Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
|
|
Ech mengen mir missten äis ee fir allemol eens gin wou mir rechts a lenks gesin. Engem Modell säi rechts Ouër gësi mir lénks an engem portrait de face. Ech proposéiëren dass rechts do ass wou mir lénks gesin an ëmgëdréint. Oder awer dë Konträr. Op 1 vun deenen 2 Hypothese musse mir äis eenigen.
|
|
01.05.2010 01:36 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
ech si fiir d'Modelperspektive, sain rietst Ouer ass en bleiwt nun mol säin rietst Ouer
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
01.05.2010 01:49 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Ech och, mais dat muss dann awer och fir eng Landschaft gëllen. Définitiv.
|
|
01.05.2010 01:54 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Wéi den deBaemm seet. Dat rietst Ouer as dat wou den Model géif upaken wann s de géifs soen "pak däi rietst Ouer un". Wann een dat wëll ëmgoen kann een soen XY op der rietser Säit vum Bild.
__________________ www.gloda.net
|
|
01.05.2010 10:24 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
hmmm, hun et nie anescht geduecht, mais wei soll daat derdaiwel bei enger Landschaft sin ?
Dem Baam sein rietsen Ascht ?
Wouhier wees ech dann wou fier an Hannen beim Baam as ???
oder bei enger Landschaft am rietsen eck, as lenks ob der Foto ???
verstin ech nek !
|
|
01.05.2010 23:47 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Wann s du eng Auer knipps, vu vier, an du kucks deng Foto dann, ass dann d 8 enne rechts oder enne lenks ?
|
|
02.05.2010 00:36 |
|
|
Jaqueline76
Jungspund
Dabei seit: 07.11.2009
Beiträge: 17
|
|
de Verglach matt der Armei ass gudd
hei d'Regel vun den Tountechniker;
wanns de op d'Bühn kukks (wei den Publikum) ass di lenks Seit di lënks :-)
op der Bühn selwer ass di lënks Seit vun viir gekukkt jo elo riets an heescht hei Stage Right
d.h. Stage Left ass vun viir aus gekukkt also Riets
Ech denken datt et um Photograf ass fir dem Model ze soën "gräif der madd der rietser Hand un di lënk Höft" wann aus senger Siischt den Arm vun Lênks no Riets goën soll...
|
|
02.05.2010 14:16 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Wann eng Foto kommentéiert gët muss de Kommentator wëssen dass dat wat hien "rechts" gësäit och als "rechts" vun deenen déi de Kommentar liesen, ugësi gët. Mir hun also de choix tëschent der "Modelperspektiv" an der "Publikumsperspektiv". Mais un 1 vun deenen 2 Perspektiven musse mir äis definitiv haalen.
|
|
02.05.2010 16:56 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Nee, du muss just däitlech maachen wéieng dass de mengs.
__________________ www.gloda.net
|
|
02.05.2010 17:00 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Et geet natiirlich och komplizéiërt: fifty/fifty. Vill méi einfach wär et dach awer wa mir äis op 1 Alternativ géifen eenigen.
|
|
02.05.2010 17:08 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
nee, mäer kënnen eis net eenegen.
mäer mussen dann dovun ausgin dass jiddereen dat heite liest. a mäer mussen dovun ausgin dass och jiddereen deen sech no eis umellt dat liest.
deemno misste mer op der homesäit e schëld schreiwen mat eiser eenegung.
an deem schëld missten dann nach aner eenegunge stoen wéi z.b.:
- as et HDR, DRI oder HDRI
- as et ISO oder ASA
- get et eng blend 9?
- as 5300kelvin daagesluucht oder fläit 5500 ??
- ...
iergendwéi get déi lëscht nach méi lang. iergendwann as et klengkarréiert.
mäer kënnen nemmen jiddereen eenzel oppassen dass mer emmer däitlech beschreiwe wat mer mengen sou dass déi aner eis gudd verstin.
et as zwar einfach:
"dem model säin ouer, lénks (am bild)" - "dem model säi rietst ouer"
intressant kéiersäit:
"den auto viirt no riets"
mee den auto viirt amfong riitaus
also misst ee soen :
"den auto viirt no riets am bild / no riets an't bild / no riets aus dem bild"
an deenen allermeeschte fäll erkläert de kontext awer direkt wat dann elo wierklech gemengt as.
__________________
|
|
02.05.2010 19:29 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Wann di professionnell Tountechniker ennert sech eens gi sin, dat heecht sich op eng Konventioun konnten eenigen, da misst dat jo awer och bei eis Hobbyfotografe meiglich sin.
Dei Leit, dei hirt ganzt professionnellt Liewen, bal soss Naischt maachen wei Negativer kucken, dei koennen sich net erlaaben op deem Gebitt een Zweifel ze loossen, well soss keint et mol sin dass ee lenks anstatt rechts opereiert geif gin. Dei Leit, d Radiologen, kucken Negativer, a bei deenen heescht eppes Helles eng "opacite" an eppes Daischteres eng "clarete". Weltweit. A "lenks" a "rechts" ass och defineiert.
DIN, ASA, ISO, etc, stoung hei net zur Debatt.
|
|
02.05.2010 20:57 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Dat ass och esou am logisten. Mir defineieren also Rechts a Lenks op enger Foto aus der Modelperspektiv. Dest muss awer och da gellen wa kee Model op der Foto ass.
|
|
02.05.2010 23:18 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Ech gesin den Senn net fier daat ze "defineieren" Ech fannen et onlogesch wann ech vun enger landschaft schwetzen, an do vun riets schwetzen deen lenksen deel ob der Foto mengen...!
Ech mengen et as net sou schweier en Saatz sou ze dreinen dass een sech kloer ausdreckt.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
02.05.2010 23:27 |
|
|
Maimonides
Tripel-As
Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189
Themenstarter
|
|
Wann op enger Foto 10 Motorieder an 1 Reih stin an ech soen dir dann : dat ganz rechts, dat ass mengt. Weess du da ganz secher wat fir engt ech mengen ?
|
|
02.05.2010 23:32 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
Logesch geif ech daat um rietsen deel vun der Foto fannen!
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
02.05.2010 23:43 |
|
|
MarcGerard
Kaiser
Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395
|
|
et kann een awer och net profi mat hobby vergläichen. hobby tountechniker gin sech fläit och net emmer eenz.
ech gesin dat jiddefalls net esou enk.
__________________
|
|
03.05.2010 01:20 |
|
|
|