Du muss op onendlech Fokusséiren..Falls du eng Markéirung mam Onendlech Zeechen um Objektiv hues (oo) dann drop astellen, an falls net gin et halt puer Méiglechkeeten: Een ganz Waiten Géigenstand fotograféiren an ran Zoomen an kucken op et Scharf ass, falls net, fokus bessen dréinen an emmer sou weider.
Hoffen daat huet bessen Kloerheet an daat Donkelt bruet
Wei den Neien richteg seet, op e wäit entfernten Objet focusseieren an dee Focus bäibehalen. En wäit Haus, Gebai, Bam, asw. maachen do ganz fein d'Saach. Och wichteg emmer no dengen Fotoen direkt kucken ops de gudd mat Allem läis (roueg um Apparat ganz op den Detail zoomen an kontrolléieren, dee klengen Ecran kann mol täuschen), an dann gegebenfalls korrigéieren. Dat verhënnert dass de 7 Kaarten mat Biller fëlls an haerno mierks dass se all liicht onschaarf sin asw (an ech schwätzen aus Erfahrung )