Déi ass irgendwéi onwirkléch, an dofir extrem gudd. Ech erkläre méch: Den Hirsch an de Reeër, also ganz europäesch Déiere, stin do, wéi bei enger Waasseplaz an der Savane. D'Form vun deem Baam am Hannergrond an dat héicht Gras suggéeréieren eppes Afrikanesches, an dofir kënnt et mir perséinléch vir, wéi wann do een Denkfeeler an der Foto wier. A genau dat ass et, wat di Foto sou besonnesch mécht.