Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Konstruktiv Kritiken » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Konstruktiv Kritiken 3 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,003 Bewertungen - Durchschnitt: 10,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Lampe Konstruktiv Kritiken Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Um Fototrëff haut den Owend hu mir eis zesumme gesat an iwwerluecht wat fir eng nëtzlech Richtlinnen mer kënnen zesumme stellen fir zum engen konstruktiv Kritik ze ginn, an anerersäits dat meescht aus der Kritik wou ee kritt ze maachen.

Feedback ginn
  • Kuck d'Foto méi wéi dräi Sekonnen ierts de ufänks e Kommentar ze schreiwen. Looss d'Foto op dech wierken.
  • Probéier eppes positives an eppes negatives fannen. Wann een nëmmen negatives gesot kritt knabbert dat iergendwann un der Moral.
  • Et muss een net ëmmer eppes ze verbessere fannen. Dann so einfach wat gutt ass.
  • Et bréngt näischt ze schreiwen "Schéi Foto." o.ä.. Wann der alles gefällt, dann kanns de eng oder e puer Saachen eraus picken.
  • Du muss et net besser kënnen. All Meenung ass berechtegt, souwuel déi vun Ufänger wéi gestanene Fotografen a Fotografinnen.
  • Probéier de Kommentar esou ze schreiwen dass en Tipp drann ass wou den Fotograf déi nächst Kéier kann drop réagéieren.
  • Schreif net: "Et gouf schonn alles gesot." Dat hëllt just Plaz ewech um Server.
  • D'Kommentaren sollen op verständlechem Lëtzebuergesch sinn.
  • Fir d'éischt iwwer d'Foto schwätzen. Dann iwwerleeën wat een fir dee Fotograf spezifësch soe kann.
  • Kuck och d'Detailer, souguer wann aner gréisser Problemer do sinn. Hu scho fënnef Leit gesot dass d'Foto kippt?
  • So wéi déi Foto op dech perséinlech wierkt. Virwat gesäis oder seess du déi Saachen?

Feedback kréien
  • Fro dech: Wat wëll hien oder hat mir soen? Virwat seet hien oder hat dat?
  • Evitéier Mëssverständnisser: Virwat ass säi Point de Vue anescht ewéi mäin?
  • Wat huelen ech mer aus dem Kommentar eraus fir meng nächst Fotoen?
  • Géi dovun aus dass d'Kritik sech op d'Foto an net op dech bezitt. Kritiken si keng Virwërf.
  • Gëff déi Detailer déi wichteg sinn fir der Foto hire Kontext beim Eroplueden am Kommentarfeld mat un.
  • Wann een Kommentator perséinlech a verletzend gëtt:
    a) En op anerem Wee dorop opmierksam maachen.
    b) Dat perséinlecht ignoréieren an d'Bildkritik separat betruechten.
    c) Komplett ignoréieren. Vläit ass et just ee Stëppeler.
  • Reagéier op nëtzleche Feedback. Een dee mengt seng Kommentaren géifen ni gelies ginn kritt d'Flemm. Eng Foto ze läschen ass onhéiflech fir déi wou sech d'Aarbecht gemaach hunn, ee Kommentar ze schreiwen.
  • Sich den Dialog. Wann der eng Kritik net gefält, fro wéi den aneren oder dat anert et gemengt huet.
  • Am Dialog ass et am produktiivsten wann een beim Thema bleift. Soss hëlleft den Echange dem Fotograf net méi.
  • Schwéier Konditiounen beim Fotograféieren sinn keng Excuse fir aner Saachen déi an der Foto net klappen. All Art vu Fotografie huet hir eege Schwieregkeeten. Z.B. en däischtere Sall entschëllegt kee schlechte Bildopbau.


Schreift roueg är Iddien dobäi. Awer konstruktiv w.e.g. smile (<- E Smiley. Vum Gloda.)

__________________
www.gloda.net
02.11.2011 22:06 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
RE: Konstruktiv Kritiken Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fannen Esh ganz Flott Ideen, mee wann een Konstuktiv Kritiseiert an dan als Änfert kennt " Mach et dach Besser..." dan heiert de Spass op. Kloer sol en net emmer soen wat Negativ ass soll en och dei Gud Aspekter vun Enger Foto nennen... Mee hun gevill dass een mei Schlecht heinsdo mecht mat komenteieren wei wann en guer net Kommenteiert. Geheien net jidereen an dat Gleicht deppen, mee esou Änferten ze kreien wei ech hei geschriewen hun do stellt en sech Fro wisou een sech iwerhapt Zeit geholl heut vir engem seng Serie sech richteg unzekuken an ze Kommenteieren... Fannen mir sen jo hei vir dass en op e gudden Wee an da Photogarphy kennt an dem jidereen sein Opinion kann soen.. Ass jo lo net just eng Fotogallery hei vir Biller ze Bunkern.. Mee wann een net Kritikfäheg ass ,dann ass enn an mengen Aaen hei fehl um Platz... Soit Esh fannen är Virschlei ganz Gudd, mee do muss jidereen dann och Matspillen.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gi87 am 02.11.2011 22:28.

02.11.2011 22:26
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Deng éischt Bemierkung passt gutt op dat wou mer ënner "Du muss et net besser kënnen" beschreiwen. Looss dech dovun net vum kommentéieren ofbréngen.

Wann s de emol eng Äntwert kriss déi der onpassend schéngt kann s de jo op dësen Thread verweisen, respektiv op d'Säit vu Photogen wou dës Richtlinnen hi stoe kommen. (Déi Säit ass nach net do.) Dann kënnt der zu zwee kucken ob der amgaang sidd e konstruktiven Dialog ze féieren.

__________________
www.gloda.net
03.11.2011 17:41 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
gi87
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Gud idee Gloda Augenzwinkern Esh sen Dofir smile
03.11.2011 20:31
Pit
Mitglied


Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An ech sin der Mehnung, dat sollt en 'gefält mir' Button kommen, dann kann jiddereen, deem Foto gefält einfach drop klicken ouni grouss blabla ze schreiwen, an den Fotograf géing och gesin, dat seng Foto flott fond gët. Mee dat ass jo wahrscheinlech nët esou gewollt, soss wär deen Button jo schons laang do.
03.11.2011 21:59 Pit ist offline E-Mail an Pit senden Beiträge von Pit suchen Nehmen Sie Pit in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat fält ënnert de Punkt "Et bréngt näischt ze schreiwen "Schéi Foto."" En "Like" Knäppchen o.ä. léisst a mengen Aen net vill Raum fir Konstruktives.
(Ech perséinlech géif mech esouguer e bësse getrëppelt fillen wann engem d'Foto net méi Effort wéi en Klick op e Knäppche wäert ass, mä dat sinn just ech.)

__________________
www.gloda.net
03.11.2011 22:19 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Pit, dat ass, genee wéi de gloda scho sot eigentlech, genee de Géigendeel vun dem wat mer hei wëllen bewierken. Wann ee just eng Foto "liken" wëll, kann ee se op Facebook & Co setzen, mä dat huet hei näischt ze sichen.

__________________
404 - Not found
03.11.2011 22:31 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Zodiac
Mitglied


Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

déi Idee hei gefällt mer. Kritiken sollen wirklech konstruktiv sinn. Ech muss zougin dass ech och mol heinsdo zu denen geheieren dei just schreiwen dass eng Foto mer gefällt. Ech fannen awer dass et stemmt dass een soll mei prezis soen wat engem gefällt. Probeieren och do mech ze verbesseren Augenzwinkern Mee et sinn fir mech bis elo verschidden Saachen net kloer. Esou wei ech dat verstinn, sollen dat Richtlinien ginn? Heescht dat elo fir d'Useren, dass Kommentarer och elo kontrolleiert gin esou wei fotoen, respektiv wat passeiert wann een awer just bei enger Foto een Kommentar wei "schéin Foto", "super Foto" schreiwt?

MbG

Luc
04.11.2011 13:47 Zodiac ist offline E-Mail an Zodiac senden Beiträge von Zodiac suchen Nehmen Sie Zodiac in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zodiac, dat sinn just Iddien. D'Thema vum Phototalk war "konstruktiv Kritike schreiwen," dofir hu mer eis zu puer iwwerluecht wat dat eigentlech heescht. Du "kontrolléiers" deng eegen Kommentaren a mat dëser Lëscht hues de elo eng Referenz.

__________________
www.gloda.net
04.11.2011 14:16 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Zodiac
Mitglied


Dabei seit: 27.06.2009
Beiträge: 36

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ok, dat ass gudd gemach. war fir mech e bessen onkloer :-) Thx fir deng Hellef Augenzwinkern hoffen mer emol dass dat dann och e bessen emgesat wärt gin hei... :-)
04.11.2011 14:36 Zodiac ist offline E-Mail an Zodiac senden Beiträge von Zodiac suchen Nehmen Sie Zodiac in Ihre Freundesliste auf
Schluck
Doppel-As


Dabei seit: 21.02.2010
Beiträge: 114

RE: Konstruktiv Kritiken Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fannen och dass dat eng gudd Idee ass, hat jo och eng kéier eppes ähnleches proposéiert. Ech hät mech dem Phototalk och gaer ungeschloss mais hun leider am Moment wéineg Zäit
04.11.2011 14:48 Schluck ist offline E-Mail an Schluck senden Beiträge von Schluck suchen Nehmen Sie Schluck in Ihre Freundesliste auf
m-otiv m-otiv ist männlich
Doppel-As


Dabei seit: 01.12.2009
Beiträge: 130

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also Ech freen mech op all Kritik...op vun Anfänger oder Profi...
Ech froen "emmer" meng Fra hier Méhnung, Hat gesait daat matt engem aaneren Ae (net tèschnesch eben an oft méi objektiv) wéi, soen mir emol, den Gloda Augenzwinkern

Guer keen Kommentar, do stellt een sech dann d'Fro: ass d'Foto esou sch...ss, an keen traut sech et ze soen? oder ass se esou perfekt (haha) dass et naischt ze mekere gët...

Ech op alle fall vermessen die riesen Débatten mam Suraki, Gtaddei , Shanti ;-)

Do gouffen schon emol puer Fotoen zerfetzt smile an Ech hunn esou vill dorauser geléiert... Och wann Ech ab und zu net emmer direkt agesinn hunn waat net gestemmt huet...hunn Ech et awer matt der Zait selwer agesinn...

Nach eppes Gloda: et soll een sech och seng egen Meehnung vun der Foto maachen an sech net vun den aaneren Kommentarer beaflosse lossen...
Oft entstin hei esou Trend-Kommentarer....
04.11.2011 20:00 m-otiv ist offline E-Mail an m-otiv senden Beiträge von m-otiv suchen Nehmen Sie m-otiv in Ihre Freundesliste auf
Magic
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Dir Profien vun de Kommentaren.
Vun all denen Kommentaren, hun ech der e puer gemaach awer vir e klengen Ufänger Kommentaren ze machen iwwer bal Profien, ech fannen dat nervt as esou guer penibel.
We sin Ech vir Kommentaren iwwer Fotoen ze machen. Ech verstin a mengem perséinleche gôut
hun ech eng Meenung mä as dat Objektiv?
Ët muss een eng gewëssen Erfahrung vun der Fotografie hun vir e gudde jugement ze gin an ech soen dat as nit einfach vir een Ufänger.
Ech weess dass Dir Fotografen ët erwart Kritiken ze kréien déi konstruktiv sin, iwwert Är Fotoen, awer wann ech déi Fotoen kucken déi hei eropgeluede gin, sin ech, meeschtens erstaunt iwwert d'Schéinheet, sou dat ech näischt méi soe kann.
Muss een eppes fannen vir ze verbesseren oder eng Bewertung gin, nëmmen einfach soen wat ee gären huet, a keng Fehler un der Foto fannen, se ganz einfach super fannen a näischt drun ze soen hun.
Ech soen Iech ech sin ganz oft an deem Fall.
Ech fannen ët extrem schwéier eng Foto ze kommentéiren an zemols wann ech den Numm vun
eenzelen Fotografen gesin.
D'Fotorafie as meng Passioun awer dat mecht Mech nit zu engem Spezialist vum BIld.
Wann ech och nit oft Kommentare ofgin, krut ech nach keng Reprosch gemaach as een Zeechen dat ech mech kleng villen vir un all denen exzellenten Biller..
Ech appréciéiren dëse Site, kucke gäre Fotoen kucke wat eropgeluede gëtt, heiensdo Plaazen déi ech kennen, richteg Konschtwierker.
Merci un Iech all Fotografen, Profien, all déi déi Kommentarer maachen, an de ganzen Kommité.

Merci...
magic. Augenzwinkern

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Magic am 04.11.2011 22:05.

04.11.2011 21:44
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et muss een net Erfahrung selwer hunn an der Fotografie fir Kommentarer ze schreiwen, och net fir konstruktiver ze schreiwen. Dofir interesséire muss ee sech natierlech (mä dat maache mer soss wiere mer all net hei Augenzwinkern ), an domat ausernee setzen. Allgemeng ginn et awer dann déi eng Leit déi séier an einfach Saachen erkennen déi ee ka besser maachen, an anerer doen sech do e bëssen méi schwéier.

Wat mir schreiwen ass jo och gemengt fir déi Leit déi sech wëllen an kënnen dru ginn esou Kommentarer ze schreiwen, wat am Fong de Sënn vum Site ass. An gleef mer, et gëtt bei all Foto op manst iergend eppes ze diskutéieren, egal wéi gutt se ass Augenzwinkern

Mer si jo net just hei fir sech ze verbesseren am technesche Sënn, mee fir sech weiderzeentwécklen, dat sinn zwou verschidde Saachen. Mat Diskussiounen iwwert Themen oder Inhalter vu Fotoen wou een d'Vu'en vun anere Leit kann liesen erkennt ee vlaicht besser wéi anerer denken oder et entdeckt een nei Richtungen déi ee kann testen. Et erweidert een also säin Horizont smile

__________________
404 - Not found
04.11.2011 23:01 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Themenstarter Thema begonnen von gloda
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Magic, ech hunn immens vill geléiert andeems ech wéi s du Fotoe gekuckt hunn déi mech beandrocken. All Kéiers wann een iwwerleet "firwat gefält déi Foto mir eigentlech" léiert een eppes.
Objektivitéit ass hei bei eis an dem Sënn keng Viraussetzung, an de Bléck vun engem deen eréischt ufänkt huet am Kader vu Photogen dee selwechte Wärt wéi dee vun engem deen Erfahrung huet.

__________________
www.gloda.net
05.11.2011 10:48 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@ Magic:

den Johny schreift:
Zitat:
Wat mir schreiwen ass jo och gemengt fir déi Leit déi sech wëllen an kënnen dru ginn esou Kommentarer ze schreiwen, wat am Fong de Sënn vum Site ass. An gleef mer, et gëtt bei all Foto op manst iergend eppes ze diskutéieren, egal wéi gutt se ass


...an dem Senn ginn nawell eng ganz Reih Kommentarer geschriff, an, mol ganz egal weivill Kommentarer dass de selwer schreifs, wier et awer flott wanns de dann awer emmerhin op daat Geschriwwend giffs agoen. -->fir nozeliesen


Wei do fannen ech et enttäuschend wanns de dann mol net drop agee - dei läscht 4 Punkten vum Start-Post sinn hai déi wou et am beschten treffen....

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
10.11.2011 22:03 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
dr_kim_veis
Tripel-As


Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

zimmlech vill regelen...
11.11.2011 21:08 dr_kim_veis ist offline E-Mail an dr_kim_veis senden Beiträge von dr_kim_veis suchen Nehmen Sie dr_kim_veis in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dat si keng Regelen, mee Tipps smile

__________________
404 - Not found
11.11.2011 21:39 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Maimonides Maimonides ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.06.2008
Beiträge: 189

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Magic,

lies mol dem JADE sein 2. Kommentar zu deser Foto:

[pg_img=60089]

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Maimonides am 12.11.2011 15:50.

12.11.2011 15:47 Maimonides ist offline E-Mail an Maimonides senden Beiträge von Maimonides suchen Nehmen Sie Maimonides in Ihre Freundesliste auf
Magic
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci Maimonides, hun ët gelies Augenzwinkern
13.11.2011 07:36
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Froen zu Photogen » Konstruktiv Kritiken

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH