Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dat ergëtt kee Sënn, vu dass déi meescht Leit an der Woch sws d'Fotoen kucken, an dann wësse vu wem se sinn
__________________ 404 - Not found
|
|
26.06.2012 08:43 |
|
|
jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
Themenstarter
|
|
Zitat: |
Original von Johny
Dat ergëtt kee Sënn, vu dass déi meescht Leit an der Woch sws d'Fotoen kucken, an dann wësse vu wem se sinn
|
Daat ergëtt kee Sënn? Et gin also keng Memberen déi just sporadesch op den Site kommen an awer ab und an un der Sonndesoofstemmung deelhuelen? Wow...dann ass d'Gemeinschaft méi kleng wéi ech geduecht hätt.
|
|
26.06.2012 15:30 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
D'Fotoe ginn aus dem "Pool" vun deenen déi iwwert d'Woch net-anonym eropgeluede goufen nominéiert. Et ass net méiglech réckwierkend d'Leit vergiessen ze loosse ween se gemaach huet, respektiv spontan Visiteuren dovun ofzehalen et ënner "Neist Fotoe kucken" erauszefannen wann se wéilten. Dee System hu mer jo och, mä fir d'Concoursen, wou d'Biller dann awer am viraus net anerwäerts um Site gewise ginn.
__________________ www.gloda.net
|
|
26.06.2012 16:21 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Et geet guer net drëm wéi grouss d'Gemeinschaft ass oder wéivill Leit Deel huelen un der Ofstëmmung, mee wéi de gloda sot, déi eng déi regelméisseg Fotoen kucken déi wëssen et, déi aner ginn net ofgehalen fir et kucken ze goen. Dat ass einfach well et keen normale Concours ass, just Leit sollen belount gi fir gutt Aarbecht mat hieren "normale" Fotoen déi regelméisseg eropgeluede ginn.
Beim Concours do ass den Deel anonym, do steet och an de Regelen drann dass ee säin numm ent däerf mat op d'Foto schreiwen z.B.
__________________ 404 - Not found
|
|
26.06.2012 16:25 |
|
|
Zodiac
Mitglied
Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36
|
|
Also ech stemmen regelmeisseg mat of fir d'Foto vun der Woch, an mär ass et am fong egal wen d'Foto gemach huet. Ech wielen dei wou mer am beschten gefällt. Dei meescht wou hei um Site sin, sin keng Juroren fir Fotosconcouren an wielen einfach dei wou hinen am beschten gefällt. Ech mengen, Useren kennen jo och all Foto wou an der Woch erop gelueden get virschloen fir d'Wochenofstemmung. Bal all Foto, well jo op Wonsch vun Verschiddenen Useren Méiglechkeet beigesat gouf fir seng Fotoen erauszehuelen aus der Wochenofstemmung.
Ech fannen den System wei en elo ass ganz gudd.
|
|
27.06.2012 13:31 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Nei Iddien sin emmer gudd, mais an desem Fall mescht et iwwerhaapt kee Senn.
Ausser mier hätten sou e Blitzdings wei am "Men in Black" :-)
Eenzeg Meiglechkeet wier evtl di heiten:
Jiddereen lued se anonym erop, an reischt no enger Woch koennt den Numm bei d`Foto stoen an den User daerf dann réischt op d'Kommentarer äntweren. Mais daat werft alles op d'Kopp brengt rem mei Nodeeer mat sech.
Dofir sollen d'Läit ganz einfach neutral, jiddereen fir sech di beschte Foto rauswielen.
Des Woch do war et relativ schweier fir mech do ware puer ganz staarker derbäi
|
|
27.06.2012 16:10 |
|
|
jekyll
Jungspund
Dabei seit: 03.07.2011
Beiträge: 21
Herkunft: Mamer
Themenstarter
|
|
OKokok...verstaanen mecht kee Sënn.
Ech hun wahrscheinlech Foto vun der Woch mat engem Concours verwiesselt, obwuel daat net den Zweck dovunner sollt sin.
|
|
27.06.2012 17:01 |
|
|
|