Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Wind in your hair

Wind in your hair
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.08.2009
  • Gekuckt:
    53253
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    1000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1573x1047
  • Späicherplaz:
    621 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=38897]
Kommentar vum Fotograf:
Softbox
krautheim 27.08.2009 - 20:59
Fannen ech einfach genial! De Bleck, d´Hoer, d´Spill mat der Schärft; einfach gudd.
rom 27.08.2009 - 22:33
Fannen déi absolut top! Ganz flott.
No_Saint 27.08.2009 - 22:40
Schéint Spill vu Schärft an Onschärft.
Schéint Bild !
Gaga 27.08.2009 - 23:59
eng fro, hues dei dei am PS mat enger mask mat blur verschaft ? ech fannen den bluer effekt eng dreps zefill stark, op den baaken haaptsächlech ! ausser du hues deen express esou markant gemach !
t'motif, pose, kadrage an ausdrock fannen ech super, och dat t'aen e bessen mei sätegunng hun !
gloda 28.08.2009 - 00:03
Wi hues de bei 1.4 di zwee Aan scharf kritt!? Wow.
Gaga 28.08.2009 - 00:04
an daat nach mat engem bewegten model !
Focus 28.08.2009 - 10:10
keng Beweegung Gaga - Ventilator
Gaga 28.08.2009 - 10:45
fuddeler ! closed_eye

Ochiniwa 28.08.2009 - 00:24
Dei ass wirklech flott .... den Cadrage, den Bleck, d'fuerwen... d'Bewegung... wow

just eng Fro... daat 2. Aa ass net ganz scharf?
gloda 28.08.2009 - 00:57
Haptsaach mir sin eis mol guer net eenz smile
Gaga 28.08.2009 - 10:47
ech wees net, mais falls et am PS den Blur derbai komm as, dann geiff ech mengen t'Mask as net proper verschaft bei den Wimperen !
Sou gesait et emol aus ... op et awer stemmt wees ech net !
Mais mat Blend 1.4 kennen ech mech net aus !
Ochiniwa 12.09.2009 - 10:06
smile firwaat sinn mer eis dann NET eens?
Jeanny 28.08.2009 - 17:25
gefällt mir wonnerbar
klex 31.08.2009 - 00:06
gin dem gaga rescht, a blur effekt fannen ech perseinlech guer net gudd :/
Mengen soss hätt se mer besser gefall.
Gaga 31.08.2009 - 08:41
ech soot net ech geiff en schlecht fannen ! mais ech froen mech op dei onscharf wimperen einfach duerch t'Deiftenschärft komm sin oder am PS verschaft gin sin, warden nach emmer op eng äntwert fum "réalisateur" !

closed_eye
klex 31.08.2009 - 10:58
ech soot och net du häss gesot du gifs et schlecht fannen. Hu jo geschriwwen ''fannen et perseinlech schlecht'', fir de räscht gin ech der awer räscht.
Kwitchibo 31.08.2009 - 02:38
den Blur fannen ech hei net guud sorry as meng eierlech Meenung ...

wär effektiv mengen ech besser ouni

huel et net schlecht w.e.g
Mochel 03.09.2009 - 10:43
flott Opnahm gratulation zum wochengewenn
Focus 03.09.2009 - 11:56
@Lex; Kwitchibo

ech hun guer keen BLUR Effect dran gemach. Den Blur kënt nemmen vun der Ouverture f1,4.
Kwitchibo 03.09.2009 - 13:02
wans du daat sees ! okay
dann as et eben daat waat mir net gefällt
Severine_ 03.09.2009 - 14:21
Ganz flott an originell foto, den blur, faarw toun, den effekt mat den hoer, ganz schein gemaa.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 263 Gäscht online