Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
|
|
Gudden Owend,
Ech hunn elo grad meng Fotoen vum Snow Patrol Concert op de Mac eriwwer gelueden a wéi ech d'Fotoen wollt kucken hunn ech festgestallt dass op ganz ville Biller Pixelen sinn déi blénken!
Huet iergend een eng Ahnung u wat dat kéint leien a vill méi wichteg nach wéi ech dat nees lass ginn?
Villmols Merci
Dan
|
|
25.07.2009 23:53 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
dat do hun ech nach ni héieren, dass op enger fäerdecher foto pixel blénken. futtis pixel op engem bildschierm kënnen onreegelméisseg optauchen a blénken. mee op enger foto as dat onrealistesch vir mech.
waard fläit bis den alkohol aus dem bludd as XD
nee, also serieux: ech kennen dat do NET. sin awer gespant wat eis spezialisten dozou ze soen hun .....
__________________
|
|
26.07.2009 01:40 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
handelt ët sëch vleicht ëm - hotpixel - ?
|
|
26.07.2009 10:45 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Woumat kucks de déng Fotoen? Wéi blénken se? Regelméisseg? Wéieng Faarw?
__________________ www.gloda.net
|
|
26.07.2009 21:14 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Also Troubleshooting. Dat heescht dass mer och déi banal Saachen duerchgin.
Hues de scho probéirt déi FIchieren an aneren Programmer opzemaachen? Mam Photoshop misst de jo nach opmannst Camera RAW nierwt dem Aperture hun.
Hues de am Aperture vläit d'Fonktioun aktivéiert wou d'Highlights déi ausgebrannt gin sonner markéiert gin fir dass se besser opfahlen? (Shift-Option-H, Handbuch via http://www.manualnguide.com/manual-get/2108/ )
Sin déi Pixel wou bénken physikalesch op der selwechter Plaatz um Bildschirm, och wann d'Foto ëm déi et geet gezoomt get?
__________________ www.gloda.net
|
|
27.07.2009 00:40 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
Themenstarter
|
|
Ech hunn de Moien de Computer ugemach nodeem's ech en wéi gesoot iwwert eng Woch net äushaat an elo schéngt et besser ze sinn!
Dat heescht bei de Fotoen wou d'Pixelen geblénkt hunn gesinn ech dee Problem lo mol net méi, ech kucken de Mëtten awer nach eng Kéier méi genau!
Da schéngt 1 Woch Dauerbetrieb dem Ecran wierklech zevill ze sinn.
Merci op alle Fall un all déi, déi mer geäntwert hunn!
|
|
27.07.2009 11:33 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
spannend!
wéi as dat dann mam gloda sénger fro iwwer 't pixel: se si jo bei all foto op nger anerer platz. mee emmer op der selwechter platz um SCHIERM oder op der FOTO ....
__________________
|
|
27.07.2009 11:39 |
|
|
Dan
Doppel-As
Dabei seit: 06.05.2006
Beiträge: 142
Themenstarter
|
|
D'Pixelen déi geblénkt hunn waren souwuel an der Quantitéit wéi och op der Platz wou se geblénkt hunn ëmmer ënnerschiddlech!
Bei der Foto selwer, wann ech gezoomt hunn, waren se dann awer physikalesch op der selwechter Plaatz.
Ganz sécher hat ech d'Funktioun fir d'Highlights ze markéieren ausgeschalt, an déi gesäit och anescht aus. Do ginn d'Highlights rout markéiert an déi Markéierung ass statesch an net dynamesch!
|
|
27.07.2009 13:16 |
|
|
|