Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
|
|
Hey Jungs und Mädels.
Ech hu just eng kleng Fro op weienger Basis dir de Choix maacht techt den Fotoen dei hei kennen gewisen gin oder net.
Ech krut eng Keier eng Foto refuseiert wou en Hai (wat jo en Motiv as wat een a fraier Natur jo net onbedingt all Daag gesait) drop ofgebild war. D'Argument fir den Refus war dass et net drems geet just en Hai ze weisen, mee dass et drems geet d'Foto artistesch ze gestalten an dass et em mei geet wei just em d'Knipsen (war lo dei resumeiert Versioun).
Lo gesin ech dann dass awer eng Foto akzepteiert gett dei "en substance" dann
Folgendes weist:
a) en gemuuchten Paack Zigaretten am Gulli
b) eng elegant Strull Schäiss
Also ech hu jo grondsätzlech mat kengem en Problem, an hun den Refus bei menger Foto deemols ouni Weideres ugeholl, mee dat do as awer dann eng Frechheet fir dei Leit dei sech dann aer Remarquen zu Hearz huelen an sech beméien zeigbar Fotoen erop ze lueden.
De plus, fannen ech dass dat net onbedingt zu der Kredibilitéit vun sou engem Site baidréit....
Nemo.
|
|
15.06.2010 11:14 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
Geet jo net drems dass hei irgendeppes soll ausarten...
Mee ech fannen halt just dass wat fir den een gëllt och fir deen aneren soll gëllen. Net mei a net manner.
Et as mer secher net drems gaang hei wellen mat irgendengem ze streiden...
|
|
15.06.2010 11:20 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Lies einfach déi aner Threads duerch. Ech wëll guer net soen dass de streiden wëlls, ech weess just dass dat hei Thema ëmmer en Flame War get, an ech hätt léiwer eis Admins an Mods kéinten sech op aner Saachen konzentréieren wéi nees déi selwecht Froen ze beäntwertern.
__________________ www.gloda.net
|
|
15.06.2010 11:24 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
As OK. Hun d'Threads fonnt...
Woubai ech zum Ofschloss der Meenung sin dass d'Admins sech an desem kloeren Fall definitiv an hierer Auswiel widersprach hun par rapport zu deem wat se virdun geschriwen hun. An sie si jo awer dei eenzeg dei de Pouvoir hun sou Discussiounen ze vermeiden andeems se dat applizeieren...
Mir Laien kennen d'Fotoen just kucken a bewearten an do as et normal dass irgendwann deen een oder aneren sech an sou engem Fall besse getreppelt fillt...
Mee ech weart et trotzdem iwerliewen keng Angscht
|
|
15.06.2010 11:36 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wanns de alles gelies hues wierklech, dann hues de och gelies dass de System soll geännert gi mat festen Riichtlinnen déi dann kënnen nogelies ginn wann eng Foto refuséiert gëtt asw. Dat ass just nach net ëmgesat ginn. Dee blöden Programméirer mécht net virun
__________________ 404 - Not found
|
|
15.06.2010 14:13 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
|
15.06.2010 14:49 |
|
|
BlackPanther
Administrator
Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt
|
|
een eenzecht kuerzt Wuert mengersaits (well ech fir de Recht dem Gloda seng Meenugn verdtrieden: mir hun een Thread wou sou Saachen wei dei haiten schons FILL diskuteiert gin sin)
--> den Tri get gemaach, gleew mer!
Fotoen fun Henn, Kaatzen, Haien, Spatzen gin meeschtens weinst engem STARKEN Mangel un Kreativiteit refüseiert, et brengt kengem eppes bei engem Hond den fun uewen roof geknipst gin as derbaigeschriff ze kreien "den as awer léif fun uewen roof geknipst gin"
- en Gedanken an dFoto leen as net sou fill Arbecht
(vlait den Grond firwaat dann sou Zigarettengeschichten derbai sin?)
__________________ No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
|
|
15.06.2010 15:29 |
|
|
Nemo
Jungspund
Dabei seit: 27.08.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
Naja wat och emmer
--> Schwamm driwer
|
|
15.06.2010 15:40 |
|
|
SuJo
Grünschnabel
Dabei seit: 15.07.2008
Beiträge: 5
|
|
Bonjour.
Wollt deem ganzen just eng kleng Remarque hannendrun setzen. Hun dei mei aal Diskoussiounen och gelies, mee geing ët perseinlech awer och gudd fannen, wann den Stystem jo geänert soll gin, datt dann eng Foto wou keen Kommentar, muss jo keen Roman sin, mee en minimum un Informatiounen dobei steet, och nët valideiert geing gin.
Ech perseinlech, well mech nët zevill äusseren, well ech selwer na keng Fotoen eroplueden, mee inspireiren resp. profiteiren fun den dach meeschtens gudden Usätz dei hei gewisen gin. Mee leider sin heisdo effektiv Fotoen valideiert gin, wou een sech freet wei daat gaangen ass. (dobei ass dann keen Kommentar keng Efix-Daten) dobei.
......
|
|
15.06.2010 17:05 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
Dat do ënnerschreiwen ech sou...
|
|
15.06.2010 17:11 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
OK ka sinn dass dat néirens am Forum direkt steet, mä mer haten och festgesat dass ab dann e Kommentar MUSS bei der Foto sinn, d.h. de System meckert wann en eidel ass dann, a wann ee just en Espace dra mécht gëtt se net ugeholl.
__________________ 404 - Not found
|
|
15.06.2010 17:40 |
|
|
suraki
Doppel-As
Dabei seit: 25.11.2007
Beiträge: 149
|
|
jo fannen ech gutt, een deen eppes well weisen, muss sech och esouvill Zäit huelen , mindestens eng Zeil derbäi ze schreiwen.
|
|
15.06.2010 19:28 |
|
|
SuJo
Grünschnabel
Dabei seit: 15.07.2008
Beiträge: 5
|
|
Hm, @ Gaga
Gudd gudd, den Johny huet jo gesoot, datt daat an Plaanung wier. Fanne dei Remarque mam Forum lo nët onbedingt ubruecht, ausser ech hun se elo komplet falsch verstaanen. Mir wessen jo awer och wei ët ass, wann een eppes als Hobby nierwent der Aarbecht mecht, dann huet een nët emmer dei Zait dei een breicht, resp. nët emmer dei Loscht Heem ze laafen, an dann direkt all seng Zait hei ze opferen.
Ech perseinlech sin frou, datt et Leit gin, dei sech hei em den Site kemmeren, an kann dommaden auskommen, datt ët eben heisdo mei laang dauert.
Mee ët gin jo awer bestemmt nach Leit gesicht, dei weilten eng Hand mat upaacken.
SuJO
|
|
16.06.2010 13:02 |
|
|
xaph32 unregistriert
|
|
ech denken du hues dat falsch verstaanen...
den gaga spillt op déi vill diskussiounen am forum un wou een dem aaneren de kapp ageschloen huet, an o wonner, dës kéier ass jiddereen peace bliwwen
|
|
16.06.2010 14:41 |
|
|
SuJo
Grünschnabel
Dabei seit: 15.07.2008
Beiträge: 5
|
|
OK, haat daat jo schon esou ugeholl. Ma jo dann, all nach en scheinen Owend. Flait dauert et jo nët mei all ze laang.
|
|
16.06.2010 23:31 |
|
|
|