patrickr unregistriert
|
|
De Moien sin ech emol op Belval gaangen fier ze kucken, ob de neie Saturn dat versprecht, wat gesot get.
Et as grouss, et as vill do, mee iergendwéi sin ech net iwwerzeegt. Wat d'Photossaache betrefft do fannen ech, dass et genuch etabléiert Butecker hei am Land get, an och Internetversandheiser, wou een definitiv nach besser Präisser kritt. De Choix as a méngen Aen och net bombastesch, dacks sin et identesch Artikelen déi nieweneen hänken an doduech suggeréieren dass vill do as. E Choix huet een net. An et si Fehler do. Fier en Nikon 50/1.8 wellen se 230 Euro ...
Bei vereenzelten Top-Angeboter schéngt et, dass se veralt Artikelen ubidden, virun allem am Computerberäich. Normal dass déi dan extra-belleg sin, an dass ee se net bei der Konkurrenz fennt, well déi verkafen dat schons laang net méi.
Mech nervt och, dass alles op Franséisch opbaut. Et ka sin dass ech mech verkuckt hun, mee ech hun z.B keng Nintend DS Spiller op Däitsch fonnt. Se haten awer z.B Schwäitz-Franséisch Computertastaturen.
An dann de Parking ..., natierlech war deen um 11 Auer voll an d'Leit hu missten emdréinen. Gudd dass ech um ale Belvaler Parking op der anerer Säit vun den Zucheschinne stoung an iwwert d'Bréck komm sin.
Fazit: secher Kuckenswert, mee et as secher net dat Paradis wat se eis versprach hun. Ech bleiwe bei mengen "Akafsquellen", do kommen ech besser eweg, well och ech haassen deier. Hun nemmen 11,98 Euro do gelooss.
Patrick
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 25.10.2008 13:34.
|
|
25.10.2008 11:47 |
|
|
Mochel
Jungspund
Dabei seit: 22.11.2007
Beiträge: 11
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
wor daat dei nei AC/DC CD ???? :-)
Ech haat erreicht welles an engem oder zwee Meint dohinner ze goen wann alles mei roueg do ofleeft.
|
|
25.10.2008 12:28 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
Nee, eng Maus an en USB-Kabel
|
|
25.10.2008 12:33 |
|
|
ChLo
Jungspund
Dabei seit: 23.10.2006
Beiträge: 11
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
Nikon 50mm 1.8 hun ech z.B. op der Escherstroos fir 129 Euro gesin.
Daat as awer e riesen Ënnerscheed...
|
|
25.10.2008 13:28 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
|
25.10.2008 17:09 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
|
25.10.2008 17:31 |
|
|
TomS
Jungspund
Dabei seit: 19.08.2008
Beiträge: 20
|
|
Naja ech wuar och den eischten Daag do, an sou oft wärd een mech do net gesin...
Als Letzebueger fillt een sech schon quasi diskrimineiert...
Alles as op den Franseischen Marché zougeschnidden...
DVD'en, CD'en, Software, Filmer, Spiller sin alleguerten op Franseisch! ech hun vlait 2 DVD'en op Daitsch fonnt...
Laptop an PC Tastaturen zu 98% AZERTY!!! (Bekannterweis as an Letzebuerg Franco-Suisse Standard!)
Diskrimineierung puer... Meng Meenung
Tom
|
|
25.10.2008 19:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
Zitat: |
Original von ShantidevaJo, virun allem deen MacBook deen se sou bëlleg ubieden ass jo eigentlech deen vierleschten Modell. Fir 200 Euro méi kritt een jo awer den aktuellen Modell. |
Apple selwer huet dee klenge Modell vun denen alen nach an hierer Linn gehal, fir en kënnen belleg unzebidden...
__________________ 404 - Not found
|
|
25.10.2008 23:34 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
|
26.10.2008 08:11 |
|
|
Poly
Mitglied
Dabei seit: 07.09.2008
Beiträge: 37
|
|
ech wuar och den éischten dag do well ech iwer de belval gefuer sinn an eng parkplatz fir iwer bréck fund hunn, ech wuar wirklech och enteuscht, uarbechtskollegen hetten gaeren de memorystick gehat vun 2gb der wuaren awer keng méi do mueres um 10 auer, fir en asatz fir eng senseo kaffismaschinen krutt ech d'entwert ech soll um "internet" nukucken well si keng hetten, super,de rescht as esou zimlich dat wat iwerall foend toentepatrounen sin de selwechte préis wéi am cactus an 1 € méi deier wéi am cora, ech wannen de saturn zu tréer, méi "sympatesch" am service an der berodung as,fir de rescht ginn ech wirklech léiwer a meng "aler" geschefter, hunn hei op jidderfall ké vertrauen eng gréiser saach ze kaafen, adieu mes amis, gehe nach trier:-)
|
|
26.10.2008 12:57 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
Zitat: |
Original von ShantidevaJo daat stemmt, awer net mat deser Konfiguratioun. Hues du dir d'Konfiguratioun dovun richteg ugekuckt? Daat ass definitiv een aalen Model. |
Nee ech war nach guer net do
__________________ 404 - Not found
|
|
26.10.2008 13:34 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
as deen haut op??
den Saturn?
|
|
26.10.2008 14:14 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Jop bis 6
__________________ 404 - Not found
|
|
26.10.2008 14:21 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
1500000trillionen leit an bannen dran stress 300o leit sin vereckt...
|
|
26.10.2008 21:42 |
|
|
n0brein
Foren As
Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf
|
|
RE: Ech war am neie Saturn |
|
Zitat: |
Original von Mochel
wor daat dei nei AC/DC CD ???? :-)
Ech haat erreicht welles an engem oder zwee Meint dohinner ze goen wann alles mei roueg do ofleeft. |
wanns de di aal ac/dc cden zesummenmashs dann hueste di nei
|
|
26.10.2008 23:14 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Do gesäit en jo nes, datt en gudden Marketing fonktionnéiert.
Iergenden Buttik jäizt "mir sin déi bescht an déi bellegst" an schons gleewt jidferen dat an rennt dohinner. Sid dir all sou naiv ?
Och en Saturn kacht nemmen mat Waasser, grad ewéi Cora, Auchan, Darty, Cactus oder wéi och emmer. All Buttik get op mat e puer Lancementsofferen an dann huet henno och en Saturn emmer zwe, drai Artikelen déi méi bëlleg sin ewéi bei all denen Aneren an den Rescht ass gene sou deier. Dat ass gene denselwechten marketing ewéi all déi aner Geschäfter och maachen, Saturn ass keng Ausnam och wann se "wir hassen teuer" blären an domadder suggeréieren si wiren déi bëllegst. Wien dorobber erafällt ass selwer schold.
Fir en gudden Paris ze kréien gelt et d'Praisser ze vergläichen !!
An fir déijeneg déi sech opregen datt se franséisch ausgeriicht sin: Si hun en Geschäft zu Esch, am Grenzgebit zu Frankräich. Hier Clientel ass franséisch. Si wiren jo blöd wanns e dann géifen däitsch Filmer an Computer verkafen!
|
|
27.10.2008 09:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Dass se OCH franséisch Saachen ubidden ass normal, mee net NEMMEN. D'Geschäft ass zu Letzebuerg an déi meescht Leit kafe sech Filmer emmer nach léiwer op Däitsch wéi op Franséisch.
Obs de Recht hues domat, dass et sou ass well et do sou no um Frankräich ass, gesi mer jo dann wann hier aner zwee Geschäfter, am Zentrum, opmaachen
__________________ 404 - Not found
|
|
27.10.2008 10:00 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
O! Ech woust mol net, datt se och Geschäfter am Zentrum opmaachen. Gudd ze wëssen.
|
|
27.10.2008 10:48 |
|
|
deendo
Foren As
Dabei seit: 14.11.2006
Beiträge: 87
|
|
|
27.10.2008 11:52 |
|
|
|