Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » [Foto] Rendez-vous » 23 Januar - Spontanen Photoshoot » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (4): « erste ... « vorherige 2 3 [4] Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen 23 Januar - Spontanen Photoshoot  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech gëschter super fonnt fir mol eng keier ze gesinn wei daat sou ass an wei een eng Studiobeliischtung setzt asw.

Wat ech allerdengs guer nët witzeg fonnt hun ass wei den Metteg ob der Aarbescht den am Büro nierwendrun bei mech komm ass an mer gesoot huet "Op der Photo do um Photogen gesais de awer guer nët gudd aus" !

Do sinn ech dann mol kucken gangen an do gesinn ech do eng Photo vun mier wou ech gesoot kritt hun: "Et ass just fir d'Beliichtung ze testen, kann's de dech eng keier dohinner setzen".

1) Wei ech mech ungemellt hun, hun ech explicit gesoot ech weilt nët "modelen"
2) Dei Photo ass online gesaat gin ouni main Accord! Ech fannen ët eng Saach vun Heiflechkeet dass een ob d'mannst freet ... ouni dovun ze schwaetzen dass een dozou rechtlech verpflicht ass!
3) Dei Photo woar egal waat, wei kann een ob d'Idee kommen esou eng Photo hei eropzelueden ? Ët soll een nëmmen seng bëscht Photoën hei eroplueden ... also Gaga wann's du zwar dei zu dengen bechten Photoën ziels ... naja ...

Dat do fannen ech ee kloeren "Abus de Confiance" an ech hat dech bis haut als een Typ angeschaetzt den an der Rei ass. Waat wolls de der dommadden bezwecken ausser een anneren wuertwirtlech an ee schlecht Liicht setzen ??

Ech haat virun ee puer Joër eng Gesichtslähming an woar baal ee Joër krank an dofir hun ech sou een onsymetrecht Gesicht an Treinensäck ... ech wees dat an muss dat nët onbedingt hei an den Kommentaren noliesen oder vun Aarbeschtskollegen soen ze lossen!!

An dann och nach mol eng Fro un d'Adminën hei vum Site:

Wei kann ët sinn dass een hei eng Photo kann eroplueden ouni dass dir wësst dass dejenegen anverstannen ass ? Och dir bewegt ierch do rechtlech gesinn ob zimmlech gefaierlechem Terrain.

Schued ... mir hat ët gëschter Spass gemach, mais ech hat nët geduercht dass ech sou eng geing ob den Deckel kreien.
24.01.2011 20:17 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

gutt, vum prinzip hir hues de recht.

lo eppes aaneschters:

den dirk an ech hun den spontanen photoshoot an d'liewen geruff an do gëtt et och eng philosophie dohannert an déijeneg déi d'iddi vum spontanen photoshoot iwwerhuelen oder mattmaachen, sollten déi philosophie respektéiren an iwwerhuelen.

1) fotografen léiren vun aaneren fotografen
2) et gëtt zesummengeschafft
3) keen soll kommen an soen, déi foto do ass meng iddi
4) heiansdo si modelen do eng aaner kéier nët
5) d'fotografen spillen och model (faute de mieux) well sou léiren se verstoen wéi een sëch virun der kamera fillt
6) wen nët wëll "gewisen" gin, sollt dat kloer soen am ufank vun der scéance (woubai ech dat nët gutt fannen), well eigentlëch war et déi aaner kéiren sou dass de fait dass een matt mëcht schons sou eppes wéi en accord de principe ass an ech géif dat gär baibehalen.

ech hun mëch och schons op fotoen entdeckt wou ech mëch nët immens drop fannen, me et ass mer egal.

PS: dat elegants wier gewiercht dëch mam fotograf an verbindung ze setzen, dir wiert iech bestëmmt eens gin.

voilà, ech hoffen ech sin lo kengem zevill op d'féiss getrëppelt, me sidd iech all bewosst dass ech mer meng iddi + philosophie déi hannert dem "spontanen photoshoot" stëcht nët schuppen loossen, c'est à prendre ou à laisser

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von xaph32 am 25.01.2011 08:39.

25.01.2011 07:45
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Bon ok ... folgendes:
Zitat:

1) fotografen léiren vun aaneren fotografen
2) et gëtt zesummengeschafft
3) keen soll kommen an soen, déi foto do ass meng iddi
4) heiansdo si modelen do eng aaner kéier nët


Jo woar och richteg cool

Zitat:

5) d'fotografen spillen och model (faute de mieux) well sou léiren se verstoen wéi een sëch virun der kamera fillt
6) wen nët wëll "gewisen" gin, sollt dat kloer soen am ufank vun der scéance ...


Ech weess wei ech mech virun enger Kamera fillen .. nämlech schäisse an dofir hunn ech am viraus gesot dass ech net wëll ! Ausserdeem ass riets gaangen vun Beliichtung astellen wei déi Photo entstanen ass soss haet ech mech net ob den Stull gesat.

Et och nach ee groussen Ënnerscheet eng Photo gemaach ze kréien an eng Photo vun engem publizéieren.

Zitat:
eigentlëch war et déi aaner kéiren sou dass de fait dass een matt mëcht schons sou eppes wéi en accord de principe ass an ech géif dat gär baibehalen


Ok... dovun wosst ech näischt an dat huet och keen mer gesot. Wat ech nët verstinn ass wei een Tipp den soss ech weess net welch "Beauty" Retouchen mëscht op d'Idee kënnt esou eng Photo online ze setzen an nach mengt ech géif dat dann herno gutt fannen

Virun allem nët no 123 views an 20 Kommentaren à la "Wat hues de dann mam Schluck gemacht ... ass hien zu Fouss dorobber komm ... Huet hien ee blot Ae ... Enn haet awer kéinten de Baart maachen usw.

(Ech weess dass däi Comments nach witzeg gemengt woren ... ech sinn do och kengem bäiss!)

Wann dat dir egal ass, ass dat däin Problem ... mir net, an schon guer net wann se nach kommentéiert ginn an all Mënsch dat kann noliesen, ënnert anerem meng Aarbechtskollegen.

Zitat:
well eigentlëch war et déi aaner kéiren sou dass de fait dass een matt mëcht schons sou eppes wéi en accord de principe ass an ech géif dat gär baibehalen.


Bon ... wann's du dat gutt fënns .. ech géif mech an denger Platz mol mam Gesetz vun 1982 iwwert "Protection de la vie privée" an dem Datenschutzgesetz vun 2002 auserneen sëtzen dann weist de dass et een "Accord de Principe" an dem Fall net gëtt.

Zitat:
PS: dat elegants wier gewiercht dëch mam fotograf an verbindung ze setzen, dir wiert iech bestëmmt eens gin.


Ech fannen dat elegants wier gewiergt wann den Fotograf sech mat mir an Verbindung gesat an mech gefrot haet, dann wier dat do net geschitt. Heiansdo d'Gehir aschalten ier een handelt ...

Zitat:
voilà, ech hoffen ech sin lo kengem zevill op d'féiss getrëppelt, me sidd iech all bewosst dass ech mer meng iddi + philosophie déi hannert dem "spontanen photoshoot" stëcht nët schuppen loossen, c'est à prendre ou à laisser


Ech wollt net däin Dada(=Spontanen Photoshoot") ugräifen an vun dir fillen ech mech och net getrëppelt, ech wäert awer trotzdem meng Meenung kënnen soen.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Schluck am 25.01.2011 19:42.

25.01.2011 16:55 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech sot der jo schon dass de "legal" recht hues. ech hat dat dann wuel och nët mattkritt dass de gesot hues du wells net geknipst gin, me ech contestéiren deng ausso awer nët.

ceci dit: déi nächsten kéier wärten d'conditiounen kloer opgezielt sin fir dass jiddereen weess op wat en sëch anléisst.

ofschléissend soen ech heizou awer och nach meng meenung:
1) d'foto vum gaga wor nët besonneg gutt
2) et wor den zirkus awer och net wert, soubal en dain message krut huet en se geläscht
3) du féiers lo eng op, iwwerdriwwen wéi ech mengen, du bass wuel perfekt an hues nach nie e fehler gemeet? mir hun eis ënner foto-kollegen getraff, an nët fir lo een den aaneren schaissen ze din
4) an mengen aan bass du awer och lo an der kategorie :"passt vun der mentalitéit nët an den spontanen photoshoot" an och dem wert ech dann rechnung droen, ausser du gesaiss dat vlait aaneschters?

ech hoffen ech hun lo naischt vergiess, well et ass dat lescht wat ech zu dem thema wert vu mer gin, och wann ech mer kann denken dass et net dain lescht wuert zum thema wor

ech mengen ech muss mol eng kéier matt eisem fréieren kolleg shanti iwwer buddismus schwätzen fir dass ech main ënneren fridden fannen, an dësem sënn...
25.01.2011 17:50
Nagarjuna
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

PEACE and LOVE
http://www.youtube.com/watch?v=Qs_L0RsbY3A
Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von Nagarjuna am 25.01.2011 18:18.

25.01.2011 18:06
xaph32
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Nagarjuna
PEACE and LOVE
http://www.youtube.com/watch?v=Qs_L0RsbY3A
Augenzwinkern


grandios, sees de dem shanti merci fir d'info
25.01.2011 18:49
Seiten (4): « erste ... « vorherige 2 3 [4] Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » [Foto] Rendez-vous » 23 Januar - Spontanen Photoshoot

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH