Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tunnel

 
Tunnel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.03.2015
  • Gekuckt:
    19511
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/4 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    734x1100
  • Späicherplaz:
    418 KB
  • Originaldatum:
    2015:03:14 15:11:38
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82401]
Kommentar vum Fotograf:
aus Liicht an Reflektiounen an der Kamera entstanen, an des kéier och ouni Waasser.
jorsch 15.03.2015 - 20:39
Du hues hei eppes ganz Neies ausprobéiert, di getreppelt Pied verlooss, en Experiment gewot, an dat eleng ass schonns spannend a flott.
Mä d'Foto, mat hiren douce Faarwen, dem schéine Liicht an de "Spuren", déi de Bléck an den Zentrum féieren fannen ech och nach ganz ästhetesch an uspriechend.
E Bild fir a Gedanken duerch den Tunnel an eng meditativ, psychedelesch Welt ze rutschen.
Feelt nach just déi passend Musék. Mir ass déi hei an de Kapp komm:
https://www.youtube.com/watch?v=IiLPaSKG47c
Wéi ass d'Bild entstanen? Mech géifen nach e puer Erklärungen heizou interesséieren ( wann s de dat da verrode wëlls. smile )
Conley 15.03.2015 - 22:20
Ech gesinn du hues och ouni Erklärung Foto verstanen , an dat freet mech besonnesch!!
Däin Kommentar ze liesen war een genoss, an't Musik passt och ganz gutt bei Bild!
Zu der Foto. Dat ass eng Strukturéiert Glaséiert Kachelouwen Plättchen, een Ritter op engem Pätt, mat dräi LED Täscheluuchten aus verschiddenen Wénkelen an't Plafongsluucht iwwert dem Ëssdech hunn Bild beliicht. D' Objektiv (Pancolar Zeiss Jena 1,8 50mm) do ass eng bestëmmten Lëns gedréit ginn fir den Effekt ze verstäerken (hatt ech am Internet fonnt)!
Also net besonnesch spektakulär oder ? closed_eye
Merci jorsch! smile
2crazy 17.03.2015 - 12:20
Wow, op mech wierkt et wei en Tunnel an deem Kristallen wuessen. Oder wei wann ech eppes komesches zou mir geholl hätt. Mech interesséiert et och brennen wéi dat Bild entstanen ass, Wann dat keen Geheimnis ass closed_eye
Conley 17.03.2015 - 22:51
Deng Bild Interpretatioun gefält mir, war och ouni LSD eng vun mengen echten Iddien! Hoffen awer du léis Fangeren ewech vum dem Dreck et geet jo och ouni! Kuck Bild einfach, an et mécht bestëmmt net Süchteg! closed_eye Merci fir däin Komentar 2crazy!! D'Erklärung steet schonn uewendriwwer! Muss ech mir lo Suergen maachen! unhappy
Ps. Een Witz wat Suergen ubelaangt!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 381 Gäscht online