Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
|
|
canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
|
Hallo wollt froen watreng objektiver vun canon ech soll mat huelen an camarque
Hei meng objektiver
meng objektiver dei ech hun :
Canon 70-200mm L
Canon 17- 85 mm
Canon 70-300 mm
Canon 100 mm
Canon 18-55mm (kitobjektiv canon 350D)
Tamron 10- 24 mm
Tamron 18-270 mm
|
|
23.06.2016 20:34 |
|
|
|
Pit
Mitglied
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
|
|
RE: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
|
Wéi wär et, wanns de zum 70-200 L nach en 24-70 L kafen géings, dann kéinst de déi aner verkafen...
Do sinn vill Sachen dobai, déi sech iwerschneiden. Also huel einfach mol den 70-200 L an den 17-85 mat, dann hues de alles dobai, wats de brauchs.
|
|
24.06.2016 12:04 |
|
|
|
Pit
Mitglied
Dabei seit: 11.05.2011
Beiträge: 36
|
|
RE: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
|
Fro ass natirlech och, wats de an Zukunft dan iwerhapt fotograféieren wells.
Den 24-105 ass och dann gudd, wanns de méi 'Erennerungsfotoen' machen wells, wanns de awer d'Fotoen wells machen, déi 'méi en héigen' Usproch sollen hunn, dann solls de och an Zukunft op éichter Héichwerteg Lënsen investéieren. Sou eng Lënsen sinn natirlech méi deier, mee déi keeft een normalerweis dann och nëmmen 1 mol.
Sou wéi ech dat verstan hunn, wëlls de jo och eng Kéier Biller ausstellen (du has mol eng Kéier sou eppes gefrot, wéi een dat machen kann), an deem Fall géing ech mer awer no an no eng Ausrüstung zouléen, déi dem och gerecht gët.
Hei mol eng Prppose, wéis de firgoen kanns, well dat kascht jo och alles Suen:
Den 70-200 L hues de schon, eng Superlëns, onbedëngt halen
- als nächst en 24-70 L zouleen, dann hues de schon vun 24-200 mm ganz vill Méigelechkeeten
- duerno kanns de jo méi an den Weitwénkel goen, zB. 16-35mm L
Méi speziell Objektiver nëmmen dann kafen, wann wirklech néideg. Domadder mengen ech zB Fëschaen (8-15mm), Superwaitwenke (11-24mm) oder Makro (100mm).
Mee ëmmer drun denken, dat sou 'L' Objektiver an d'Geld ginn, an sech Fro stellen, ob een dat eent oder anert wirklech brauch. Och um Gebrauchtmaart kann een do gudd Affairen machen.
Boitiéeen kanns de nach wiesselen, Objektiver passen och dann nach.
Verkafen géing ech mol:
Canon 17- 85 mm
Canon 18-55mm (kitobjektiv canon 350D)
Tamron 10- 24 mm
Tamron 18-270 mm
An dann en 24-70mm 2.8/L II uschafen. (Och sou eent fënns de als Occasioun, dat gudd an der Reih ass). An dann intensiv mol mat deenen 2 Objektiver schaffen.
|
|
25.06.2016 15:40 |
|
|
|
Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
Themenstarter
|
|
RE: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
|
ok merci fir den tipp johny
|
|
25.06.2016 16:17 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wisou hues de der iwwerhaapt esou vill? amplaz esou vill ze kafen häss de besser dat eent oder anert richtegt gutt ze kafen
__________________ 404 - Not found
|
|
24.06.2016 12:00 |
|
|
|
Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
Themenstarter
|
|
Hallo watren kannste mir dann empfehlen ?
|
|
24.06.2016 13:05 |
|
|
|
Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
Themenstarter
|
|
Johny
Hallo watren kannste mir dann empfehlen ?
|
|
24.06.2016 13:06 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Deng Objektiver sinn, ofgesi vum 70-200 an vum 100mm, net ganz gutt, dofir géif ech dovu keent huelen
Verkaf de Recht an kaf der, wéi de Pit sot, léiwer e 24-70 amplaz, dann hues de alles wats de brauchs.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.06.2016 16:01 |
|
|
|
Eric1989
Mitglied
Dabei seit: 13.03.2016
Beiträge: 25
Themenstarter
|
|
ok johny an wat hälls du vum canon 24-105 L F/4
|
|
24.06.2016 16:37 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Den hat ech, a war, wou ech op Vollformat geklomme sinn, net méi dervun iwwerzeegt. E war soft, a virun allem bei 24mm war en immens schwaach wat Qualitéit ugeet. Do ass ee mat engem 24-70 besser opgehuewen.
__________________ 404 - Not found
|
|
24.06.2016 21:56 |
|
|
gogo
Moderator
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 128
|
|
De 24-70 war mäin éischt L Objektiv an domadder mäin éischt richteg gudd Objektiv.
Ech hat soss ëmmer den 17-85 op der 50D, den hat ech dunn duerch den 24-70 getosch, den Ënnerscheed war enorm.
Wéint den 2.8 hat ech e schnelle fokus, konnt och bei wéineg Luut nach fotograféiren, an konnt och besser fräistellen an d'Qualitéit vun de Biller war natierlech och besser gin.
War eng gudd Investitioun, virun allem well ech puer Méint drobber op Vollformat emgeklommen war.
Ech giff mech domadder dem Pit an dem Johny uschléissen.
|
|
24.06.2016 23:25 |
|
|
|
ornitho unregistriert
|
|
Froh ass eichter dei, wat welste an da Camargue gären fotografeieren ?
Dorobs hin gief ech ma mol meng Ausrüstung zesummen leen vir mat..
Meeste Landschaften, Macros, Vullen etc...
Soss gin ech dem Johny an dem Gogo hei recht wat de punkt mat denger Ausrüstung an dem 24-70 gief ungoen...
|
|
25.06.2016 14:12 |
|
|
|
|
|