Nagarjuna unregistriert
|
|
Ech hunn den Spider Camera Holster. Do ass alles aus Metall an vun beschter Qualitéit. Leider benotzen ech en zimlech sielen well ech mäin Fotoapparat meeschtens um Stativ loossen. Awer fir dech kéint dat genau dat richtegt sinn.
http://www.spiderholster.com/
|
|
08.01.2011 08:52 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Ech hunn en R-Strap. Bequem fir sou City-Visiten. Fir den Sport rutscht en der vläit nach zevill no vir an hannen.
__________________ www.gloda.net
|
|
08.01.2011 12:46 |
|
|
ludiol
Foren As
Dabei seit: 06.02.2009
Beiträge: 84
|
|
Ech hun den Sun Sniper, ass ganz gudd wanns de ennerwee bass, e bessen wéi den R-Strap. Mee fir den Sport kanns de daat vergiessen, well daat wackelt zevill. Ech wollt mer och eventuell den Spiderholster zouleen.
|
|
09.01.2011 08:34 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
bei allen solutiounen hei kennt mer direkt den gedanken, wei as et mam der Plack vum Stativkapp, get et do net t'meiglechkeet mat enger plack ze schaffen?
Hei wier ech generft awer mussen fier all Stativopnahm erem mussen t'Plack ze wiesselen !
Bei Manfrotto selwer scheinen se naischt änleches unzebidden, oder get et villeicht sou en system den mat Manfrotto kompatibel as ?
|
|
09.01.2011 16:06 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Nagarjuna
Ech hunn den Spider Camera Holster. Do ass alles aus Metall an vun beschter Qualitéit. Leider benotzen ech en zimlech sielen well ech mäin Fotoapparat meeschtens um Stativ loossen. Awer fir dech kéint dat genau dat richtegt sinn.
http://www.spiderholster.com/ |
wei bass de dann zefridden, hun elo gesin dat een do nach kann d'Plaque vum Stativ drop setzen, mais den Spider gefällt mer net well den Apparat do awer relativ vill ronderemflattert ...
|
|
09.01.2011 16:40 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
Themenstarter
|
|
Vir mech wier et wichteg dat den Buttek wierklech fixéiert ass, well ech en och well beim Sport benotzen. Souwäit ech gesinn sinn ausser BGrip all d'Systemer ze wackeleg.
Spider gefält mer vun der Stabilitéit am beschten, mee do ass d'Kamera net ganz fixéiert?
__________________ Anti-Signature
|
|
09.01.2011 17:33 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
Et hänkt dovun of wéis du dat gesäis. D'Kamera hänkt jo un enger Fixatioun awer se beweegt sech jé no denger Kierperhaltung. Awer an der Fixatioun ass se ganz fest. Du kanns domat sprangen oder lafen ouni dass se dir aus der Fixatioun erausfiert. Fir mech war et wichteg eppes ze hunn wou ech d'Kamera emmer kann (schossbereed) dobäi hunn ouni dass ech ënnert dem Gewiicht vun der Kamera leiden muss. Den Spider huet genau déi Qualitéit. Du mierks praktesch net wanns du eng 5D mat 70-200 op der Säit hänken hues an den Gurt ass absolut sécher. Du muss een klengen Hiewel unhiewen fir se aus der Ophänkung um Rimm erauszehuelen, awer du kanns se och dauerhaft entriegelen. Awer dann dierfs du net domat sprangen oder lafen well dann riskéiert se aus dem Halter ze sprangen. Dat ass net unzeroden well den klengen Hiewel huet een grad wou schnell mat der anerer Hand ugehuewen.
Si hunn och een super Service-après-Vente. Iergendwann hunn si festgestallt dass d'Schnall vum Rimm net sécher genuch wier an si hunn all hier Clienten ugeschriwwen, an ech krut gratis een zweeten Rimm mat enger anerer Schnall heem geschéckt.
@Gaga: Fir mech ass et déi perfekt Léisung. Et ass just schued dass ech et net oft benotzen. Awer fir Reportage oder Sport ass et wierklech gutt. Den Apparat hänkt zimmlech stabil an engem optimalen Gläichgewiicht fir den Kierper net ze belaaschten. En fladdert net wanns du net grad domat sprengs. Awer bei laangem droen ass et eng immens angenehm Solutioun fir den Fotoapparat emmer grëffbereet ze hunn ouni dass en stéiert. Du brauchs d'Plack och net ze wiesslen. Du kanns d'Stativplack op d'Plack vum Spider schrauwen.
Dieser Beitrag wurde 3 mal editiert, zum letzten Mal von Nagarjuna am 09.01.2011 17:56.
|
|
09.01.2011 17:48 |
|
|
McQueen unregistriert
|
|
Et gett och nach desen hei (ass an engem Thread gewiecht)
Klick mech
|
|
09.01.2011 18:17 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
hmm, jo, ech verstin, mais fier mech wier eng meschung tescht Spider an bgrip daat bescht, well ech eichter un sou sachen wei city-trip denken ... an trotzdem och wei zb owes, well den Stativ benotzen, den Spider as bestemmt "stabil" mais beim treppelen schenkt et mier zevill ze wackelen ... den bgrip soll och op Manfrotto Käpp passen, awer net 100%, an net 100% hescht fier mech "guer net" ...
Villeicht eng Marketing Idee lol ... wonnert mech dat manfrotto do net eng Leisung unbidd !
|
|
09.01.2011 18:20 |
|
|
Nagarjuna unregistriert
|
|
@Gaga: Den Spider ass geduecht fir ze trëppelen, ech denken déi aner Solutiounen awer och. Soss mécht dat jo keen Sënn, well soss huet een den Fotoapparat jo besser am Grapp. Ech kann dir en eng Kéier ginn fir ze testen. Fir Street ass dat wierklech gutt, awer wanns du just geleeëntlech eng Landschaft wëlls fotograféieren, dann ass een Rucksak besser. Bei engem Rimm hues du den Virdeel dass den Fotoapparat direkt grëffbereet ass an all Situatioun (also fir Street, Fotojournalismus, Concerten an Sportfotografie) ouni dass du en dauernd muss schleefen. Den Rimm balancéiert d'Gewiicht sou gutt aus dass een en d'Kamera guer net spiert an awer emmer Grëffbereet huet. Et gesäit just e bëssi blöd aus wann een se net gebraucht (Foto-Cowboy
). Leider hat ech den Rimm vergiess mat an Indien ze huelen. Do wier en perfekt gewiescht, well et mech do wierklech gestéiert huet dauernd d'Kamera schossbereed em d'Schëller oder den Hals hänken ze hunn, oder eben am Grapp ze hunn.
|
|
09.01.2011 19:08 |
|
|
Schluck
Doppel-As
Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114
|
|
Ech hun een Rimm vun Sunsniper an ech sin ganz zefridden domat. Deen Eenzelnen huelen ech mechtens fir trëppelen zegoën oder op den Concertën, den Rimm deen bei der Camera ass hun ech ganz erofgeholl an duerch eng Handschlauf ersaat. Den douebelen huelen ech ob groussen Concertën wann ech zwou Cameraën dobei hun an nët dauernt wëll d'Objektiver wiesselen.
Hei d'Adress:
http://www.sunsniper.com/
|
|
09.01.2011 19:24 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
Themenstarter
|
|
@ Gaga:
Also mengen vir trëppelen ze goen misst den Spider stabil genuch sinn, do stéiert eng minimal Beweegung net sonnerlech.
__________________ Anti-Signature
|
|
09.01.2011 21:14 |
|
|
|