Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » Hochzäit » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (3): « vorherige 1 2 [3] Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Hochzäit  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Gaga
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

hmmm, erem en beweis dat eng "streitfro" ememr erem zu ganz interessanten diskusiounen an opklärungen feiert !
Ech wor och eichter der mehnung dat et eng "artistech" aktiviteit as, elo liicht mer an dat een et och anescht kann gesin !
Ech denken dann awer och erem un museker, dei jo och CD'en vervielfältegen an verkaafen ?!?!?

Also ech kennen eent, daat schaft an der Steierverwaltung, an et mecht (gut) musik, an et deklareiert et elo nemmen well et den seuil max. iwerschrett, mais soss, as daat keen problem, ech kennen t'regelen nemmen fier t'fonctionnairen, an do kanns du esou sachen ouni problem machen, ausser du fängs un richteg vill geld dermat ze machen !

merci @all !
15.04.2010 23:52
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an der musék kann een dat ähnlech gesin. et ka sin dass ech pianist sin an zwar commerziell. dann as et méiglech, dass ech gudd sin, méng theorie kann an dat kléngt och gudd. ech ka mat nouteblieder an e besse prouwen eng schéin hannergrondmusék spille vir eng reklam oder esou. dann hu mer op der anerer säit een dee net emol weess wéi e soll 't nouteblieder halen an trotzdem fetze kann. aus dem bauch eraus. sou dass de commerzielle pianist staunt.
dee moment huet et och vill mat respekt ze din wann een dee gudd as trotzdem toleréiert get. a wann een, dee schlecht as NET toleréiert get.
dat as krass.
awer mënschlech.

__________________

16.04.2010 07:43 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an der musik definéiert sëch alles iwwer den marché...

me normalerweis ass et sou dass och den "mainstream" professionnellen qualitéitsusprëch muss gerecht gin fir richteg erfollegraich ze sin soss gët et allhëchstens eng eintagsfliege.

an do wiere mer beim punkt den den marc jo och well ugeschwat huet. d'qualitéit + kreativitéit ass nun mol dacks méi héich bei sougenannten "amateuren" vlait och well se sëch nët all daag engem knallharden business mussen ënnerwerfen. ech stellen awer och fest dass d'profien sëch oft neien techniken oder soss ëmstellungen verweigeren an dann mierken se op emol dass den marché hinnen an verschiddenen beraicher fortgelaaf ass... an do gët et keng excuse, well dat zielt fir all beruffer, d'informatiker programméiren haut och nët méi am turbopascal oder wat och ëmmer
16.04.2010 08:57
Laurent76 Laurent76 ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 22.01.2010
Beiträge: 162
Herkunft: Erpeldange

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fir mat engem Beispill ze ennerstraichen waat munch Profi ungeet.
Mir waren lescht Joer ob enger Hochzait, wou ech dann och zum Schluß e bessen mam Fotograph an Gespreich komm sin (Een Mann ech schätzen Mett 50), e bessen hei an do gelabbert an wei ech gefrot hun mat waat hien seng Fotoen nobearbecht seet hien mir mat guer naischt, Foto bleiwen wei se am Apparat sin.
Zu deem Zaitpunkt hun ech nach gemengt deen Mann wär eng Absolut Kanoun ob sengem Gebitt wann hien daat net neideg hät, abé Fotoen duerno hun schon ausgesin wei wann se et neideg gehaat hätten.
Koppel war e bessen enttäuscht vun den Fotoen esou daß ech mech dun ungin hun fir eppes klengs mat mengem ganz beschränkten Wessen an Fotobearbechtung drun ze änneren, ob Jpeg war eh net mei alles meiglech, mee Resultat war durch minimalen Computer Ansaatz rieseg.

Do hun ech mech awer och gefroot wei daat kann sin, an ech mengen daß och esou Leit einfach den Numm vun enger ganzer Spacht an den Dreck zeihen, sie liewen mam Titel Profifotograph an sin et net oder waren et emol.

Mee ech well se awer elo net all an een Deppen geheien, daß mir eis do net Falsch verstin...

__________________
Laurent

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Laurent76 am 16.04.2010 10:23.

16.04.2010 10:23 Laurent76 ist offline E-Mail an Laurent76 senden Beiträge von Laurent76 suchen Nehmen Sie Laurent76 in Ihre Freundesliste auf
McQueen
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Laurent76
sie liewen mam Titel Profifotograph an sin et net oder waren et emol.

Laurent,
Da doten war en Fotograph, an vun engem Profi weit ewech.
Iwwert seng Arbechtsanstellung kéint een elo och stonnelang diskutéieren.

Mais waat ass en Profifotograph ? Ass en den Suen domader verdengt automatesch en Profifotograph ?
16.04.2010 10:33
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Definitioun vun Profi:
"Personne qui exerce régulièrement une profession, un métier (par opp. à amateur)."

Definitioun vun Amateur:
"Personne qui pratique un sport, qui s'adonne à un art, etc., pour son agrément sans en faire profession."

Sou gin déi Wieder am Larousse definéiert an daat ass och sou wéi se sollen benotzt gin. Ech kann sou gudd Fotoen machen wéi ech well, wann ech den Beruf "Fotograf" net ausüben, dann sin ech emmer een Amateur. An de Begreff "Amateur" huet iwerhaapt neischt péjoratives un sech. Mir dierfen net ufänken eis Sproch emzedefinéieren...

Awer waat huet daat iwerhaapt nach mat desem Thread ze din???
16.04.2010 11:23
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

en attendant dass ech eng "juristech" äntwert kréien, kann een jo mol weiderquaken ;-)
16.04.2010 11:34
McQueen
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Shantideva
Definitioun vun Profi:
"Personne qui exerce régulièrement une profession, un métier (par opp. à amateur)."

Definitioun vun Amateur:
"Personne qui pratique un sport, qui s'adonne à un art, etc., pour son agrément sans en faire profession."

Awer waat huet daat iwerhaapt nach mat desem Thread ze din???


@ JC: eigentlech net vill, oder ?? well, daat wuert Profi huet mech beim Laurent senger Äntwert gestéiert.
Domader well ech soen, dass verschidden Amateuren (och hei um Site) besser Fotoen machen ewei munchen Profi (och erem op den Kommentar vum Laurent bezun).Wou ma erem beim Thema "sichen Fotograf fir eng Hochzäit" wieren.
Huelen ech en Profi oder en Amatuer.....affaire a suivre. großes Grinsen
Definitiun vum Larousse hin oder hier, Pobeier an Realitéit sin 2 puer Schong.

Sou gesin echet.
16.04.2010 11:50
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech gesin d'Problem net méi. Op der Chambre de Commerce ass et sou definéiert:

"
De nombreuses activités se prêtent mal à la distinction activité civile/activité commerciale. Ainsi, les tribunaux luxembourgeois qualifient de commerçant le photographe qui se borne à reproduire servilement, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature alors que, concomitamment ne peut être considéré comme commerçant le photographe qui ne produit que des œuvres d’art.
"

Daat hescht jo op gudd Lëtzebuergesch: Wann ech "servilement", also am Viraus als entgeldlechen Service, ubidden Fotoen ze machen, dann brauch ech eng Authorisation de Commerce, well ech jo dann een Commerçant sin.
Gin ech awer op eng Hochzeit agelueden an ech machen do Fotoen vum Brautpuer an kréien dofir nach e Patt zum beschten, dann brauch ech keng Authorisation de Commerce well ech dem Brautpuer et jo net am viraus entgeldlech ugebueden hun.
Daat geht jo Kristallkloer aus dem Text eraus an et gin Fäll hei an Lëtzebuerg wou Amateurfotografen eng Geldstrof missten bezuelen well se vun engem professionellen Fotograf eng Plainte kritt hun dodurch dass se den Service entgeldlech am Viraus ugebueden hun, d'Fotoen gemeet hun an eng Rechnung ausgestallt hun. Ech kann daat bezeien.
16.04.2010 12:28
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@jc: ech verstin dëch nët ëmmer...

am ufank hues de mer sou geäntwert an schons matt denger 2. äntwert hues de komplett eng ahner menong vun der gin. dass kollegen vun der verklot gi sin, wosst de jo vun ufank un...

dat 2. ass, fir dass en eng plainte krit a verklot kann gin, muss e jo well bei eppes erwëscht gi sin an dono och beweiser hun

ënner wéi engen konditiounen ass dat geschitt, hun déi dat méi oft gemeet, hun se reklamm gemeet etc

et brengt mir zwar selwer naischt me ech well et einfach wëssen
16.04.2010 12:51
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Elo hun ech dech irgendwéi net verstanen. Geschter um 15:28 Auer hun ech schon eng Kéier gesoot dass ech Leit kennen déi verkloot gin sin well se vun engem Fotograf eng Plainte kritt hun. verwirrt
An dem Fall wou ech am beschten Bescheed wees ass Oofgemeet gin dass den Amateurfotograf op d'Hochzeit fir een "gewessenen" Preis Fotoen machen kennt. Daat ass dann och geschitt. Ech misst nofroen ob do och eppes schreftleches entstanen ass (Rechnung), well do sin ech mir net 100% secher. Een professionellen Fotograf ass daat gewuer gin an huet eng Plainte gemeet an den Amateurfotograf huet eng Geldstrof vum Geriicht kritt.
Edit: Wann déi betraffen Persounen bei enger Depositioun op der Police d'Tatsachen zou gin hun, dann brauch mol keng Rechnung do ze sin. An d'Police ass verpflicht enger Plainte nozegoen, an déi betraffen Persounen ze ruffen. An déi meschten éierlech Leit soen och dann d'Woueregt well se jo net am viraus gesoot kréien fir waat se geruff gin an sech sou jo och net kennen oofschwätzen. Eng Falschausso get jo dann nach méi deier...
(Hei ass nach een Link. Et geht zwar am deitscht Recht, awer daat misst zum gréissten Deel och op déi lëtzebuergesch Rechtslaag passen. Een Journalist vum RTL huet daat mol bestätegt.)
Edit2: An zu gudder Lescht... déi Sachen wou ech eppes drop verdingt hun, hun ech net am Optrag gemeet. Och d'Bichercoveren waren Biller déi schon lang virdrun existéiert hun. Vieleicht hues du mech jo domat falsch verstanen.

Dieser Beitrag wurde 4 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 16.04.2010 13:41.

16.04.2010 13:05
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

[quote]Original von Shantideva
Du hues vollkommen Recht Xaph! Ech verdingen och Geld als Amateurfotograf (z.B. mat den Bichercoveren, Artikelen, etc.) an kann mein Kapp do an Rouh leen well ech niemols un meng Ausgaben erunkommen.
Awer et gin och Fotoen wou ech als Amateurfotograf d'Fangeren dovun lossen well ech domat aaneren Leit hiert schwéier verdingtent Brout eweg huelen. Ech kann mir gudd virstellen wéi schwéier dass et ass fir een Fotograf sein Brout ze verdingen an déi hun eben just Hochzeiten, Kommuniounen an Kanddaafen. D'Passfotoen fir den biometreschen Pass gin souguer elo schon op den Gemengen gemeet.
quote]

ech hun dat hei gemengt, mir sin eis jo awer eens, dass hei eigentlëch 2 diskussiounen entsstaanen sin
1) Schwarzarbëcht -> wat méi den fisc betrëfft
2) droit d'exercice -> droit de commerce
???

hu mer dat lo kuerz ugekuckt:

et geet ëm bezeechnung fotograf déi nët dierf mëssbraucht gin ënner virspiggelung vun falschen tatsaachen
an d'notioun vun enger activité secondaire ass existent an ënner restriktiounen akzeptéiert
alors quid?

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 16.04.2010 14:09.

16.04.2010 14:04
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Marc

Also sou eng discussioun vun experten geif mech och interesseiren smile

Zu dem do thema hun ech schon etlech saachen heiren an discussiounen matgemach an am end effect sinn ech nach net mei gescheit ginn.

Fact ass mol dass Fotograf en geschützen Beruff ass wou een eng Autorisation den commerce brauch, daat gouf jo schon mol hei erwähnt.
Weeer fir daat ganzt ze emgoen ginn et och an ausnahmen souwiesou.

Zum Thema ginn et mat secherheet genug froen. Also ech hätt der mol genug.



Waat lo mol Hochzeiten, Kommiounen, asw unbelangt do sinn ech bessi am Dilemma. Ech als Hobbyknipser machen keng well daat eppes ass waat mir neischt seet an firun allem well ech anner leit d'brout net well weghuelen. Dofir sinn dei Professionel Fotografen do.

Op där annerer seit awer, an domat mengen ech op der seit vum Broutpuer, ass et mir perseinlech EGAL wien fotoen mecht. Daat eenzegt waat mech do interesseiert ass dass Fotoen mir duerno super gefallen.
Fact ass, och wanns de eng meeschterprüfung als Fotograf hues, well daat nach lang net heeschen dass de kanns gut fotoen machen.
Dei 1t Prioriteit vun engem Profi ass et Geld ze verdengen an net fir onbedengt super genial gut biller ze machen (och wann daat dozou bei dreit fir mei geld ze verdengen)


Amateurs worry about equipment
Professionals about money
Masters about light


... I just take pictures...


my 2 cents smile

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schlimpitz am 16.04.2010 15:48.

16.04.2010 14:51 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun elo grad op d'Chambre de Commerce ugeruff an och bei d'Chambre des Métiers.

An hei gellt folgendes. Wéi gesoot gellt daat waat uewen am Gesetz definéiert ass. Den Fotograf ass een geschützen Beruf an all Fotograf dierf een Amateurfotograf geriichtlech usichen wann deen him Konkurrenz mecht andems heen Suen op denen Sachen verdingt déi ennert d'Katégorie vum Punkt 3 fällt ("qui se borne à reproduire SERVILLEMENT, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature").

Soss gellt déi "magesch" Zuel 10.000 €/Joer....

Awer, soubaal ech engem Berufsfotograf durch Servicer (wéi Hochzeiten, Kanddaafen, Portrait an Kommuniounen) Konkurrenz machen, dann machen ech Schwarzaarbescht (och als Amateur) an hun dobei och mol nach keng Authorisation de Commerce an der Fotografie, déi een just kritt wann een och den dementsprechenden Diplom huet.

Mir gouf awer och un d'Herz geluecht mech beim Ministère de la Culture als Könschtler ze declaréieren fir all Missverständiss aus dem Wee ze goen.
16.04.2010 15:04
Schlimpitz
Tripel-As


Dabei seit: 30.05.2006
Beiträge: 221

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Shantideva
Ech hun elo grad op d'Chambre de Commerce ugeruff an och bei d'Chambre des Métiers.

An hei gellt folgendes. Wéi gesoot gellt daat waat uewen am Gesetz definéiert ass. Den Fotograf ass een geschützen Beruf an all Fotograf dierf een Amateurfotograf geriichtlech usichen wann deen him Konkurrenz mecht andems heen Suen op denen Sachen verdingt déi ennert d'Katégorie vum Punkt 3 fällt ("qui se borne à reproduire SERVILLEMENT, par des moyens mécaniques l’image d’objets de toute nature").



Theoretesch ginn et do awer weeer fir daat legal ze emgoen. Zumindest haat ech do firun Joeren eng idee an chambre de commerce soot mir deemols dass daat theoretsch geif goen mee sie missten daat awer nach mei genau nokucken fir secher ze sinn. Ob deen ganzen opwand sech renteiert hätt ass natierlech eng anner fro.
Mee ech muss dozou och soen dass et deemols net em hochzeiten, kommiounen asw gangen ass. Also dei Optragsfotografie oder wei och emmer een daat well nennen.

Desweideren wei ech deemols op chambre des metiers ungeruff hunn fir mein fall ze erklären krutt ech zb nix gezielt vun der meiglegkeet fir mech als Künstler unzemelden. Do gouf gesoot, du dierfs keng fotoen verkaaffen, Punkt. Weder un Zeitung, nach un Billeragence asw asw. op daat stemmt oder net, keng ahnung.
Mee mir haaten jo schon mol eng discusiioun zum thema smile

Dofir wier sou eng discussiounsronn wei den Marc se fiergeschloen huet mol net schlecht, daat geifen bestemmt vill leit interesseiren.
16.04.2010 15:46 Schlimpitz ist offline E-Mail an Schlimpitz senden Beiträge von Schlimpitz suchen Nehmen Sie Schlimpitz in Ihre Freundesliste auf
arwa
Routinier


Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Shantideva

Soss gellt déi "magesch" Zuel 10.000 €/Joer....
.


daat héescht ?
18.04.2010 12:40 arwa ist offline E-Mail an arwa senden Beiträge von arwa suchen Nehmen Sie arwa in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Majo, een Kënschtler dierf bis zu 10.000.- Euro d'Joer un senger Konscht verkaafen ouni mussen Steieren drop ze bezuelen.
Awer, du hues du jo nach een speziellen Status wells du jo eng Journalistenkaart hues. Daat get net an Konscht agestuft, mee als Photojournalismus. Ob do déi 10.000 Euro och gellen wees ech net.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 18.04.2010 20:44.

18.04.2010 20:43
m-otiv m-otiv ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@shanti, net secher mä hun vill freelance gemaach an nie probleemer matt steieren, souguer online vente...soulaang ennert 10000€, keen probleem
18.04.2010 21:13 m-otiv ist offline E-Mail an m-otiv senden Beiträge von m-otiv suchen Nehmen Sie m-otiv in Ihre Freundesliste auf
arwa
Routinier


Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von ShantidevaAwer, du hues du jo nach een speziellen Status wells du jo eng Journalistenkaart hues. Daat get net an Konscht agestuft, mee als Photojournalismus. Ob do déi 10.000 Euro och gellen wees ech net.


oha, ech hun alles, mais keng Journalistekaart
ech sin och kée Journalist, wat e richtege Beruf as, mais en -Lokali-, dh. e Lokalkorrespondent !! ;-)
19.04.2010 07:06 arwa ist offline E-Mail an arwa senden Beiträge von arwa suchen Nehmen Sie arwa in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von arwa

oha, ech hun alles, mais keng Journalistekaart
ech sin och kée Journalist, wat e richtege Beruf as, mais en -Lokali-, dh. e Lokalkorrespondent !! ;-)


Ah OK, also ass daat nach eppes aaneschters an ech hun erem eppes beigeléiert. Ech war do der Meenung dass, wann een sou en Kärtchen hätt mat där een sech ausweisen kann, dass een dann den Status vun dengem Pressefotograf hätt (sou get daat mol am Katalog vum Enseignement Supérieur genannt). Si hun daat nämlech sou definéiert:
"Le photographe de presse se différencie du photographe dans la mesure où leurs conditions d'exercice ne sont pas identiques. Le photographe de presse a une carte de presse, ce qui lui donne un statut particulier et des rapports de travail très étroits avec le milieu journalistique.
La photographie de presse doit témoigner et permet une prise de connaissance immédiate de l'évènement. C'est en quelque sorte une seconde écriture."

Also nennt sech daat bei dir dann och bestemmt Amateurfotograf an et gellt dann daat selwescht wéi och fir Könschtler.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 19.04.2010 07:57.

19.04.2010 07:56
Seiten (3): « vorherige 1 2 [3] Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Projet Virstellungen » Hochzäit

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH