass an der Mehrheet méi Virdeeler wi Noddeler bréngt, mee zu dengem läschte Saaz muss ech dann awer e Kommentar maachen...déformation prof. halt Augenzwinkern

Jo, richteg, dee läschten soll och nokommen, awer net op d'Käschten vun deenen di sech vill méi Méih maachen. Well heeschen: Dee läschten muss sech méi ustrengen an net emgedréint, di bescht sollen net an der Mass ennergoen well d'Ufuerderungen einfach erofgesat gin an se domat kee Grond mi hun sech unzestrengen (siehe Reform...(OT)). Soss leid d'Qualitéit am allgemengen en e Gefaalen mecht een kengem. Also an deem Sënn: wann eng Foto refuséiert gouf, ob ee lo averstanen ass oder net, heescht soss naischt wi 'sech méi drugin di nächste Kéier'. Vill Leit (leider och an der Schoul) sin leider vill zevill vun hierem Talent iwwerzeegt an huelen alles immens perséinlech amplaaz vlait sech mol opzemaachen an sech méi drunzegin.

War e bessen OT mee dee Päfferkär konnt ech mer net verknäifen Zunge raus Ech muss och nach vill bäiléieren bei ménge Fotoen, a wann ech eng refuséiert kréien war se einfach net gudd genuch an dann maachen ech mer einfach méi Méih bei der nächster, sou einfach ass daat. Och wann ech selwer d'Foto gudd fannen (dorun ännert sech jo naischt).

Sou an lo klinken ech mech aus der Diskussioun aus, an gin erem verbesseren Augenzwinkern
20.06.2012 17:06 Loki ist offline E-Mail an Loki senden Homepage von Loki Beiträge von Loki suchen Nehmen Sie Loki in Ihre Freundesliste auf
pan_or_ama
Grünschnabel


Dabei seit: 21.11.2009
Beiträge: 3

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ohoh, ech linke mech awer, obwuel ech net méi wëlles hat, nach emol an des Diskussioun eran. Loki du schreifs an de Schoulen giffen d'Léit och villes vill ze vill perséinlech huelen an du giffs elo erëm verbessere goen. Da maach dat awer wegl net mat engem Standardsatz à la "Du hues elo eng Datz, wëlls de der net genuch Gedanken iwwert eis Thema gemaach hues, fleit hues de awer och anerer hei kopéiert.
(Ironie aus ) großes Grinsen

Dat et immens schwéier ass ze tranchéieren, gesinn jo net wat esou erakënnt, weess ech ... an och dat ech et net wéilt maachen !

Mech selwer !! nervt u sech just deen topege beleidegende Saz do, "du hues der net genuch Gedanke gemach", .... schreift mer deng Foto ass Kack, schreift mer fir op FC ass se gut genuch, schreift mer, mer perséinlech gefëllt Se net an ech sinn hei de Chef, ... awer schreif mer wegl net eweivill Gedanken dat ech selwer mer driwwer gemaach hunn ... dat beleidegt net nëmme mech, mä de gro vun de Leit hei .

Natierlech hunn ech e groussen Respekt vun der Aarbecht, déi hei net ëmsoss smile mä "fir néicht" gemaach gëtt ! ech meckere jo net nëmmen Zunge raus

Hei awer nach d'Léisung vun dem Ganzen, ganz einfach (an ironesch Augenzwinkern )
All ! User bezilt 120.- Euro Beitrag, domadder gëtt en haaptberuflechen fraischaltenden Fotomeckerer a Kritiker agestallt ... mat dem mer eis dann iwwert PN'en zerklappen an ausenanersetzen, well mer jo sous garantie och net mat him averstane sinn Augenzwinkern

Loki, lo sinn ech och erëm eraus aus der Diskussioun smile

edit: sorry dat ech elo net ënner suraki geschriwwen hunn , dat war Zoufall smile

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von pan_or_ama am 20.06.2012 18:31.

20.06.2012 18:26 pan_or_ama ist offline E-Mail an pan_or_ama senden Beiträge von pan_or_ama suchen Nehmen Sie pan_or_ama in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Loki
Zitat:
Et ass ewei an da Schoul, de Schoulmeechter soll och kucken das de lechten nokennt.. !


Oh oh, ech haale mech eigentlech gär aus dem Thema eraus well ech denken dass ou wi et am Moment ass eigentlech gudd geléist ass an der Mehrheet méi Virdeeler wi Noddeler bréngt, mee zu dengem läschte Saaz muss ech dann awer e Kommentar maachen...déformation prof. halt Augenzwinkern

Jo, richteg, dee läschten soll och nokommen, awer net op d'Käschten vun deenen di sech vill méi Méih maachen. Well heeschen: Dee läschten muss sech méi ustrengen an net emgedréint, di bescht sollen net an der Mass ennergoen well d'Ufuerderungen einfach erofgesat gin an se domat kee Grond mi hun sech unzestrengen (siehe Reform...(OT)). Soss leid d'Qualitéit am allgemengen en e Gefaalen mecht een kengem. Also an deem Sënn: wann eng Foto refuséiert gouf, ob ee lo averstanen ass oder net, heescht soss naischt wi 'sech méi drugin di nächste Kéier'. Vill Leit (leider och an der Schoul) sin leider vill zevill vun hierem Talent iwwerzeegt an huelen alles immens perséinlech amplaaz vlait sech mol opzemaachen an sech méi drunzegin.

War e bessen OT mee dee Päfferkär konnt ech mer net verknäifen Zunge raus Ech muss och nach vill bäiléieren bei ménge Fotoen, a wann ech eng refuséiert kréien war se einfach net gudd genuch an dann maachen ech mer einfach méi Méih bei der nächster, sou einfach ass daat. Och wann ech selwer d'Foto gudd fannen (dorun ännert sech jo naischt).

Sou an lo klinken ech mech aus der Diskussioun aus, an gin erem verbesseren Augenzwinkern



Jo, mee hei ass keen Elitesite vun da Fotografie, an hei helt keen eng Konstant Qaliteit bei ( och Leit dei all woch hei flott Fotoen gewisen hun, hun och obemol da peur an de Sand gesat..) Leit och an jiderengem sengem Interesse eppes mei oder Manner ze mann, wourober esh eraus well ass dass jidereen eng Chance kritt seng Foto kennen ze weisen an seng Kritik ze kreien, mengen Du als Prof schreiws jo och jiderengem eng Note op de Blatt op Gud oder Schlecht ? sech mei drun gin ass eppes normales, wann enn och wees an weieng Richtung et muss goen.

Dat ass meng Meenung Loki, well och mesh elo net nach weider ran stietzen, well Du ewei Esch mir wärten eis do net 100% eenz gin an Deier Diskusioun well esh dat ganz aus 2 Perspektiven betrouchen..
20.06.2012 20:34
Loki Loki ist männlich
Mitglied


Dabei seit: 11.03.2010
Beiträge: 28

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von gi87

Jo, mee hei ass keen Elitesite vun da Fotografie, an hei helt keen eng Konstant Qaliteit bei ( och Leit dei all woch hei flott Fotoen gewisen hun, hun och obemol da peur an de Sand gesat..)

[...]

Dat ass meng Meenung Loki, [...] Du ewei Esch mir wärten eis do net 100% eenz gin an Deier Diskusioun well esh dat ganz aus 2 Perspektiven betrouchen..


Ah, heescht daat ech gesin daat just vun enger Perspektiv? Augenzwinkern Nee ech gesin et aus enger 'aanerer'. Prinzipiell gin ech der Recht, wanns de nie eng Kritik zu enger Foto kriss kanns de och net bäiléieren, mengen do sin mer eis eenz, oder? An jo, ech fannen och dass et Leit gin déi eng ganz Rutsch super Fotoen héichlueden an dann abemol sin der dobai wou ech mech froen waat dann do lass war. Inwiefern et dann do fair ass déi fraizeschalten wann aanerer vun verglaichbarar Quali net fraigeschalt gin nemmen well se net vun engem 'Veteran' kommen, ass eng ganz aaner Diskussioun. Ech huele mol un dass mer eis do eenz sin an dass ech deng Perspektiv och richteg interpretéieren? Falls net, ech wier frou fier eng Erklärung, éierlech. Du an de Suraki huet allenzwee gudd Argumenter an ech fannen d'Diskussioun eigentlech ganz flott, just eng Léisung di jidfereen zefridde stellt denken ech ass extrem schwiereg. Meng Gottseidankmussechdaatnetcoden-Léisung wier eng Mixtur: eng Checkbox wou een seet ob een wëll *all* d'Fotoen gesin déi héichgelueden gin sin oder nemmen déi di *fraigeschalt* gin sin, souzesoen also 2 Versiounen vum Site wou een kinnt hin- an hierschalten. Mee ech mengen daat wier eng Pandora Këscht di ee besser zou léisst Augenzwinkern

Meng Perspektiv ass eigentlech di heiten: du hues lo gesot et wier keen Elitensite, mee waat mecht en Elitensite eigentlech aus? Een wou alles zouléisst ass jo secher keen, mee déi Leit di iwwerhapt sech di Arbescht maachen hei verfolgen jo offensichtlech en Ziel mam Fraischalten vun Fotoen di gewessenen Standards (sollen) entspriechen, oder wisou sollten se et soss maachen? Insofern ass mäin Argument (meng Perspektiv) di heiten: Ech gesin duerschaus photogen als en Site mat enger Messlatte un, an domat eben ee Site deen e Minimum u Qualitéit verlangt. Ob déi Messlatte lo do läit wou se soll, an ob se och emmer agehaalen gett... nuje, rem en aanert Thema. Och waat Qualitéit eigentlech ass an engem sou subjektiven wi der Fotographie. Wann sie gingen all Foto fraischalten di héichgelueden gett (daat wier den Equivalent zu jidferengem den 1ère Diplom gin dee sain Numm schreiwe kann), dann wier jo awer wierklech keng Erausfuederung méi do oder? Inwiefern wier de Site fier déi Leit déi sech wëllen wierklech mat der Matière beschäftegen dann nach interessant an firwat sollten se dann nach beim Site matmaachen wann se an der Mass aaneren Fotoen ennergin?

Iwwergens, zum Thema waat een op eng Prüfung schreiwt: natirlech kritt all Schüler en Kommentar resp. d'Méiglechkeet op Feedback op individueller Basis inklusiv Diskussioun an Hellefstellung seng Schwaachpunkten ze tilgen. U sech also duerschaus Verglaichbar mat der Funktioun vun de Comments hei um Site, oder? Also keng Suerg Suraki, sou Sätz wéi 'keng Gedanken gemach' gin et net bei méngen Schützlingen, well déi sin effektiv net ideal, fier et mol douce ze soen Augenzwinkern
20.06.2012 21:56 Loki ist offline E-Mail an Loki senden Homepage von Loki Beiträge von Loki suchen Nehmen Sie Loki in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ganz genee pan-or-ama
Du sees et, déi Knäppercher , déi hei gedréckt gin hun e ganz beleidegenden Inhalt
Gëtt dann mol eemol dee falschen gedréckt
heescht et

"Irren ist menschlich." - méi gëtt et do net dozou ze soen"

ech géing mech iwwer sou en Iertum schummen, an op manst entschëllegen
daat gëtt et dozou ze soen!

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mischii am 20.06.2012 22:11.

20.06.2012 22:07 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von mischii
ech géing mech iwwer sou en Iertum schummen, an op manst entschëllegen
daat gëtt et dozou ze soen!

Ech hätt kee Problem mech am Numm vun eis all ze entschellegen wanns du net e Kommentar geschriwwen häss andeems de quasi sees dass de erwaards dass mir wéi Maschinnen handelen, well dat ass méi respektlos an beleidegend wéi alles anescht wat mat dëser Diskussioun ze dinn huet.

Mir hun eng Entscheedung läscht Woch am Comité geholl, an zwar fir 3 Méint laang eng Testphase ze maachen ouni Aktivéirungssystem. éiert dës Phase ufänke kann musse mer awer nach aner Saachen an d'Rei maachen, z.B. musse mer Allgemeng Bedingungen zesummesetzen déi en Member muss accordéieren, fir dass mir eis ofsécheren op der legaler Säit. Wann ech awer muench respektlos Saachen hei liesen dann stellen ech mer schonn erëm d'Fro wisou mer deene Leit wollten entgéint kommen ... Ech kann direkt soen wisou an zwar well nach muencher derbäi sinn mat deene sech och normal diskutéire léisst, ouni respektlos ze ginn vis-à-vis vum Comité. Mee ech wir frou wann dir kéint sou weiderdiskutéieren dass mir eis Entscheedung net elo schonn bereien mussen.

__________________
404 - Not found
20.06.2012 22:18 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

wanns du net e Kommentar geschriwwen häss andeems de quasi sees dass de erwaards dass mir wéi Maschinnen handelen, well dat ass méi respektlos an beleidegend wéi alles anescht wat mat dëser Diskussioun ze dinn huet.

???? Elo lommen ech net méi no!!!!!!
ech mengen Dir interpretéiert falsch, ech hun nie eppes vu Maschinen geschriwwen an och net dru geduuecht, dass daat lo méi beleidegend soll wierken wéi är Kommentaren, war nun och net a mengem Sënn
sollt et beleidegt hun, entschëllegen ech mech
20.06.2012 22:34 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann ech eppes héi ob PG geléiert hunn, ass ët dass déi Diskussiounen héi am Forum zu näischt féieren ausser zu Mëssverständnisser, onneideg Steidereien an heigen Blutdrock.
20.06.2012 22:50 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech bezéien mech domat heirobber:
Zitat:
Et ass awer schon e bessi traureg, dass sou Irtumer viirkommen

Domat sees de nämlech aus dass de kee Verständnis hues fir sou Irtumer, sou wéiwann eis also op kee Fall der dierfte virkommen, ergo wéiwann mer all Maschinnen misste sinn (am iwwerdro'ene Sënn natierlech). An do gesäis de mol wéi séier dann eppes beleidegend an respektlos eriwwerkënnt, wat awer guer net esou gemengt ass. Ech hoffen d'Parallelen zum Recht vun der Diskussioun ginn erkannt ouni dass ech weider drop aginn, dat géif eis all nämlech vill weiderhëllefen...
Et deet mir och Leed dass heinsdo mol een e falsche Grond erwëscht, ma leider sinn och mir net perfekt, an géifen dat och nie behaapten.

__________________
404 - Not found
20.06.2012 22:50 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ma fiirwaat sech dann nët fein entschellegen, et géing villes vermeiden:
ech vermeiden et an Zukunft och d"Biodiversitéit vu Lëtzebuerg ze weisen, daat huet hei jo kee Viirrang
refuséiet Biller vun dësem Site hänke bei mir an der Stuff, a sin och schon verkaaf gin

afdg
20.06.2012 23:14 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mir refuséieren déi jo net well se schlecht sinn, mir refuséieren se well mer d'Kreativitéit an de Käpp vun de Leit bëssen méi wëllen förderen smile

__________________
404 - Not found
20.06.2012 23:19 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

irren ist menschlich,
ouni vill Polemik soll een sech do entschëllegen, ech huelen lo keng blöd Argumenter méi un
voilà
an a puncto Kréativitéit bei Naturbiller, muss een do e Gummibierchen op d'Blumm setzen?
an der Naturfotographie, därf an de concoursen mol net gestempelt a gecroppt gin, et soll sou sin , wéi een et gesäit, do muss enn dann nach just a sengem Material eens gin an déi richteg Astellunge fannen, daat ass net ëmmer liicht, e gëtt hei leider wéineg unerkannt
hei nach eent waat u manktum vu Kreativitéit refuséiert gouf, an ech mer anscheinend keng Gedanke gemaach hun
http://fc-foto.de/25584446
e macro vun enger Drëps, wou ech eng flott Mask gesin hun
ech haat anscheinend keng gudd Idi an et war oniwwerluecht, nujee, do gesin anscheinend Leit a mäi Kapp eran a gin net eens!
Dat ass mer awer mëttlerweil zimlech egal, et gin aaner Manéiren wou et unerkannt ass

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von mischii am 21.06.2012 01:21.

20.06.2012 23:19 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
mischii
Jungspund


Dabei seit: 04.06.2010
Beiträge: 21

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

vläicht gesi mer eis dann um Vernissage zu Esch, well zu Colmer wars Du jo och do, an hues Du Dech net ze erkenne gin, iergend ee klengt unerkennend mënschlecht Wuert , hätt schon e bessen zu engem bessere Verhältnis beigedroen

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mischii am 21.06.2012 00:28.

20.06.2012 23:33 mischii ist offline E-Mail an mischii senden Beiträge von mischii suchen Nehmen Sie mischii in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von mischii
ma fiirwaat sech dann nët fein entschellegen, et géing villes vermeiden:
ech vermeiden et an Zukunft och d"Biodiversitéit vu Lëtzebuerg ze weisen, daat huet hei jo kee Viirrang
refuséiet Biller vun dësem Site hänke bei mir an der Stuff, a sin och schon verkaaf gin

afdg



mischi, esh mengen mei ewei sech zum X-ten mol kann sech de Johny elo och hei net mei entachellechen, kloer esou Irrtümmer sin net flott, mee et kann halt virkommen, wisou leudste se net nach engkeia erop an sach ass gehaalen ? Esh mengen wir och elo un da Zeit och mol Sach ze Akzepteieren wat passeiert ass an op gudem Wellen nees no vir zekuken smile , mengen wannet jo och un dengem Intresse Leit heudet och kee wert sech elo bis an all Eiwegkeet elo doriwer ze Irrgeren, schlussendlech elo kann en io och net soen esh bezeulen hei dass meng Fotoen Visible sin, am Geigendeel, et ass vir naicht an och hinen hier Zait geedt drop, och wann een dat net esou direkt gesait an och halt villeicht well Ignoreieren well een deurch dommen Zoufall eng Foto deurch en Irtum net Aktiveiert krut smile
21.06.2012 01:21
Seiten (10): « erste ... « vorherige 5 6 [7] 8 9 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Refus

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH