Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Nul n'est à l'ombre du regard

All Fotoen an dëser Serie:
15049 Thumbnail
15050 Thumbnail
15051 Thumbnail
15052 Thumbnail
15053 Thumbnail
Nul n'est à l'ombre du regard
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.04.2011
  • Gekuckt:
    108918
  • Favoriten:
    9 (Wen?)
  • Kommentarer:
    40
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:
Aifeltuerm

Fir anzesetzen: [pg_img=54877]
Kommentar vum Fotograf:
Wou dëser Deeg vill Sonn ass, ass och vill Schied.
Metalbambi 23.04.2011 - 00:42
Fotographie, molen mat Liicht... sou stellen ech mer dat vir! smile
Top Serie, super graphesch.

Vun wou hues de rof geknipst?
No_Saint 23.04.2011 - 00:44
Kuck ënner Extras
Metalbambi 23.04.2011 - 01:01
Augen haben sie... bigsmile
Soffel 23.04.2011 - 01:15
Mega! gefällt mer super gudd! smile Wierklech, ech fannen d'Idee SUPER!
No_Saint 23.04.2011 - 12:02
Wéi den Nikon seet; d'Idée ass net nei , mee hei war eng optimal Situatioun fir domat ze spillen
rabbit 23.04.2011 - 08:45
super Serie
No_Saint 23.04.2011 - 11:46
Merci !
ZachOry 23.04.2011 - 09:57
mega fotoen, respekt smile kloren fav as di 4. smile
mmphotos 23.04.2011 - 10:12
wow eng supper supper flott Serie!

Do passt einfach alles.
No_Saint 23.04.2011 - 11:30
Matt e bëssen méi Zäit , hätt ee bestëmmt nach méi flott Szenen kënne festhalen, mee Ech konnt schlecht zur Famill soen:
"Gi Dir Parais kucken, Ech knipsen hei de ganze Mëtten Schieter."
Esou haat Ech 10-15 Min. Et war och nët évident fir den Tele duerch d'Gitter ze stiechen, do war Ech dee Moment och an der Beweeglechkeet an am Ausschnëtt limitéiert .
Eng Bridge mat écran pivotable wier do méi praktesch gewiergt.
Miisamm 23.04.2011 - 11:31
Gehiirlos, Nr1 ass Nr1. De Pigeon lenks rockt ! Di aaner sin och all Genial! Näischt ze meckeren smile
No_Saint 23.04.2011 - 11:39
Jo, an de Schiet mëscht sech selbstänneg a fotograféiert säin eegene Sujet, d'Dauwen.
Miisamm 23.04.2011 - 12:32
Merd... haat dat mol net gesinn. Iwwer!
Nicon07 23.04.2011 - 11:41
Dat doten ass genial. Och wann d'Iddi net nei ass, se sou vum Eiffelturm erof ëmzesetzen ass awer echt staark! Super!
No_Saint 23.04.2011 - 11:55
Merci
Ech war komplett faszinéiert vun dem Silhouettespill.
Hätt nach kënne bis Sonnenënnergang weidermaachen.
Mee esou sinn Ech op mannst entschiedegt ginn fir déi Stonn wou Ech ënnen an der Reih stoung fir eran respektiv erop ze kommen.
Nicon07 23.04.2011 - 12:28
Jo, well wi ech eemol do uewen drop stoung, huet et gereent an ech hu just Panoramadiae vu Paräis gemaach... unhappy

Wann ech dann haut d'Fotoe vun engem Christophe Jacrot kucken...

http://christophejacrot.com/
No_Saint 23.04.2011 - 16:56
Schéi Biller, do kritt ee, fotografësch gesinn, richteg Loscht op schlecht Wieder, mee dann huet é meeschtens, mënschlech gesinn, keng Loscht baussent Dier ze goen.
Nicon07 23.04.2011 - 17:16
Dat ass et. Soss wier ech bestëmmt och schon sou durch d'Stad ënnerwee gewiescht... closed_eye
arwa 23.04.2011 - 11:42
TOP - SERIE !!

Respekt .
No_Saint 23.04.2011 - 11:57
Merci, et huet Spaass gemeet.
Jean-Jos 23.04.2011 - 12:05
Eng méi flott ewéi déi aner. Great pics, i like!
BerBe 23.04.2011 - 12:09
Dei Série ass super bigsmile
svenia 23.04.2011 - 12:24
Extrem gudd!! (Fav fir mech ass déi mam Dauwenschied.)
Nagarjuna 23.04.2011 - 17:13
Excellent... alleguerten! Mäin Fav ass déi mam Velo.
suraki 23.04.2011 - 17:15
wahnsinneg flott dat doten !
jorsch 23.04.2011 - 19:22
Gefale mir immens gutt!
marker 23.04.2011 - 21:17
..esou nach net gesinn..
..exzellent Serie..!!
Richie 24.04.2011 - 09:55
Genial déng Serie. De Vëlo ass mäin Fav.
Garry 24.04.2011 - 10:17
Congrats fier d'Wochefotoen tongue
Nagarjuna 25.04.2011 - 09:10
Kanns du mir eng Kéier d'Kaarten lee? bigsmile

Dat war awer virauszegesinn... Gratulatioun zur Wochefoto!
No_Saint 25.04.2011 - 22:28
Salut Garry,
Elo eréicht soën Ech der Merci ! smile
m-otiv 24.04.2011 - 13:36
ganz flott série
GarrySchroeder 25.04.2011 - 00:20
Congrats
No_Saint 25.04.2011 - 22:31
Merci Iech all fir de vote a fir d'Favs.
Zampano 26.04.2011 - 10:23
Oha, da habe ich ja echt was verpasst in den letzten Tage. Fantastische Serie!!!
No_Saint 26.04.2011 - 18:36
Merci Andy
Michelle 27.04.2011 - 18:02
wow! kanns houffreg sin, eng wuel verdengten wochenfoto! meng lieblings as déi mam velo mee se sin all super! smile
Triton_M 27.05.2011 - 17:36
Dei 4t fannen ech am beschten bigsmileDD TipTop Idee closed_eye
Joma 06.06.2011 - 15:28
hi, super! fannen dat eeng cool idee!
rom 17.10.2011 - 19:51
Super

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 289 Gäscht online