gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
Gudden Owend,
ech wollt ierch hei emol em Root froen, an zwar geet et emt folgendes :
Ech wollt mer een Teleobjektiv kaafen, fier am Zoo an och soss, koennen d´Déiren no erunzezoomen an se "formatfüllend" ze fotografeiren.
Elo hun ech mech och schons duerchgegoogelt,hun den Johny schon ungequatscht
an och bei amazon honnerten fun Bewertungen duerchgelies, mais wat ech méi liesen, waat ech méi duercherneen gin, ech sin nach ganz néi an onerfahren waat Fotografie an daat ganzt Material ugeet, dofier kann ech do net dei eenzel Produits´en an Preis/Leeschtungsverhältnisser oofweihen/novollzeihen.
Waat ech hun:
Canon EOS 50D
mat engem Objektiv 17-85
Waat ech mengen wellen ze hun :
een Teleobjektiv fier Déiren noh erun ze zoomen
am léifsten fun Canon wéinst Qualitéit an och Kompatibilitéit?
am léifsten mat Bildstabilisator well ech (nach) net mat stativ fotograféiren gin
am léifsten mat dem USM Motor dranner
en gudden Preis/Leechtungsverhältniss
Budget ass variabel, am léifsten bis 300€ wann et fier den Preis awer nemmen "Schrott" gett dann geet den Budget selbstverst. och an d´Luut, bis d´Preis/leeschtung erem stemmt.
Ech sin fier all gudd Iddi/Meenung/Tipp frouh, coh anner Marken proposéiren wann der gudd Erfahrung domadder hud etc..
Ech hun bis elo 2 Objektiver fonnt:
Canon EF-S 4,0-5,6/55-250 IS Objektiv
Canon EF 75-300mm/ 4-5,6/ III USM (mengen huet leider keen Bildstabilisator)
Sin ech mat denen 2 Objektiver schon um richtegen Wée? Oder ass et decken Kaabes
Ech soen ierch lo schon merci fier d´Liesen an aer mathellef
de Christian
|
|
30.03.2010 00:03 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
RE: Teleobjektiv fir EOS 50D |
|
Knipsen zwar mat der Konkurenz, mee bon, ech mengen mein Pefferkär kann ech awer hei beiléen... :-)
Kann awer naischt iwwert Objektiver vun Canon soen, daat heescht ech wärt dir elo net soen kaaft daat Glas oder daat Glas ass schrott....
Ouni Bildstabilisator geif ech keen Télé huelen, zumols dann net wann et net ganz Liichtstark ass....
Ech wees net ob een bei engem Objektiv vun 225€ vun engem gudden Preis-Leeschtung Verhältnis kann schwetzen, ech mengen hei kann een just vun engem gudden Praiss schwetzen...
Glas ass beim Fotomaachen ganz wichteg, och schon als Einsteiger soll een dorobber oppassen well een mat engem gudden Glas awer mei Freet um Fotographeieren huet.
Als Einsteiger weilt ech och net ob een Ultraschallmotor verzichten, Ennerscheeder sin einfach rieseg, an ech mengen sie sin nach mei rieseg wann een "Einsteiger" ass
Du kanns och emol bei Sigma kucken gin, www.sigma-foto.de, ech hun een Sigma 24-70 f2,8 an sin ganz zefridden domadder.
Waat ech dir geif roden: Spuer nach e bessen bis te 700€ zesummen hues an dann gees te bei Sigma kucken, (du fends elo bestemmt och Leit hei dei net mat mir anverstaan sin), an dann käfts te dir een gudd Objektiv.
Sigma 70-200mm f 2,8 HSM, zwar och ouni Stabi mee dofir awer Liichtstark fir ±650€
als Alternativ Sigma 120-400mm mat HSM an OS, ± 730€
Voilà , ech hoffen dir weidergehollef ze hun...
__________________ Laurent
|
|
30.03.2010 08:58 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
RE: Teleobjektiv fir EOS 50D |
|
Du bass de jo bewosst, datts de bei engem Budget vun 300eur ken 70-300 f/2.8 USM IS kriss.
Also dierfs de Kompromesser agoen:
- en f/2.8 ersetz de duerch en 4 - 5.6
- en Bildstabilisator ersetz de andeems de dech op kuerz Beliichtungszäiten beschränks.
Dann kanns de mat 300eur eppes kafen
Le 100 bis 150eur drop an du kanns der en Bildstabilistaor leeschten.
Dann proposéieren ech:
Sigma 70-300mm f/4-5.6 DG OS Canon AF
Canon EF 70-300mm f/4-5.6 IS USM
Iwert d'Kalitéit géif ech mer dann keng Gedanken man well méi Choix hues de net.
|
|
30.03.2010 16:35 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
|
30.03.2010 17:32 |
|
|
Laurent76
Tripel-As
Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange
|
|
RE: Teleobjektiv fir EOS 50D |
|
Eng grouß Blend ass durch naischt ze ersetzen...., mat dem Sigma 70-200 f2.8 kanns te dir den OS spueren well dei grouß Blend dir erlaabt mei kuerz Beliichtungszeiten ze huelen...(Et geet natierlech naischt iwwert een Bildstabilisator)
Des Objektiv schneit och an Tester relativ gudd of. Hei Sait vum Objektiv plus Testresultater: http://www.sigma-foto.de/cms/front_conte...at=36&idart=276
2ten Vierdeel vun engem 2.8ter, du kanns ouni weideres nach mat engem 2 fachen Konverter fueren. Deen Konverter kascht dech laut Amaz. 271€ an du häs domadder een 140-400mm mat enger 5,6 Blend waat nach absolut gudd ass.
Iwwert den Knei gerechent, du keinns also fir 650€ + 271€ = 920€ 2 Objektiver kreien, dorenner eent waat mat f2.8 absolut Liichtstark ass an alles aneschteres als Einsteigerklasse ass...
Daat wär daat waat ech geif maachen, spuer bis te 650€ zesummen hues an kaaf dir den 70-200mm an irgendwann lees te nach 271€ drop dann hues te och nach een 140-400 (bei dengem Crop (210-600mm, waat wells te weider hun?)
__________________ Laurent
|
|
30.03.2010 20:06 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
Zitat: |
Original von gogo
............waat heescht OS ? |
OS (Optical Stabilizer) - Sie schleppen zu jedem Ausflug ein Stativ mit sich herum? Dann hätten wir für Sie nicht unser OS System entwickeln müssen. Alle anderen kommen in den Genuss, 2-3 Verschlusszeiten länger als üblich aus der Hand fotografieren zu können, da unser Stabilizer die Bewegungen des Fotografen erkennt und kompensiert. Lange Brennweiten und schlechte Lichtverhältnisse bringen immer die Gefahr mit sich, das Bild zu verwackeln. Zwei Modi stehen bei dem Einsatz zur Auswahl und versetzen Sie in die Lage, scharfe Aufnahmen sicher aus der Hand zu schießen.
btw. ëch hun ën EF 70-200 2.8Lis a gin daat wahrscheinlëch sou bal nët mei hiir, ok, ët as nët ganz belleg, mais ëch hun méescht bei Konzertën asw....... bal nëmmen dat am Asaatz !
Kritt éen de Moment, bedengt, dat ë neie Modell rauskoum, och scho mol ganz gënschteg als Occasioun ze kaafen.
vum 70-200 f:4L is heiert éen och nëmme guddes (wann's du mat Blënn 4 auskëns) !!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von arwa am 31.03.2010 08:02.
|
|
31.03.2010 07:59 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
Themenstarter
|
|
merci fier di originell Definitioun :-]
An nach eng Kéier grousse Merci un alleguer,
am Moment iwwerléen ech fier mer een Canon EF 70-300mm 1:4,0-5,6 IS USM zouzeléen,
Ugangs Mai kommen ech evtl an de Genoss fier daat Objektiv ausgiebeg ze testen, och gesinn ech dann op ech iwwerhaapt mat esou eppes eenz gin.
Ech wärt op allefall nach eng Kéier Feedback oofgin.
|
|
31.03.2010 15:58 |
|
|
Geko
Jungspund
Dabei seit: 17.11.2008
Beiträge: 17
|
|
Ech hat de 70-300er an hun e géint e 70-200 f4 IS getosch.
Um 70-300er steet zwar och USM, mee dat ass kee richtigen "Ring-USM", an dofir nët sou séier. Dat mierkt ee virun allem am AF-Servo-Modus, also wann d'Objektiv soll stännig de Focus upassen. Beim 70-200er geet dat fléissend, bal ouni dat een et mierkt, beim 70-300 méi stufeweis an mat vill Kaméidi. (Déi éischte Kéier hat ech gemengt, et wir iirgendeppes hänke bliwwen, sou rabbelt dat.)
Wat mech ausserdem um 70-300er gestéiert huet, war dat et dack nët do schaarf gestallt huet, wou ech dat erwaart hat (z.B. bei genz klenge Motiver), an dann ëmmer bis op onendlich a rëm zréck gefuer ass. Dat kann beim 70-200er natiirlich och viirkommen, mee et geet vill méi séier, zumols wou dat och nach e Schalter huet, fir de Fokuswee ze limitéieren.
Dann evitéieren ech perséinlich Objektiver, bei dene sich déi maximal Blend mat der Brennwäit verännert. Am AV bei Offenblend séier vun 70mm op 300mm ragezoomt, nët op d'Beliichtungszäit gekuckt, respektiv d'ISO ugepasst, a schon ass d'Foto verwackelt...
An, nët ze vergeessen, och wann d'Bildqualitéit vum 70-300er guer nët schlecht (fir de Präis souguer immens gudd) ass, et gesäit een den Ënnerscheed zum 70-200er däitlich.
Fazit: Wanns du wëlls bis ronn 1.000 € goen, géif ech onbedingt zum 70-200 f4 IS roden, wann nët, dann zum 70-300. De 70-200 ouni IS géif ech nët kafen, bei laange Brennwäiten fannen ech de Stabilisator onverzichtbar.
|
|
31.03.2010 16:58 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
Themenstarter
|
|
Salut,
hun mech zugudderlescht fier den Canon EF 70-300mm f/4-5.6 IS USM
entscheed. Hun en haut kruut (bei amazon.de) bestallt, kruut en schnell geliwwert, an et klappt alles wéi et soll.
Ech soen nach eng Kéier jidderengem Merci den mer beim Sichen an bei der Entscheedung gehollef huet :-)
Merci
|
|
20.04.2010 23:24 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
Maja, dann gesin mer hoffentlech och geschwënn epuer Fotoen mat dengem neien Objektiv!! :-)
|
|
22.04.2010 10:05 |
|
|
|