Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
patrickr
unregistriert
Daumen runter! Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hu geschter Metten eppes gemaach, wat ech schon zanter laangem nët méi gemaach hun: ech sin an d'Staat gaangen!

Enner anerem hun ech mer bei engem Fotobuttek d'Vitrine ugekuckt. Wat stungen do Saachen dran! Canon 1D, Canon 1Ds, Nikon D200, Fuji S5pro, mee awer och eng Hasselblad, eng Pentax 67II, Objektiver à la 70-200/2.8, 300/2.8, 50/1.2 a vill méi, zerguer eng Nikon F5 an eng Canon EOS-1V. Wow, do muss awer een welles hun vill Deires ze verkafen!

Well ech nach op der Sich no engem Zubehördeel fier meng Nikon F100 sin, hun ech do geduet, dass et jo nët schuede kann emol eran froen ze goen (Fier d'Zweet a méngem Liewen, di éischte Kéier war nach am leschte Johrdausend). Bei esou enger Fenster kann et jo sin, dass vläit nach dat eent oder anert Stéck hannenaus läit. Schliesslech huet een d'F100 jo nach virun 3 Joer ze kafe kritt an déi war deemols mat 1500 Euro jo och nët grad belleg. Et huet sech awer schnell erausgestallt, dass dat e fatale Fehler war.

Am Butteck hun ech dun e nach feinen Här gefrot op hien nët vläit dat Stéck fier méng F100 hätt. "Wat? ... Effffffffff Honnert, ..., dier hud Efffffffff Honnert gesoot? ... Dat war jo en Apparat mat, ....., mat Film ???" Ech soe jo, F100, en Apparat mat Film. An dun as et lass gaangen, a frot nët wéi!

"O Mamm, dat get et dach scho lanng nët méi! Déi Stécker get et dach nët méi. Haut schafft dach kee méi mat Film! Dat kenne mer emol nët méi bestellen, well mer et nët méi kréien. Wann iwwer haapt, da Second-Hand, mee dann awer nët hei." ... "Souwisou Film as dout, dat geet nëmme nach biergof! Awer ferm! Dier hätt besser digital ze schaffen!!!, Dat as vill besser, dat as impeccabel! Dier musst Digital schaffen! Do kenn dier Schwarz-Wäiss maachen, mam Computer, dier hut do formidabel Méiglechkeeten! La classe! Perfekt Biller!" ...

Nodeems vill warm Loft ausgeblose gi war, hun ech gemengt, dass ech awer léiwer mäin SW op Film maachen. An do as et erem lass gaangen! Dier braucht nemmen den Abschnitt vun uewen heihin ze Copy-Pasten. Ech muss awer soen dass de gudde Mann ganz leschteg Ausgesin huet, firun séngem grousse Regal mat Kodak-Filmer!

No enger klenger Paus hun ech dun gemengt, dass ech jo awer och nach am Mettelformat schaffen (wat hien jo anscheinend och nach verkeeft). "Monsieur, dat as awer eppes ganz anescht!!! Mee och do .... Film .... dout .... digital, digital, digital"

Wow, schlemmer wéi d'Sondespriedegd! Woubäi mer nët vergiesse sollten, dass ech jo awer e Stéck fier e Photoapparat kafe wollt! Ech brauch jo bestemmt nët ze soen, dass ech kuerz dono erem dobausse war, a secher, mee ganz secher, keng drette Kéier an dee Buttek do eran wärt goen. Esou eppes hât ech bis elo wierklech nach nët erlieft!

Ech well heimat keng banal Discussioun ufänken wat besser as: digital oder analog. Ech mengen dass all normale Mensch kapabel as ze verstoen, dass di digital Technologie wonnerbar Saachen erméiglegt! All normale Mensch soll awer och akzeptéieren, dass verschidde Leit, zwar eng kleng Minoritéit, Spaass drun hun sech an hiert Material ze quälen, fier Biller op di konventionell Art a Weis hierzezauberen.

Ech stelle mer awer elo eng fundamental Fro:
Wat hun ech verbrach, dass e Geschäftsmon, deen ech elo am Prinzip fier di éischte Kéier gesin hin, mier esou eng Reaktioun op den Dësch leet wann ech no engem Artikel froen deen ech kafe well. Hun ech dat doten néideg? Geet et him esou gudd, dass hien e Client, deen awer gären a neit Material investéiert, op ee Coup fier emmer vergraule kann, oder as hien einfach nëmmen (... denken ech mer ...)?

Et gi jo glécklecherweis Alternativen fier u Material ze kommen.
11.09.2007 11:22
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Nee, dat do as wierklech net néideg. En hätt och einfach kënne soen dass déi Stécker eben net méi vill gefrot gin. Ech sin selwer ni an den Filmberäich komm, mee ech kann mer ouni weideres virstellen dass et grad sou vill Spaass wéi digital Fotografie mecht.
Ech mengen iwwregens dass et den selwechten Butték an Verkeefer as, deen mer voller iwwerzeegung gesot huet ech bräicht keen ND Filter, dat géif haut alles am Photoshop gemaach. Majo dann.

__________________
www.gloda.net
11.09.2007 11:46 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Sam Sam ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 11.09.2006
Beiträge: 22
Herkunft: Heisdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Wann et lo den Buttek ass den ech mengen an geif mol soen kann baal nemmen deen sin, well ech d Fenster quasi auswaeng kennen =P ouni awer lo wellen en numm ze nennen..., kann ech soen dass ech och schon domm Erfahrungen do gemaach hun...
Wollt eng Keier mech erkundegen wat den Batterie grip BG_E3 (den fier op eng EOS 350D oder 400D) geng bei hinnen kaschten. Den Preis war ganzer verreckter 160 Euro ouni 2. Akku =S. Dun hun ech dem Verkeefer dann gesoot dat waer mer ze deier, geif en dann awer am Internet bestellen, bei Topvision kreich een en naemlech mat 2. Akku fier 100. Nujee dun kruut ech och eng ganz Moralpriedecht gehaalen, bessen an der Art wei den Patrickr schon beschriwwen huet... also net grad frendlech an hellefsbereet wei dat dann noramlerweis bei engem gudden Verkeefer den Fall sollt sin.

@ Gloda
Weilt zwar och mol gär gesin wei den Photoshop d Fonktiounen vun engem ND-Filter ersetzen kennen =P

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Sam am 11.09.2007 12:54.

11.09.2007 12:36 Sam ist offline E-Mail an Sam senden Homepage von Sam Beiträge von Sam suchen Nehmen Sie Sam in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Sam anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Der Beschreiwung no kann et de Mirgain sinn. Déi läscht Kéiren wou ech eppes kafe wollt haat ech een mei neie Verkeefer dem ech mol hu mussen erklären waat en ND Filter ass großes Grinsen

Bon wéi den Här sech elo "entwéckelt" huet wees ech net. Dann sinn der nach zwee do, den een dem no schonn eng 3D säit bal engem Joer um Maart sinn (Nofolger vun 5D) an den aneren matt dem ee ka schwätzen.

Bon lo egal wéiee Butték et war, och wann et mech geif interesséiren wéieen et war, well wisou musse mer Angscht hun hei Nimm ze schreiwen? Ech denken kengem kann ee verbidde seng Erfahrungen mattzedeelen matt Buttéker oder Firmen smile op jiddefall ass daat scho schlëmm, firun allem wann ee bedenkt, dass all Kéier wann ech beim Mirgain war (lo egal ob et den ass oder net) op manst eng Fra oder Mann hier Fotoen siche komm sinn dei grad entwéckelt gi sinn großes Grinsen

Mee bon waat soll een do vill maan :/

__________________
404 - Not found
11.09.2007 14:15 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Sam Sam ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 11.09.2006
Beiträge: 22
Herkunft: Heisdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hues Recht kann een eigentlech wierkleg den Numm soen! An du leis mat denger Vermutung bei mir mol weinsten richteg Augenzwinkern -> war den Mirgain
11.09.2007 14:27 Sam ist offline E-Mail an Sam senden Homepage von Sam Beiträge von Sam suchen Nehmen Sie Sam in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Sam anzeigen
the_zipper
Doppel-As


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun och direkt un den Mirgain geduecht, ech hun och eemol eppes do kaaf an do wosst den Vendeur net wei een Prozenter rechent, well ech eng kleng Reduktioun krut dass ech Cash an net mat Kaart bezuelt hun. Gudd kann ech nemmen soen dass ech dann wees weieen soueppes rechent well soss wier ech haut nach mat deem am Buttek.

Also ech fannen eierlech gesot dass daat en zimlech onkompetent Geschäft ass an och Preisser sinn secherlech net dei bescht.

Meeschtens ginn ech an den Fototrade op der Escher Stross, dei kennen meeschtens eppes dervunner an och waat filmer ugeet sinn dei voll um laafenden an hun emmer vill Occasiounen.

Fro dei ech mech just stellen op et keng aner Geschäfter am Land ginn dei oft flott an interessant Occasiounen verkaafen well hun nach soss keent fonnt an et ass net als op ech nach net gesicht hätt!
11.09.2007 14:44 the_zipper ist offline E-Mail an the_zipper senden Beiträge von the_zipper suchen Nehmen Sie the_zipper in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von the_zipper
Also ech fannen eierlech gesot dass daat en zimlech onkompetent Geschäft ass an och Preisser sinn secherlech net dei bescht.


Eben net, just 2 Verkeefer bei hinnen (hm ok se si just zu 3 oder 4 ^^). Den Här selwer, ech wees net obs de e schonn eng Kéier kenne geléiert hues, ass immens fäin, an dee Verkeefer vun dem ech geschwaat haat dee wees vill an den wëll engem och net blann eppes verkafen. Sollt ech iwwerhaapt nach eng technesch Fro hun, da passen ech op wee grad Zäit huet éiert ech era ginn.

an ech muss dobäi soen, am Topvision hu se nach vill manner Ahnung Augenzwinkern

OT: Nächst Semester testen ech wéi gutt d'Verkeefer am Saturn sinn zu Tréier ... (wunnen dann praktesch hannendrunn großes Grinsen )

__________________
404 - Not found
11.09.2007 15:01 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Vill Leit denken hei richteg wou ech geschter war Augenzwinkern

Wat Occasioune betrefft, do as et emmer interessant bei de Fototrade ze goen. Mee et muss ee sech d'Objektiver / Kameraen GANZ genau ukucken! Heiansdo froe se vill Suen fier Optiken di komplett verstepst oder zerkraatzt sin. Also e bessen oppassen, da kann een do e wonnerbart Geschäft maachen.
AWER: op kee Fall do eppes verkafen! Et kritt een esou gudd ewéi kee Su erem!
Neipräisser si ménger Meenung no och an der Rei, an et gi vill Filmer do.

Wa mer schons Nimm solle nennen:
De Fränz zu Remmeleng as a méngen Aen nach eng Top Adresse (vläit zerguer di eenzeg hei am Land ?). Frendlech, kompetent, immens vill op Stock, ennert anerem e Paradies fier den anaolge Fotograf, mee di digital kommen natierlech och nët ze kuerz.
Hien huet och e puer Occasiounen do stoen, ech hun ennert anerem méng Pentax 67 esou bei him kaft.
A ganz wichteg: do get ee nët domm ugemaach wann een e Film keeft an et kritt een näischt opgeschwat. Onbedingt emol laanschtgoen!
11.09.2007 15:13
Neckel
Routinier


Dabei seit: 08.06.2006
Beiträge: 396

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

geschockt wow also lo war ech zwar mol erstaunt wei ech dein Kommentar gelies hun Patrick unglücklich

Ech sin eng Zeit zu Dikkrech och bei een gaangen, an den Fotograf ass och super fein, mee den huet sech mettlerweil baal ganz vum Analogen oofgewand .. wat ech schued fannen ...

Gott sei dank ass zu Dikrkech een neien opgaang .. mengen heescht Photo-Gilles.

An den Mann ass sou eppes vun fein, an intresseiert sech och nach fir seng Clienten an (oppassen) och nach fir analog. Den mescht mir alles ech brauch nemmen ze froen ... ech haat den eng Keier gefroot an den soot zu mir, dass lo rem emmer mei Leit giffen (mee och digital) analog machen ... an et wär guer net sou dass daat lo su direkt giff ausstierwen smile

*freu*


Augenzwinkern cya
11.09.2007 15:46 Neckel ist offline E-Mail an Neckel senden Beiträge von Neckel suchen Nehmen Sie Neckel in Ihre Freundesliste auf
the_zipper
Doppel-As


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo am Topvision get et wirklech nemmen een eenzegen deen vun eppes eng Ahnung huet daat ass deen bessen mei klengen Mann mat engem Schnurrbart an engem Brell. Dei aner sinn nemmen do vir Geschäft ze fellen.

An wann ech jo wirklech eppes hassen dann sinn et Vendeuren dei versichen der eppes unzedreinen opwuel se eendeiteg gesinn dass een um laafenden ass an sech schon lang entscheed huet an keng weider Hellef brauch, fannen et just emmer interessant an deenen klengen Geschäfter ze Fachsimplen daat mecht emmer spass.
11.09.2007 16:16 the_zipper ist offline E-Mail an the_zipper senden Beiträge von the_zipper suchen Nehmen Sie the_zipper in Ihre Freundesliste auf
Sam Sam ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 11.09.2006
Beiträge: 22
Herkunft: Heisdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dass d Vendeuren net dei frendlechst sin bei Topvision ass kloer. Ech kaafen trozdem emmer op hierem online-site! Et ass einfach mega genschteg do! An wann een en Problem mam Material huet kann een an d geschaeft laafen! An wann een sech d Liwwerung an d Belle Etoile komme leist dann ass et innerhalt vun 3 Deeg do! Aanecht eng Woch!
11.09.2007 16:44 Sam ist offline E-Mail an Sam senden Homepage von Sam Beiträge von Sam suchen Nehmen Sie Sam in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Sam anzeigen
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Den Topvision ass awer net déi besten Address fir den Service-après-Vente. Ech hun do schon immens vill Suen ausgin awer ech denken dass daat an nächster Zukunft net méi unbedingt de Fall wärt sin. Ech hat mir och e Bletz vun Canon do kaaf an hun d'Weitwenkel-Steescheiw beschiedegt. Ech war dun dohin an hun gefroot ob et méigelech wier daat op Garantie gefleckt ze kréien. Sou onfrendlech an onmotivéiert hun ech awer nach nie eng Oofsoo kritt. Wou ech dann nach gefroot hun op et dann méigelech wier just daat Steck ze kréien fier et selwer ze ersetzen, war et ganz eriwer. Do huet heen missten uruffen just fir mir e gefaalen ze machen. Schlussendlech sin mir dobei verbliwen dass ech zereckgeruff gin wann sie méi wessen, waat awer nie geschitt ass. D'Steck hun ech mir dann Schlussendlech bei ETB an Holland bestallt (iweregens eng gudd Adress fir all Spare-Parts vun Canon).
11.09.2007 19:42
-Laurent-
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Tjo aus sou Grenn gin ech baal nemmen nach an den Internet kaafen, du blechs jo eigentlech den Service vuqued dadd Sachen mei deier sin, mee bon op den kann ech verzichten ..
11.09.2007 22:15
Sam Sam ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 11.09.2006
Beiträge: 22
Herkunft: Heisdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Shantideva
Mengen dem muffegen Verkeefer sin ech och schon begeint, wei ech mein 70-200 hun missn droen =( Sin och aus dem Butik rausgangen an hun geduet oh freck wat een... =p
12.09.2007 10:10 Sam ist offline E-Mail an Sam senden Homepage von Sam Beiträge von Sam suchen Nehmen Sie Sam in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Sam anzeigen
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech hun de Mëtten nach e puer Leckerbissen entdeckt, des Kéier zu Déifferdang (nët beim Marc Augenzwinkern ). Wee well, dee soll direkt zougräifen, e bezillt dann awer en zimmlech onfaire Präis:

Als éischt eng Fuji S3Pro fier 2.300 Euro. Kennt mer vläit e bessen deier fier. D'S5Pro as jo fier 1.800 Euro ze kréien, awer nët zu Déifferdang, do schengt ee nach näischt vum neie Modell matkritt ze hun.

Als zweet e Leckerbissen fier di analog Fotografen. Eng Nikon FM3A (mechanesch Klengbildkamera. D'Produktioun as vun Nikon viru kuerzem agestallt gin.) fier 1.750 Euro. Mat Nikkor 45/2.8P kascht se 1.900 Euro. Ech ka mech erenneren dass den "normale" Präis fier den Apparat bei 780 Euro luch, dee fier d'Objektiv bei 450 Euro. Wow! Op Nofro huet et geheescht, dass dat jo schließlesch an Apparat as dee nët méi gebaut get. Ech gleewen zwar kaum, dass se mer d'Objektiv fier 150 Euro gin hätten. (Et fänkt ferm u mat Sténken ...)

Liewen déi Fotografen vun hieren ale Filmer déi se iessen, oder wat verkafen se, respektiv wat fier e normale Mensch as bereed esou Präisser ze bezuelen?
12.09.2007 18:21
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Leit déi nemmen ee Butték kennen an denen vertrauen déi kafen och blann do ... :/

__________________
404 - Not found
12.09.2007 19:35 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
annemie
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@patrickr: also...Déifferdeng...wann net Park... Foussgängerzoon?? DO hun ech och schon "intressant" Äntwerten kritt... Augen rollen *grml*
An am Praiss leien se dacks en gudd Stéck iwwert deenen vun aanren.
13.09.2007 01:18
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@annemie: jo, di schéin Déifferdanger Fussgängerzon Augenzwinkern

Ech ka jidferengem nëmme wärmstens dovun ofroden! Well do gelt nach d'Motto: "de Client as do fier geschluecht ze gin".

Fier d'Filmleit: keng Chemie a kee Pabeier do kafen, as alles ural a futti. Dass Tetenal d'Verpackungen 2000 geännert huet hun se nach nët matkritt.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von patrickr am 13.09.2007 11:39.

13.09.2007 11:38
Garry
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

*ggg* jojo..deen zu Deifferdeng.. do war ech 1 Keier dobannen (zwar net fier eppes ze kaafe) mee daat war deen 1sten a leschte Buttik wou ech am haarde Fluchen rausgebraust sin an d 'Dier knallhaart hannert mer zougejummt hun an normalerweis verqwessen ech mer meng Remarken... mee do net ... no further comments needed... ausser: wierklech NET ze empfehlen ... großes Grinsen
13.09.2007 12:16
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech kann nemmen den Fotocenter zu Ettelbreck emfehlenAugenzwinkern

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
13.09.2007 13:51 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Lëtzebuerger Geschäftswelt = Erlebniswelt

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH