Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Support » Material » 50MPix...ween brauch dat » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen 50MPix...ween brauch dat  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

50MPix...ween brauch dat Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien gesoot,
et ass jo zenter kuerzer Zait vun Canon elo déi nei 5DS eraus (an och 5DSR). Déi hunn fantastesch 50MPix. Ech hunn mer selwer emmer gesot, ween brauch dat ? Ech selwer hunn 21MPix mat menger D5 Mark II an sinn zefridden. Ech hunn mer domadder schons pur Mol eppes bei Poster XXL op 180 x 60 cm vergréisseren gelooss, allerdengs muss ech direkt soen, dat et sech dobai em Hannergrenn gehandelt huet, wou et net drop ukennt, dat déi duerch an duerch scharf sinn. Trotzdem war ech positiv vum Resultat iwerrascht, well ech hat déi vun 'Knipsbiller' am JPEG gemach. Ech hun mer lo Beispillbiller vun der neier 5DS am RAW an 50 MPix erofgelueden an mol gekukt....An lo soen ech...wow. Ech geheien lo natirlech net mein Apparat eweg an muss eng 5DS kafen, mee ech hun mer schons iwerluescht, fir mer nächst Joer eppes neies unzeschafen. 5D Mark IV soll jo och nach kommen, anscheinend mat 28 MPix. Ech froen mech just, wann den Prais dann +-den selwechten wert sinn, wat dann géint 50 MPix schwätzt. Filmen well ech lo souwisou net groussarteg, mir ass et also egal op ech 4K Video hunn oder net.
20.07.2015 20:22 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
ornitho
unregistriert
RE: 50MPix...ween brauch dat Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Pit,

Den 5ds ewei den 5dsr sin wieklech Excellent Kameraen, wann en och dei richteg Objektiven dofir verwendet...Canon heut do och eng Lescht publeiert... bon kloer Opleisung ass Fantastech, och dei ni Strucktur vum RAW-Fichier, dei et elo ameiglecht ewei bei den nikon Kameraen Belichtung erop ze zeihen em 3 Blenden ouni dass e Noisebanding an den schietbereicher ensteht oder sech Rauschen ze stark bemierkbar mescht....

Opleisung heut och hieren preis, an den ass dass vill mei seier den Effekt vun da Beugungsunschärfe zu gesicht kennt, an och do Photodioden um Sensor just minimal mei grous sen ewei dei vum 7D mk ii ( den net wieklech eng Referenz am Rauschen ass, leider) ass Rauschen schon zimmlech Stark an denen Fischiern vum 5ds & 5dsr, och zousätzlech moiréproblemer....
Kamera brauch och mei heigh Verschlosszaiten vir Knackscharf Biller zengenereieren, awa dat heecht vitesse erop, iso erop, an do beist sech schlang an de Schwanz och schon, well et ass bei weitem keen Highisoapparat (1600,2000 etc...)

Sou gesin heuste mei am moment vun engem 5d mk III eppes wannste wells flexibel sen...

Et kennt och en neien 5d mk IV, awa do sen dei lecht Infoen an Gerüchter dei soen, Canon wellt Wert op Bildqualiteit leeen mat den Iso,s dat heecht Bildopleisung wert net mei heigh goen ewei 24 Mpx, wann net zugeur op 18 Mpx erofgoen.. Well elo heut Canon io en Highmegapixelbody, an den 5d iv soll den 5ds net canibaliseieren....

Do ech en immensen Technikfanatiker sen, kukt en och bei Konkurenz eriwer, an muss als Canonist zougin dass den D810 am Moment dei beschten leisung ass, Heigh Megapixel, gud Rauschverhaalen, an viel mei Belleg... Den 5ds ass Beispiel nees mam Megapixelwahnsin den et virun joren gin heut, an awa heut Isoqualiteit drener gelieden, kloer Canon heut nei Mastsäbe am Fullframe gesat, mee am Endeffekt rauscht den Sensor mei ewei dain 5dmkII.. An irgendwou ass dat awa net dat wat en zum schluss well, an dann helefen och dei vill MPx naischt mei, well ween well 50mpx verauschten Biller hun, oder se awa dono mussen erof ze skaleiern...

emplus heut den 5ds och net dei nei Dualpixelfunktioun am sensor vir den Af-tracking beim Filmen... irgendwou asset nei Technik an dach irgendwou asse Hannendran... smile
20.07.2015 22:30
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Themenstarter Thema begonnen von Pit
RE: 50MPix...ween brauch dat Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien ornitho,
ech brauch och net wirklech sou eng Opléisung. Nodeeler vun denen héigen Opléisungen sinn mer och bekannt. Ech hoffen jo mol, dat déi Biller, déi een als 'Beispillbiller' eroflueden kann net verfàlscht goufen. Ech hunn just font, dat déi 'Alldaagsbiller' wirklech gudd sinn. (hunn se hei erofgelueden: http://www.photographyblog.com/previews/...eos_5ds_photos/ ) Ech warden eigentlech gespant op 5D Mark IV, oder wéi se dann och heescht. Ech hoffen just, dat se net higinn, an den Prais an déi selwecht Richtung wéi den vun der SDS setzen, well se dann en 4K Videomodus agebaut hunn. Eierlech gesot, sinn ech nach emmer der (aalmoudecher ?) Mehnung, dat en Videofilmer eng Videokamera brauch an en Photograph en Photoapparat. Ech schaafen meng 5D Mark II och net of, wann ech mer dann sollt nächst Joer eppes aneschters zouleen, dofir ass Kamera ze gudd an du kriss net genuch méi erem. (Ass wéi fréier mat den Computer, wann en neien erauskoum). Ech machen vill Fotoen fir Modellbauartikelen, an do kéim en 2ten Body schons gudd, deen dann um Stativ doheem bleiwen kann. 5D Mark III soll jo och nach an den Geschäfter bleiwen, vielleicht kann een dann och en 'Schnäppchen' machen...Ech sinn jiddefalls gespant, wat Canon eis do nach liweren wärt.
21.07.2015 08:48 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Support » Material » 50MPix...ween brauch dat

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH