gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Et get Zäit fir mech mol den Sensor ze botzen. Ech hun lo net nemmen méi Steps, mee en ganzen FUSEL um Sensor hänken.
Wéi maacht där ären Sensoren propper? D'Copper Hill Method gesäit gudd aus. Kennt een vun ierch déi? Vläit kann jo een mer soen wou ech d'Material dofir hierkréien.
Merci,
Gloda
__________________ www.gloda.net
|
|
08.01.2006 20:54 |
|
|
RivanerJoe
Foren As
Dabei seit: 20.09.2005
Beiträge: 77
|
|
Wees net wat d'Copper Hill method as.
Mee däi Fotoapparat huet am Menü eng Funktioun, déi de Spigel ropklappt. Du hels also den Objektiv rof, klapps de Spigel rop a bléis mat engem Blosballeg de Stëpps raus.
Op guer kee Fall mam Mond dra blosen. Wann bis Spaut um Sensor as hues du Freed!
|
|
08.01.2006 22:06 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Merci. Sou wäit war ech zwar schon. Ech sichen virun allem lo Tips fir Material. Z.B. Antistatesch Biischten, Blosebalgen oder wat och emmer een elo helt fir do dran ze blosen, Loft aus der Béchs kennt jo och net an Fro.
Kennt een hei Eclipse?
__________________ www.gloda.net
|
|
09.01.2006 07:51 |
|
|
alma
Mitglied
Dabei seit: 21.11.2005
Beiträge: 49
|
|
gei bei den action shop "mirgain" an der stadt bei der post.
dee mescht daat am geschäft.et kascht demno wei bis max 15euro.
ech geif net mei selwer drun pidelen goen.
kuck dir och mol den link: www.traumflieger.de un
|
|
09.01.2006 08:27 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
also loft aus der Bechs weis de sees as mol guer net sou iwwel... Kenair huet di gudd. Spruddelen net, ausser wanns de se wierklech kromm haelss, mee daat solls de jo och net.
Ett gett well awer vill besser Methoden: Du kris extra Druesen, dei op eng normal Drockbechs ugeschloss gin, mat engem Saugpad waat un e Schlauch gekoppelt as... Saugt also.. a bleist net...
Gin de Mette kuerz an de Betrieb, da kucken ech no weivill ett kascht a wei ett heescht... Wees daat nemmi su genau...
Klappt awer zimlech gudd...(alos as bis elo dei beschte Leisung..)
A selwer botze geet och, wann ee wees wei.. Bessi VILL oppassen, a mat 70%Alcoohol a gudde Pads oofwesche,... mee... kriddelesch...No der 10ter Keier haat ech och mol Verschleierungen um Chip... egal... Sulaang keng Schrummen dra kommen, geet rem baal alles ab...
.
Mee ech geiff ett lo awer nemmi maan... Mat deenen neie Leisungen. Also meng S2 huet scho gudd 2 Joer um Bockel.. eeh fier op den Tip....
A bei de Mirgain geiff ech se net onbedengt gin.. maan ett zwar bestemmt gudd, mee bestemmt och net aanescht wei mat der Loftbechs oder sou... A fier dei 15 E kann ee sech scho baal e Kit kaafen...
E richteg gudde Sensorcleaning maachen eigentlech just d Hiersteller selwer...
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Mogway am 09.01.2006 11:33.
|
|
09.01.2006 11:30 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Also virun allem hartnäckegen Dreck geiw ech just vun engem Profi botzen lossen. E bessen Steps kritt jidereen selwer mat engem Blossballeg mat klenger Biischt drun eroof.
|
|
09.01.2006 12:46 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
Dorr sensor cleaning system
1x 400 ml Drockloft
1x mini vac
3x pick up
3x wet foam
3x dry sweeper
de Kit kascht em dei 70 - 80 E
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Mogway am 09.01.2006 16:26.
|
|
09.01.2006 14:35 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Also Loft aus der Béchs drop blosen kennt fir mech net an d'Tut. Et kennt emmer en bessen méi wéi Loft eraus. Dat mam saugen kléngt do schon méi interessant. Den Mirgain wou ech de Metteg war huet en Kit mat sou engem Sauger an Schlauch an blabla, kascht awer 70€! Den Tip huet gesoot si giffen et mam Kompresser machen. Vum Präis huet en allerdings näischt erwänt...15€ as awer och schon happeg fir 1mol botzen.
Mogway: Kriss de dann mat deem System alles erof? Ech trauen der Saach net sou ganz.
An du seess beim Hersteller selwer... mengs de ech kéint méng EOS op d'Cloche d'Or bei Canon droen? Ech weess guer net ob déi dofir zoustänneg sin... an ech well och net dass mäin Apparat vir 3 Wochen an Holland geschéckt get.
__________________ www.gloda.net
|
|
09.01.2006 14:36 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Also nie drockloft benotzen well sos geet den stepskär op eng aner platz asw .Ech machen datt esou
Ech losen meng Kamera 1Stonn aus, dann as den Chip kall ( wans de viel Biller mechs ,dann as den sensor CMOS oder esou waarm an alles pecht dan drunn ) also am kalen zoestand...dann D'Objektiv eroff machen an Kamera matt der Ofnung no ennen halen.Dann eng anstellung wei BULP oder SENSORREINIGEN oder eng zeit anstellen esou lang ass weis du den ausleiser dreks,esou lang bleift den vercshluss op ,dan matt engem Loftbalgen an Kamera blossen 4-8X an wann en stepskär do ass dann fält en no ennen eraus well Kamera jo no ennen gedreint ass .Et ginn Loftbalgen aus der Apdikt do ass keen weissen polfer d'ran ass den as do drann vier de gummi ze schutzen et ginn och Blossbalgen beim Photograf .Mein ass aus de Apdikt (du muss froen) an esou halen ech mein CMOS Chip propper.Eenn den nett ens gett demm kann ech hellef unbidden an him datt weisen , wenn et nett zeweit vun Rëmeleng ass..An W.E.G. NIE NIE matt enger "DROKLOFT" flesch an den Apparat halen well soss kent och kondenz wasser mat eran .......
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
09.01.2006 15:47 |
|
|
alma
Mitglied
Dabei seit: 21.11.2005
Beiträge: 49
|
|
also, ech konnt mech net bekloenbeim mirgain.
hien as bei mir och mat sou engem extra pat iwert den sensor gefuhr.
resultat war awer ganz ok.
an well ech nach een bletz kaaf hun, war daat ganz service um client.
irr ech beim mirgain war war mein apparat 11-12 woch am ausland an ass abimeiert zereck komm. ech hun dei story awer schon hei am forum gepost.
Zoom-Objektiv
|
|
09.01.2006 16:17 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
also de canon setz as nemme Vertriedung.. kee Service...
Mus also agescheckt gin...
|
|
09.01.2006 18:23 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Ech mengen ech probéieren emol wat den Canon gepost huet, dat schéngt jo zimlech einfach an präiswäert ze sin. Wann ech net eens gin kommen ech emol op Besuch, vun Kärjéng as dat jo net sou wäit
No wat genau froen ech dann an der Apdikt? Gin ech do net komesch gekuckt wann ech no engem Blasebalg froen?
__________________ www.gloda.net
|
|
09.01.2006 19:05 |
|
|
Mogway unregistriert
|
|
gloda: LOL
daat hun ech mech och gefroot...
Tip: alles waat mei an daat spezielt geet huet den Anen an der Stadt. Wann net, de Grossist as de Lecuit. Um Howald. Huet meeschtens alles.
|
|
09.01.2006 21:03 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Ehem... as den Anen lo en Apdikter oder en Fotogeschäft? An wou as deen?
__________________ www.gloda.net
|
|
09.01.2006 22:19 |
|
|
alma
Mitglied
Dabei seit: 21.11.2005
Beiträge: 49
|
|
ech war och an apdikt sou een blosballeg kaafen.daat war awer keen probleme.
dei wousten direkt waat ech wollt.
|
|
10.01.2006 08:11 |
|
|
rhconcept
Grünschnabel
Dabei seit: 12.01.2006
Beiträge: 8
|
|
Hun stonnelaang am Google no Siten gesicht an och e Riesekoup Bäitäg zu dem Thema am Netz fond. Hu mir dunn Eclipse Botzflëssigkét op Basis vu Methanol a Pec Pads an England bestallt, eng aal Kreditkaard op d'Breet vum Sensor geschnidden. Fir d'éischt émol mam Blossballeg d'Stëpskären eweggebloosen an duerno mat 2 Drëpsen Eclipse um Pad douce a regelmässig iwert de Sensor. Déi éischte Kéier haat ech e mulmigt Gefill am Moo, ma mat et absolut problemlos. ma oppassen dass genug am Accu ass, nët dass de Spigel iwert dem Botzen zrëckklappt.
Daat ass just en égenen Erfahrungsbericht. Also ouni irjendwelech Garantie.
|
|
12.01.2006 22:11 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Huet dat vill kascht fir d'Sachen aus England kommen ze loossen? Iwwert wéing Firma bas de gefuer? Bis elo krit ech bei den Wieder 'PecPad' an 'Eclipse' an den Photosgeschäfter Gesiichtsausdréck wi wann ech grad en BigMäc bestallt hätt.
__________________ www.gloda.net
|
|
12.01.2006 23:01 |
|
|
alma
Mitglied
Dabei seit: 21.11.2005
Beiträge: 49
|
|
vielleicht nach een klengen tipp. irrs du un den sensor botzen gees, geif ech fir d'eischt op engem UV-filter probeieren dann geseis du nämlech op et een schleier oder streifen durch flessegkeet gin.
wann's du den UV-filter geint lucht hells an et sin streifen dran, dann haas du wahrscheinlech zevill flessegkeet geholl.
ech haat daat och sou gemach an wei ech resultat gesin hun, hun ech mech net mei getraut :-)
hei ass nach eng adress wou een een blosballeg kann bestellen
http://www.topvision-online.de/default.p...ilID=2100835109
|
|
13.01.2006 13:45 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
Themenstarter
|
|
Ech hun elo een aus der Apdikt. Ech probéieren mol den Owend.
Also, ech hun vorher-nachher Fotoen gemach.
Den riesegen Fusel an S-Form as gottseidank fort, an och en puer vun den klengen Stepskären déi mech awer net sou wahnsinned stéieren well ech meeschtens mat grousser Blend schaffen.
Mee fir den Sensor wierklech propper ze kréien get dat gepustels do nimols duer.
__________________ www.gloda.net
|
|
13.01.2006 19:05 |
|
|
CANON
Doppel-As
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 145
Herkunft: Rëmeleng
|
|
Also do gesât en waat en matt engem Blossbalgen alles machen kann ,ech sinn fou daat esou gangen aas......Salut
__________________
Deen e Schreif Feeler Frënd kann e behalen
|
|
27.01.2006 17:04 |
|
|
|