BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
seuftz...dann gräifen mer hei nach enker ob: et ass absolut keen Problem op eng präzis Fro ze äntweren. Déi gouf jo spéiderhin formuléiert an gestallt, an doropshin och beäntwert!
(weis du sees, hätt een effektiv d'Beschreiwung nach bëssi kéinten ausbauen, wat awer ëmmer sou eng Saach ass well d'Iddien net ze fill ageschränkt sollen gi)
Punkt (fir mech!) war dass HAI eng Diskussioun absolut onnéideg, fir net ze soen schiedlech war - an doropshin hunn ech mech erausgehalen.
Perséinlech zu schued ass mengen ech awer keen komm - vue dass mer mol nees all just virun engem Schierm setzen ass wéineg perséinleches am Spill....
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
05.06.2010 17:36 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
ech well mech trotzdem entschellegen dat ech sou ausfaalend gin sin,
egal ob begrennt oder net, daat muss net sin
et kennt jiddereen daat gefill wann een mengt epes gudes ze machen an een dann falsch verstaan oder zu onrecht epes fiergeheit kritt dat een sech dann zimlech ugepisst fillt, ob allefall as et mier esou gaang.
|
|
06.06.2010 09:20 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Zitat: |
Original von Gaga
ech well mech trotzdem entschellegen dat ech sou ausfaalend gin sin,
egal ob begrennt oder net, daat muss net sin
et kennt jiddereen daat gefill wann een mengt epes gudes ze machen an een dann falsch verstaan oder zu onrecht epes fiergeheit kritt dat een sech dann zimlech ugepisst fillt, ob allefall as et mier esou gaang. |
Gaga, lo mol sériö: du brauchs dech häi nët ze ëntschëlligen. Du hues just deng Meenung gesoot, an dengem Genre. Mir wärten awer elo nët mussen de KNIGGE eraushuelen fir dass keen eng Krausel verléiert. Dën Text vum Konkuer ass effektiv iwerléënswert, an d'malentenduën sin dohir komm well an 2 Sätz de Sujet an dën Objet di nämlicht sin. Bäi engem Autoportrait ass de Fotograf an dee Fotograféierten dee selwichten. Den Autoportrait soll anonym sin, d.h. dee Fotograféierten soll een nët erkennen, an de Fotograf därf een nët gesin, sou steet ët an de Konditiounen vum Konkuer. An do gët ët awer mindestens 1 klassisch Situatioun déi évitéiert muss gin. Dësen Thema ass awer nët där schlechtster een vir ë Konkuer....
|
|
06.06.2010 17:22 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
daat huet jo naischt direkt mam thema ze din maimonides, ech fannen et einfach fier mech neideg och kennen no esou sachen den Desch ze berengegen, an ze weisen dat een net nodroend as, resp. dat een och esou fill Selbstkritik muss hun seng eegen Fehler anzegesin ... ech hun eben hei meng Fassung verluer, waat ech normalerweis probeieren ze eviteieren.
ech stin derzou an sin mer net ze schuet mech dofier ze entschellegen.
|
|
07.06.2010 00:29 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
Themenstarter
|
|
Am "Enoncé" vum Concours steet awer nach wie vor "Et ass wierklech wichteg, daat den Fotograf NET ze gesin ass, eng Reegel dei ganz vill Bedeitung huet fir dëse Contest."
Ech géif et dohier awer ganz wichteg fannen fir dat emol ze änneren, wei mir jo hei erausfonnt hunn geet et jo dorëm dat den Fotograf net ze erkennen resp anonym ass an net dorëm dat en net ze gesinn ass.
Einfach fir ze verhënneren dat herno Fotoen ecartéiert ginn well eppes anescht gemengt ass wei et awer do steet.
Oder et muss een eben och Fotoen unhuelen wou keen Fotograph drop ass, laut "Enoncé" ass dat jo bis dato och net ganz falsch.
__________________ Laurent
|
|
07.06.2010 08:34 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Merci Kleent !
Elo kennen mer eis op daat wesentlecht konzentreieren !
|
|
10.06.2010 09:12 |
|
|
Shantideva unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von m-otiv
Also ech hätt do eppes pret...an, according un der regel: sin ech drop, an net ze erkennen, physeg...mä soubaal een d'foto gesait, wees en direkt dass se vun mir ass, also sin ech erkannt an net mei anonym....stell der fir den shanti mecht een hdr an der ct matt engem doudekapp den een zylinder um kapp huet...wär hien jo ze erkennen...oder? Waat jo net erlaabt ass :-/ mache mir suegen elo |
Dann wier ech jo net physesch op der Foto, wann ech eng Foto vum Otto mat Zylinder an der CT machen. Also misst déi dann verworf gin an deng net... gief ech mol soen... :-)
|
|
14.06.2010 09:06 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
Themenstarter
|
|
Eng kleng Zweschenfro, ouni awer wellen eng Lavine laszetreppelen.
Wann ech Regelen vum Concours gutt am Kapp hun besoen dei daß Foto mißt am Zaitfenster vum Concours gemaat gin, also zweschend deem Zaitpunkt wou den Concours annonceiert get an der Deadline vum Concours.
Or, bei déer eng oder anerer Foto ass awer ze erkennen daß daat net kann am November gewierscht sin....!
Leien ech do falsch waat Regelen ungeet.
(Fir mech ze erklären, ech maachen daat net fir Konkurenz ze elimineieren well ech net matgemaat hun beim Konkuer, ech hun awer Fotoen vum Ierpeldenger Schlasss am Hierscht an am Schnei mee hun dei weinst déer besotener Regel net erangin...., et ass einfach fir daat an Zukunft ze wessen)
__________________ Laurent
|
|
24.11.2010 10:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Op wat fir enger Foto gesäis du Schnéi?
__________________ 404 - Not found
|
|
24.11.2010 13:43 |
|
|
Walfreyja
Grünschnabel
Dabei seit: 01.05.2008
Beiträge: 4
|
|
Zitat: |
Original von Laurent76
... Wann ech Regelen vum Concours gutt am Kapp hun besoen dei daß Foto mißt am Zaitfenster vum Concours gemaat gin, also zweschend deem Zaitpunkt wou den Concours annonceiert get an der Deadline vum Concours. |
Esou hun ech daat och verstaanen
Ech hätt der nämlech och nach aus menger Gemeng gehaat, mee vum leschten Summer, an daat zielt jo net, duerfier hun ech keng eropgelueden
|
|
24.11.2010 14:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
@Jade: War och éischter just esou gesot fir allgemeng ze froen wat genee ganz sécher net passen kann, net just wou et onwahrscheinlech ass ...
Dass d' Regelen esou sinn ass kloer, se gi jo bei all Matmaachen direkt ugewisen an do steet dat EMMER mat drann.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.11.2010 14:12 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
Io wann d'Beem nach Blieder hun dann ass et wuhl kaum November :S
|
|
24.11.2010 14:50 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
|
24.11.2010 14:57 |
|
|
BerBe
Eroberer
Dabei seit: 20.02.2010
Beiträge: 68
|
|
Io et ass effektive e bessi traureg dat nemmen esou weieg Leit matmaachen
Meng Foto ass am Konkuer, hun gester extra nach en Tour gemaach, mee ech kann io elo schlecht soen watreng meng ass, well dann verstousen ech geint eng vun den Regelen
|
|
24.11.2010 15:02 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
(jop hun ze speid gemierkt waat ech do getippt haat - respektiv ech hun deng foto font - an mat dem schielen JAVA editor hai, den iergendswei heinsdo NET well - war ech net seier genuch fir et ze änneren!)
*thumbsup*
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
24.11.2010 15:04 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
a wat kinnt een sëch diskussiounen erspueren wann een déi regel géif ofschafen ...
fir déi wivillten kéier gët déi diskussioun well gefouert?
lo mol am eescht, wat mëch vill méi choquéiert ass den niddregen taux de participation (woubai do kann ech mëch och bei der nues paacken) an den fait dass ech nët matt guddem gewëssen ofstëmmen kann.
vlait sollte mer eis iwwerleen wat een ka maachen fir méi qualitéit an den concours ze kréien a platz eis matt spitzfindegkeeten ofzegin?
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 24.11.2010 15:34.
|
|
24.11.2010 15:34 |
|
|
|