Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

United Colors of Autumn

 
United Colors of Autumn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.11.2013
  • Gekuckt:
    55565
  • Favoriten:
    10 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/3 sec
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    950x633
  • Späicherplaz:
    463 KB
  • Originaldatum:
    2013:11:09 18:14:59
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75650]
Kommentar vum Fotograf:
D'Beweegungsonschäerft ass duerch e Kameraschwenk bei der Opnahm entstanen. D'Bild ass, ausser di üblech Tounwäertkorrekturen a Schäerfung, net digital geännert.

D'Faarwe komme vun de Beem, déi elo ënneschiddlech vill Blieder hunn:
Giel ënnen: Gras a Weiden
Giel an der Mëtt: Weiden a Bierken
Donkelgréng: Fichten
Hellgréng: Eng Mélèze
Brong-Violett: De Bichebësch bal ouni Blieder

Freeë mech iwwer Kommentarer a Kritiken.
galileo 10.11.2013 - 10:41
Schon am klengen wousst ech datt se vun dir ass.

Mir gefällt se gudd
jorsch 11.11.2013 - 16:13
Merci galileo, freet mech wa se dir gefält!
svenia 10.11.2013 - 11:13
Idem galileo closed_eye
jorsch 11.11.2013 - 16:14
Merci svenia!
No_Saint 10.11.2013 - 12:28
Verwëschen ka jidwereen seng Biller, mée seelen esou gekonnt wéi hei: de Sujet bleiwt erkennbar, gewënnt awer duerch den Effekt un Dynamik an Aussokraaft. Et genéisst een d'Palette vun den Hierschtfuerwen an et spiert een awer och d'Hierschtwieder, de Wand den Beem hin an hier bléist Eng super gelongen Hierschtimpressioun!
jorsch 11.11.2013 - 16:19
Merci No-Saint, och fir de Kommentar.
Nodeems ech d'Bild fäerdeg hat, wousst ech net genau, op d'Stëmmung nach eriwwerkënnt, op d'Bild nach liesbar ass. D'Realtéit ass jo staark stiliséiert.
Däi Kommentar dréckt awer genau dat aus, wat ech weise wollt an dofir sinn ech besonnesch frou!
marker 10.11.2013 - 14:11
..e Wëscheffekt mat Schwong, an e puer hell Baamstämm als Repère..., domadden hues de hei eng flott Dynamik an dengem Bild erschafen.
..super jorsch..!!
jorsch 11.11.2013 - 16:22
Merci marker, fir dee flotte Kommentar an de Fav.
Ech denken och datt d'Bild ouni di Beemstämm net méi ze liesen ass.
Miau 10.11.2013 - 14:18
Super flott, meng foto vun der Woch...
jorsch 11.11.2013 - 16:23
Merci Miau, freeë mech iwwer de Kommentar an de Fav.

D'Woch ass nach laang..... smile
mischii 10.11.2013 - 14:38
Wooooow!!!!
och meng Foto fir d'nächst Woch
jorsch 11.11.2013 - 16:25
Merci mischii, freet mech wa se dir gefält!
Zora 10.11.2013 - 15:20
onverkennbar eng jorsch-foto, immens verschafft an faarwen!
jorsch 11.11.2013 - 16:26
Merci Zora, och fir de Fav.!
Freet mech wa se dir gefält!
Maimonides 10.11.2013 - 16:28
Esou Geschichten wi di do, jorsch,
fehlen hei.
Exzellent !
jorsch 11.11.2013 - 16:28
Merci Maimonides!
Jo, et ass scho wichteg datt vun allem um Site hei gewise gëtt. Soss gëtt et langweileg.
jorsch 12.11.2013 - 16:58
Merci elo och nach fir de fav.!
Silex 10.11.2013 - 17:06
E richtegen Genoss ze kucken!
jorsch 11.11.2013 - 16:28
Merci silex, freeë mech iwwert de Kommentar an de Fav.!
Silex 18.11.2013 - 11:56
Alt erëm eng Wochefoto! Félicitatioun! Respekt fir deen konstant héigen Niveau!
jorsch 18.11.2013 - 14:12
Merci silex! smile
bac 10.11.2013 - 19:27
IIImmens wat soll en do nach soen. Eng Faehechkeet Alldechleches, Banales an klassesch Motiver op eng aner Manéier duerzestellen.
jorsch 11.11.2013 - 16:34
Merci bac.
Däi Kommentar freet mech besonnesch.
Et ass schonn spannend an der noer Emgéigend, am Alldag no extrae Motiver ze sichen.
Paul-H 10.11.2013 - 20:22
Daat doen ass eng wou een sech GÄEN géif doheem ophänken! Einfach genial!
JADE 10.11.2013 - 21:17
du mengs jo d'Bild, gell? closed_eye
Paul-H 11.11.2013 - 07:49
Oops, e bessen schlecht ausgedreckt smile
Jo, ech mengen natierlech d'Bild!
jorsch 11.11.2013 - 16:35
Lo sinn ech berouegt, well ech wëll dech net um Gewëssen hunn! smile
Merci Paul-H, fir deen ( ongewollt ) flotte Kommentar!
Paul-H 11.11.2013 - 19:33
smile
Jeanny 11.11.2013 - 06:47
Erënnert mech u Pampersgrassmile
beandrockend an herrlech Faarwen hues de gezaubert, keent mam Pinsel sinnsmile
jorsch 11.11.2013 - 16:37
Merci Jeanny!

Pampersgras a léif! Hunn mol keng Puppelcher gesinn. smile

Conley 11.11.2013 - 22:30
Wonnerbar Faarwen Top ëmgesat jorsch!
jorsch 12.11.2013 - 16:58
Merci Conley, och fir de Fav.!
Conley 18.11.2013 - 00:03
Gléckwonsch jorsch!!
jorsch 18.11.2013 - 14:13
Merci Conley!
gemu 17.11.2013 - 10:49
Haat ech jo ganz verpasst, wéi ass et méiglech ? closed_eye Et ass jo awer nach net ze spéit fir en Fav an een décke Luef fir deng Kreativitéit an d'Resultat. Top jorsch
jorsch 17.11.2013 - 19:52
Merci gemu, freeë mech iwwert däi Luef!
theom 22.11.2013 - 10:15
Ewei gemolt,e wonnerschneinen Tableau,Felicitation!!
jorsch 22.11.2013 - 18:17
Merci theom!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 257 Gäscht online