Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Den Äisbier

 
All Fotoen an dëser Serie:
7862 Thumbnail
7875 Thumbnail
7876 Thumbnail
Den Äisbier
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.07.2010
  • Gekuckt:
    142899
  • Favoriten:
    12 (Wen?)
  • Kommentarer:
    71
  • Originaldatum:
    virgeschter :)
  • Fotoapparat:
    Nikon D90
  • Objektiv:
    Nikon 18-105mm f/3.5-5.6
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46827]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war en Mëttwoch mat den Spillschoulskanner an den Zoo ob Amnéville.
Do hunn mir den aarmen 96 järege Äisbier kennen geléiert.
Mir gefält déi eicht am beschten :)
tennes 01.07.2010 - 16:50
Den hueste awa gutt krut!smile Hat leider net sou vill Gleck en ze gerodensmile
Blimchen 01.07.2010 - 17:12
Merci smile jo meng Lieblings ass dei eicht Foto smile
Lilia 01.07.2010 - 17:18
96 joer?

fannen di eischt och ganz flott, wu ech do war ass en di ganzen zeit hin an hier geschwommen fun enger mauer bei di aner, et ass guernet sou einfach eng gudd foto ze kreien closed_eye
Blimchen 01.07.2010 - 17:27
Jo si sott den wier schon schon esou aal smile ech war och ganz iwwerrascht.
Jo an sëch kann engem esou en prachtvoll Déie schon leed doen. Den ass wirklech apatesch.
Lynn 01.07.2010 - 18:18
Wow smile Ech sen begeestert van dengen Fotoen smile Dei mat der Patt gefällt mir am besten! Ech wousst gar net, daten dei su aal kéinten gin smile
Blimchen 01.07.2010 - 18:29
smile jo dach. dei ginn esou aal. Ech hunn dat en Mettwoch och bei geléiert. smile
GarrySchroeder 01.07.2010 - 18:30
SUUUUPER FOTOEN bigsmile
Ab an`d Wochenoftemmung closed_eye
owuel et mech traureg mecht dei deieren angesparrt ze gesin ...
Blimchen 01.07.2010 - 20:00
merci dat ass super vun dir smile ech wier esou frou emol eng Wochenfoto ze hunn.
Maimonides 02.07.2010 - 21:58
Dem Äisbier säi Gebiet.

Du, Grousse Bier um Firmament
an du, Klenge Bier, net wäit ewech,
dir gesitt dach dass meng Heemecht schmëlzt.
Firwat hëlleft Dir eis net?

Do uewen ass et schuckeleg kal
an den Himmel geet rond wéi ëmmer.
Hei ënnen awer do ass Feegefeier,
an d'Hell ganz no.
Firwat hëlleft Dir eis net?

Ech weess: dën Himmel ass dën Himmel,
an d'Hell ass d'Hell. Déi déi se verdéngt hätten
kommen net dran, a mir musse futti goen
fir vun engem bessere Liewen däerfen ze dreemen.
Firwat hëlleft Dir eis net?

Ech verlaange jo net Vill:
dass et esou soll si wéi et ëmmer war.
Näischt méi an Näischt manner.
Just dass mir eis Kanner nach fiddere kënnen.
Firwat hëlleft Dir eis net?

A kuckt mech mol: hei am Zoo ze platschen,
an als Pätter de Clown ze spillen,
mat vill Tréinen am Knapplach.
Esou gesinn d'Mënschen eis elo.
Firwat hëlleft Dir eis net?

De Mammut hat, am Himmel, keng Stären,
oder déi hu Näischt genotzt.
An trotzdem huet e gebiet. Fort ass en.
Mais mir, wäiss Bieren, hunn Eech 2 dach,
Groussen a Klenge Bier,
do uewen am coolen Himmel.
Hëlleft eis dach, wann ech gelift.

Amen.


An, iwerhaapt, Blimchen: deng Série ass vill ze schéin fir just Foto vun der Woch ze gin.
Blimchen 03.07.2010 - 10:18
Oh wat en flott Gedicht smile
Merci. Wat eng Foto alles ausléisen kann.
Ech selwer fannen déi eicht Foto immens schéin. An wann ech bedenken dass et des Déieren irgendwann emol net méi ginn dann passt déi Foto em esou besser.

Ze vill schéin fir Foto vun der Woch? Wat machen mir dann?
Ech wollt mir se arumen
Maimonides 03.07.2010 - 16:08
Rumm se an, Blimchen,
hänk se op,
an denk drun dass deng Foto,
am Fong geholl,
iwwerhaapt glat a guer Näischt
ausgeléist huet.
Et war den Äisbier
dee mir ënner de Pelz gaang ass,
dee ganz präzisen Äisbier.
Däi Merite ass dass du deen
esou schéin geknipst hues.
Blimchen 05.07.2010 - 19:39
smile wow merci fir dat super Kompliment.
Jo en huet mir et och ugedoen. An ech hunn him Merci gesot, dass en sech
esou schéin knipsen geloss huet
suraki 02.07.2010 - 23:04
meng Stemm hues de sécher smile
Blimchen 03.07.2010 - 10:16
smile merci
dat wier super smile
dr_kim_veis 01.07.2010 - 18:46
schein! mat engem pol-filter haess de och nach d'reflektiounen aus der scheif kritt closed_eye
m-otiv 01.07.2010 - 19:33
ah ups hun elo réischt gemierkt dass mäin joke schon een aneren gemaach huet...et war einfach ze einfach
Blimchen 01.07.2010 - 19:56
mat engem waat? smile
dr_kim_veis 01.07.2010 - 20:25
suraki 01.07.2010 - 18:55
immens schéin déi eicht ass super an et wär derwäert e bësse mam Stempel ze spillen an d'Reflexiounen eraus ze huelen
Blimchen 01.07.2010 - 19:56
jo ech probéieren
gtaddei1 01.07.2010 - 19:24
Ganz flott
Blimchen 01.07.2010 - 21:05
thanks
m-otiv 01.07.2010 - 19:26
has du keen pol-aar filter bigsmile (extreem insider joke)
also ouni Verspigelungen wär se over the top gewiescht...esou "nëmmen" top
Blimchen 01.07.2010 - 19:59
Sou ech hun elo bei dem eichten Bild mein bëscht ginn closed_eye wat mengs de ?
Blimchen 01.07.2010 - 20:55
Sou ech hunn nach emol alles retouchéiert bei der eichter Foto! An???
suraki 01.07.2010 - 21:06
elo, Fav 1a closed_eye
en ass am gaangen ze bieden
Blimchen 01.07.2010 - 21:08
merci fir den Favorit smile elo hunn ech mech wirklech drun ginn fir dat raus zefannen smile
suraki 01.07.2010 - 21:12
an et huet sech gelount smile
grimmel 01.07.2010 - 21:00
schéin ! déi ganz série - a beschen traureg
Blimchen 01.07.2010 - 21:05
merci Grimmel smile jo et ass schon traureg fir den Bier
nebu 02.07.2010 - 00:27
Fir mech sinn se allen dréi super. Kann mech fir keng entscheeden. Ech wäert déi Serie sécher nach méi dachs an laang kucken an sie hunn sech bei mir lo schon an den Kapp agebrannt.
Blimchen 02.07.2010 - 08:11
smile oh wei léif fun dir... ma dat ass en Kompliment!
nebu 05.07.2010 - 16:23
Bingo... Lo brauch ech jo keng Angscht méi ze hunn dat ech den Link zu der Serie verléieren... smile
Blimchen 05.07.2010 - 19:40
hehe smile nee elo net méi
marker 02.07.2010 - 21:42
Kompositioun, Fuarwtéin, ..... 3x TOP !!
an no1 fannen ech enorm ausdrockstark

Blimchen 03.07.2010 - 10:19
Merci smile
ApplEric 03.07.2010 - 11:48
Wonnerbar Blimchen! closed_eye
Vill Gléck fier d'Wochenoofstëmmung! closed_eye
Blimchen 03.07.2010 - 11:59
smile Merci Eric... elo kann jo neicht mei schief goen
mischii 03.07.2010 - 12:24
ech mengen hei ass schon alles gesoot!
mäi Fav ass och no 1

D'Kanner ware bestëmmt begeeschtert...an owes ganz schéin middsmile
Blimchen 05.07.2010 - 15:15
jo also Kanner waren wirklech begeeschtert vun all dennen flotten Déieren closed_eye
JohnJ 03.07.2010 - 13:04
Supper
Maimonides 05.07.2010 - 00:02
Meng Felicitatiounen,
Blimchen,
fir d Foto vun der Woch.
Blimchen 05.07.2010 - 13:49
ech kann et nach kaum fassen smile merci
JohnJ 05.07.2010 - 00:25
Gratulatioun meng Stemm haas du
Blimchen 05.07.2010 - 13:48
super Merci Johny closed_eye
Somol war alles an der Reih mat der Bier vum Blëtz?
JohnJ 07.07.2010 - 17:43
ech wees leider net waats du mengs
Fruny 05.07.2010 - 00:29
wonnerscheinsmile
Blimchen 05.07.2010 - 13:48
ma dat freet mech wann et dir gefällt
Keup 05.07.2010 - 10:15
Gratulatioun. Fannen deng Serie top. Hun sou eng ähnlech an der Stuff hänken dei ech virun Joeren gemeet hat. (Mee deng ass awer wierklech besser)
Blimchen 05.07.2010 - 13:48
Merci smile hehe
Blimchen 05.07.2010 - 12:17
Merci alleguer fir är Stemm smile elo sinn ech frou
GarrySchroeder 05.07.2010 - 15:42
Gratulatioun smile Frou well dat wor wierklech dei bescht foto smile
Blimchen 05.07.2010 - 15:48
smile hehe merci ech hat déi anner mol net gekuckt ech koum net méi douzou
Poly 05.07.2010 - 16:15
den faarwtoun passt super gëtt eng "äiskal" Stëmmung erëm
suraki 05.07.2010 - 16:30
du wollts esou gären eng vun der Woch, elo hues de de Misèrebigsmile
Gratulatioun an ... se ass verdéngt a net geklaut closed_eye
svenia 08.07.2010 - 19:37
Déi zweet fannen ech lo mol einfach genial smile Top geschafft hei!
Blimchen 08.07.2010 - 21:20
Merci smile hehe
Jean-Jos 24.03.2011 - 23:02
Exzellent Serie Blimchen, a nach eng déi ech verpasst hat closed_eye
Blimchen 25.03.2011 - 11:03
ohsoo smile ma merci nach emol. et ass schéin wann déi mei aal Fotoen och nach gekuckt ginn
Chin_Chan 12.06.2011 - 22:15
Living in a bubble...
Smooth...
Dei Liichtheet, de Fait dass en d Aaen zou huet...hei passt alles closed_eye
Blimchen 13.06.2011 - 12:41
Merci smile dës Foto ass schon laang net mei kommentéiert ginn.
Et freet mech wann dir Foto gutt gefällt.
Chin_Chan 13.06.2011 - 18:49
Och wann eng Foto ob engem Site scho laang net mei kommenteiert gin ass verleiert se net un Qualiteit an un Ausstrahlung. An dei heiten huet beides.
Cheesysmile 22.12.2011 - 01:02
Wow Amazing picture.. great job
Blimchen 30.12.2011 - 23:29
Thank you smile
majolifa 30.12.2011 - 06:18
super flott Foto
Blimchen 30.12.2011 - 23:28
merci villmols smile
desi 20.07.2012 - 09:48
wwwwoooowwwww

smilebigsmile:Osmile
Blimchen 14.08.2012 - 23:51
Merci vir den Fav smile
orlok 23.08.2012 - 09:52
Eng ganz flott Serie.
Mee 96 Joër, wéis Du schreiws, kann en dach nët hunn.
En Äisbir ass dach keng Deckelsmouk a kee Papagei; en Äisbir gëtt dach nët sou aal. Oder?

smile
Blimchen 23.08.2012 - 13:16
Dat war mol daat wat Madame eis gezielt huet. Muss ech mol noliesen.
Merci
orlok 23.08.2012 - 13:19
Vläicht huët e 16 Joër? Oder 96 Méint? Wat ass d'Liëwenserwaardung vun engem Bir? Ech misst dat och mol noliësen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 277 Gäscht online