Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Däiwelsholz

 
All Fotoen an dëser Serie:
45596 Thumbnail
45597 Thumbnail
45598 Thumbnail
Däiwelsholz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.12.2016
  • Gekuckt:
    24157
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    17.11.2016
  • Fotoapparat:
    Canon S110
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87584]
Kommentar vum Fotograf:
Süntelbuchen-Allee zou Bad Nenndorf bäi Hannover. Genetisch bedéngt wuessen dës Bichen an all erdénklech Richtungen.
Metalbambi 18.12.2016 - 11:07
Hmm... ech mengen hei hues de ze vill Déiftenschäerft dran, wat et schwéier mëscht eng kloer Linn am Bild ze fannen. Méi eng oppen Blend oder Accent duerch Liicht géifen den Opbau méi kloer maachen. Virun allem bei der éischter kéints de relativ einfach d'Blieder méi hell loossen an doduerch en Eyecatcher setzen.
Fuuss 18.12.2016 - 14:12
Merci fir däin konstruktiven Comment!
tormi 18.12.2016 - 22:27
Süntel-Bichen oder wei sr allgemeng och Kreppelbichen genannt gin sin emmer en interessanten Sujet fier eng Photo.

Ausserdeem sin si och eng Alternativ fier an engem Gaart oder Park mat anzeplangen. Et get an Europa direkt e puer Standorter wou een där fennt. Am Süntelgebirge an Deutschland fennt een der nach. Leider sin do d`Bestänn virun e puer honnert Joer extrem reduzeiert gin well d`Leit Angscht virun desen Hexenbeem haaten.
Den noosten Naturstandort vun eis aus gesin sin d`Fleringer Krausbuchen an der Eifel. Och an Dänemark an virun allem an Frankreich fennt een des Kreppelbichen. Do sin et "Faux de Verzy" (googelt emol dono) dei erausstiechen. Daat ass en Besch an der Geigend vun Reims wou iwwert 1000 deser Bichen stin. Ausserdeem och eng Trauben-Eiche mat deem Merkmal.

Ech kann jiddferengem deen Naturfotoen gär huet eemol dohin ze fueren (3 Stonnen) am beschten am Hierscht dann kann een nach fleisseg Buchecker sammelen fier auszeseien well wann een Chance huet kritt den Sämling och daat Merkmal.
Fuuss 18.12.2016 - 23:33
Merci tormi fir dës emfaassend Infoen iwer d'Süntelbichen am allgemengen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 324 Gäscht online