galileo
Eroberer
Dabei seit: 12.01.2007
Beiträge: 59
|
|
Firwaat dann iwerhaapt esou e Filter un däin Objektiv schrauwen ??
Mat oder ouni Vergütung, et ass ëmmer eng zousätzlech Glas a Loftschicht, déi nëmmen deng Qualitéit kann manner gudd machen
Als "Schutz" geet d'Géigeliichtblend an 99,9% vun de Fäll duer - et sief du fotograféiers an engem Sandstuerm, oder an der 1. Rei beim Motocross
....me gudd - jidfereen mecht do wéi e wëllt.
Fir mech ass dat "an da brauch Der nach en UV-Filter" just Marketing.
|
|
08.11.2009 11:02 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Bei den Super-Tele kommen d'Filer oft hannendran.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.11.2009 16:31 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Ech wees keent wou en net hannendran kent. An UV-Filteren brengen naicht ausser nach mei Glass, an manner Qualitéit, dofir geet een bei engem Super-Tele och secher net en notzlosen UV-Filter dran machen.
Mee wat ech wollt soen, bei engem Super-Tele kanns de keng Filteren als Schutz drop machen.
|
|
08.11.2009 18:36 |
|
|
Kilroy1313
Mitglied
Dabei seit: 19.10.2009
Beiträge: 29
|
|
Ech hat do nach ni de klengsten Zweifel: Ëmmer mat Filter!
Natiirlech kann een elo do driwwer streiden, mä dat soll jiddereen fir sech selwer descidéieren. - Ech hun do ëmmer op d'Vendeuere gelauschtert a schéi brav déi Filtere kaaft an drop gemeet. - Den Artikel hei ass intressant, wou en een nodenken deet, datt dat vläit nët niedeg wier. Mä trotz dem "Qualitéitsverloscht" geet mir mäin Investissement (Objektiv) ze schützen vir!
Ech géng mech och iwwert eng Optik fir 7.000,- € freën, mä domadder hat ech leider nach keng Problemer - ët sollt ee vläit 1 Kéier keen neien Auto kaafen...
|
|
08.11.2009 21:45 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Ech benotzen just L Objektiver vun Canon an déi sin mir ze schued fir do als "Schutz" een Filter drop ze machen deen mir just Qualitéitsverloscht brengt. Dann kann ech mir och méi bëlleg Objektiver kaafen. Daat kennt op daat selwescht eraus. Mat Filteren kritt een just stéierend Liichtreflexiounen, Haloen, Vignettéierung, etc. dran. Een den meng 5D schon mol gesin huet wees waat mein Apparat matmecht wann ech um Tour sin, awer ech hun nach nie daat geringsten Problem mat engem Objektiv gehaat. Wann den Apparat dir op den Buedem fällt (an ech schwätzen vun Erfahrung), dann fällt en net fir op d'Objektiv mee en kennt seitlech op. De Schwéierpunkt vum Apparat mam Objektiv ass jo emmer méi no um Body.
Am Moment hun ech eng ganz Sammlung UV Filteren vun all Gréisst doheem trellen well ech se schon lang net méi drop machen.
|
|
09.11.2009 08:15 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
|
09.11.2009 09:44 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Jo, genau. Souwiesou ass Stebs oder een klengen Kratzer vir op der Lens ausserhalb vum Focusbereich an net sichtbar. Wann d'Lens net stark duerch Donscht ugelaaf ass, mierkt een mol net wann irgendeppes vir drop ass.
|
|
09.11.2009 10:53 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
stemmt
stell der mol wier du geifs all stepskär gesinn, dann geifs de jo net mei färdeg ginn mat botzen
Daat hei war awer schon en heftegt beispill, hätt ech sou och net geduet
|
|
09.11.2009 11:02 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Also hätt och net erwart, dass d'Fotoen mat enger gebrachener Frontlens esou "gleichmässeg" (wees grad keen besser Wuert) géingen gin. Ok mat der Sonn dran war kloer, déi get jo elo do an all richtung reflektéiert an gebrach.
Ech hun bis elo den Filter och net als Schutz an dem Senn drop gehaat, mee fir net mussen meng Frontlens emmer ze botzen, well dat jo awer net soll sou gut sin fir d'Beschichtung. An bei mir as d'Sonneblend emmer drop, vun dohier ferten ech och nie, dass eppes drun kent.
|
|
09.11.2009 14:22 |
|
|
Schlimpitz
Tripel-As
Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221
|
|
Zitat: |
Original von BlueRic
Also hätt och net erwart, dass d'Fotoen mat enger gebrachener Frontlens esou "gleichmässeg" (wees grad keen besser Wuert) géingen gin. Ok mat der Sonn dran war kloer, déi get jo elo do an all richtung reflektéiert an gebrach.
|
also ech haat mol bessi erstaunt gekuckt wei ech d'objektif gesin haat
|
|
09.11.2009 14:38 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
dozou hate mer dach schon eemol een Thema...
merci das de mat dengem test meng Thes vun deemols bewiss hues, wo wollt baal kee mer gleewen daat spigelungen am filter ob der kopp wieren....
Huet eigentlech een vun iech emol eng front lens wiesselen geloss?
bai engem objektiv vum 1000 euro mat mei wei 10 lensen, kann eng eenzel dach och net mei wei 100 euro kaschten?
|
|
12.11.2009 10:40 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
Trotzdem hun ech emmer een Filter drop well ech trotz geigenlischtblend zb Reendrepsen drop kreien an dei kann een vill mei einfach um Filter wegweschen oder ech kien widdert d'lens (lo kommen ech emmer widdert den Filter) wann ech den deckel engker seier op d'objektiv dinn.
|
|
12.11.2009 15:19 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
wierklech interesaant !
ech wert mer daat och emol zu härz huelen, evtl. e puer tester mat an ouni machen !
hun och emmer nemmen un den schutz geduecht an net un t'nodeeler, mais bei guddem wieder hun ech baal emmer den POL drop, och eichter schlecht wei recht ?
|
|
12.11.2009 22:20 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Nee dat as net schlecht. Et brengt natierlech déi selwecht Nodeeler wéi den UV-Filter mee du mes deen jo drop wells de sain Effekt wells, deens de och net kanns iergendswéi imitéieren, och net am Photoshop.
|
|
13.11.2009 00:26 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von BlueRic
Nee dat as net schlecht. Et brengt natierlech déi selwecht Nodeeler wéi den UV-Filter mee du mes deen jo drop wells de sain Effekt wells, deens de och net kanns iergendswéi imitéieren, och net am Photoshop. |
hahaha ziel dem mirgain daat !
jo, mais ech ierken dat esouguer t'nodeeler relativ sin, bei architekturphotoen as et erem een fierdeel mei laang beliichten ze kennen, den POL helt relativ vill lucht tescht 1-2 blenden (oder ieren ech mech, as schon laang hier dat ech bei sonnegem wieder geknipst hun ...) an do as een frou wann een emol an den sekonnenbereich kan goen fier menschen ze verzerren ...
fum geilen kontrast fum POL net ze schwätzen .. also den himmel an wolleken zumols !
freen mech schon erem op gut wieder, nah
ch 6 meint !
|
|
13.11.2009 00:54 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Wat soll ech dem Mirgain soen? Dat mam Photoshop.
Et gin vill Filteren déi een kann gut imitéieren oder ersetzen mam Photoshop, mee den Pol-Filter (oder z.B. den Ir-Filter) definitiv net.
Den Pol-Filter as net als ND Filter geduecht. Den Pol-Filter filtert der eng Polarisatiounsrichtung eraus. An durch dréinen kanns du quasi eraussichen wéieng Richtungs du net wells gesin. Esou kanns de dann Reflektiounen eweg machen awer just déi vun net metallegen Kieperen, well Metall all Polarisatiounsrichtungen reflektéiert an all déi aner Matièren haptsächlech eng Richtung reflektéieren déis du dann kanns eraus filteren. An esou kanns de z.B. Sachen gesin déi firdrun durch d'Reflektioun net zegesin waren.
|
|
13.11.2009 02:02 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Jo mee an enger Hinsicht hues de och hei Reflektiounen eweg gemach, well et as reflektéiert Liicht wats de aus dem Himmel an den Woleken erausfilters mat dem Pol-Filter.
|
|
13.11.2009 12:51 |
|
|
|