Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Theo

 
Theo
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.05.2017
  • Gekuckt:
    19486
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/3200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1500
  • Späicherplaz:
    1740 KB
  • Originaldatum:
    2017:05:23 09:43:35
  • Fotoapparat:
    E-620
  • Programm:
    Program Creative
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88218]
Kommentar vum Fotograf:
Theo Border Collie
Paul-H 24.05.2017 - 11:17
Immens am sw, a schéin verschafft Guy.
GK 24.05.2017 - 21:13
Villmools Merci Paul
Jacques 24.05.2017 - 11:28
Mol dovun ofgesin dass keng Schärft op den Aaen ass, därf een elo awer wirklech net op déi Foto klicken soss get et engem schlecht!! Qualitativ absolut grujeleg. Deen "Creative-Program" wous du do benotz géif ech mol ewesch lossen! Déi Bild ass voll vun "Jpeg-Artefakte" an zerstéiert deng Foto.
Paul-H 24.05.2017 - 23:54
Sorry Jacques, mee ech mengen Däin Urteel ass liicht ze haart. Besonnesch daat mam "schlecht gin" ass net ubruecht. Sou Kommentaren sen enner aanerem de Grond dass hei emmer méi Leit fort laafen. Daat heiten ass eng Stemmungfoto déi mir gudd gefällt, och wann se reng technesch net sou ass wéi déi wous Du hei weis. Mir gett et net schlecht wann ech se kukken, an och net wann ech drop klicken.
Jacques 25.05.2017 - 09:40
Dass dess Foto där gudd gefällt Paul dorun hun ech keen Zweifel an ass deng Meenung smile
Mee wat huet eng Foto mat Stemmung ze din wann se teschnech esou ass wéi se hei gewisen get?
Brauch eng Foto wous Du als Stemmungsfoto bezeechens, net och en minimum vun Qualitéit ze hun?
Ech wees jo net wat heen mat sengen Fotoen mecht, an esou wéi ech an den Exif-Dateien gesin hun schafft heen mat engem "Kreativprogram" deen intern an senger Kamera ass.
Foto ass komplett verpixelt oder sougenannten "Pixel-Balken".
Dann sees du mein Urteel wärt ze haart.
Vielleicht wollt ech heen mol wakerch machen, dass heen geseit wat bei sengen Fotoen net stemmt!
Wat ech méi haart fannen ass wann een schreiwt, ech zitéieren: Immens am sw, a schéin verschafft.
Dat heecht jo, du hues näicht ze bemengelen an Foto ass tiptop esou.
Dat brengt him absolut näicht, wann heen eng stemmungsvoll Foto weist mee teschnech ass se schlecht.
Eng Foto muss net emmer technesch perfekt sin, mee en absoluten minimum wär awer ubruecht!
Meng Fotoen sin lang net perfekt, an géif Fotoen wou ech hei virun e puer Joer gewisen hun bestemmt elo net méi weisen. Mee ech hun awer béigeléiert an well mech nach emmer verbesseren. Wanns du awer hei geseis wat hei alles gewisen get vun Leit déi schon lang Fotoen machen.....!
Paul-H 25.05.2017 - 13:42
Merci fir Deng ausféierlech Entwert Jacques. Ech bleiwen awer bei menger Meenung daas Du daat ganzt e bessen zevill "technesch" gesäis. Neen, ech hun näischt ze bemängelen hei. Eben well et keng "technesch" Foto ass, sondern fir mech eben eng Stemmungsfoto. An daat ass menger Meenung no hei gelongen, egaal op lo en internen Kameraprogramm benotzt gouf oder soss nach aaner postprocessing Methoden. An sou immens verpixelt fannen ech se och mol net.
Des Foto kruut op der FB Säit vum Guy bis elo 80 (!!!) likes, also kennt se jo mol beim "grand public" gudd un. D'Fro duerf erlaabt sin op alleguer déi wou se geliked hun absolut null Ahnung vun Fotografie hun oder op's Du hei net awer ze haart an d'Geriicht gees. Ech gin och ze bedenken dass den Guy mol nach keen Joer hei derbäi ass an schon 3x d'Wochenfoto kruut. Allen 3 waren se irgendwéi och Stemmungsfotoen. Du mechs halt meeschtens Makroen, déi technesch gesin vum allerfeinsten sin, mee daat ass och lo net jidferengem senges, souguer wann et immens schwéier ass an vill Akribie verlaangt. Mir fällt och op dass Du Deng Fotoen selten fir d'Wochenfoto zouléis (Du häss der secher déi lescht Zäit e puer kritt)-, daat ass secher Deng Décisioun, mee ech fannen wann een daat mecht dann misst een sech mat Kommentaren e bessen zrèck haalen. Ech froen mech iwerhaapt firwaat et déi Fonktioun gett ?
An fir ze schreiwen et géif Dir "schlecht gin" wanns de d'Foto kukks ass ennert dem Rim, et kann een kritiséieren mee souwäit duerf een menger Meenung no net goen.

Maachen mir Fotoen als Mettel zum Zweck oder wellen mir dass se gefaalen, daat schengt mir hei d'Fro ze sin.
GK 25.05.2017 - 14:11
Villmols Merci Paul, ech mengen domat wär alles gesoot!
Raypics 25.05.2017 - 14:35
Also ech kann de Jacques gudd verstoen. Et kann souvill Stemmung an enger Foto sin wei een Loscht huet...mee d'teschnesch Qualiteit vun enger Photo soll awer stemmen. An wann een sou e Kommentar schon puer mol kritt huet soll een sech awer vleit mol Gedanken maan. Mier sin jo awer hei fier ze leieren (sou wei ech och an ech hun nach vill ze leieren) Sou genuch geklugscheissertclosed_eye
Jacques 25.05.2017 - 14:27
Sin absolut net denger Meenung Paul!
Wanns de op FB 80 likes kriss dat heecht absolut guer näicht. Dach Famill an Frënn hun Foto gekuckt an den Daumen no uewen gemach an wellen soen"oh,eng flott Foto". Ech sin zwar net aktiv op FB mee ech mengen Likes kann een kaafen(well awer elo net behapten dass heen oder irjendeen Likes keeft).Do war mol en interessanten Bericht um Fernseh! Weis mol esou eng Foto an engem aaneren Forum,dann kucks du mol wat déi schreiwen.
Wisou soll ech mech zrèck halen wann ech net un der WOF well deel huelen? Wat heecht dann eng WF, wanns de net wees wéivill Leit ofgestemmt hun an wéivill Stëmmen deng Foto kritt hun. Absolut guer näicht!! Wanns du eng Stëmm kriss an déi aaner Fotoen guer keng dann hues du WF!
Ech wees jo net was du ennert verpixelt verstees an wou et bei där vill an wéinech ass, mee fir mech ass dat absolut schrecklech an ech kréien d'Aaen wéi wann ech dat kucken. An déi Fonktioun fannen ech gudd, dass een déi Méiglechkeet huet fir net drun deel ze huelen.
An dann gin et Leit wou dann eng Foto um Handy kucken, an dann en Komentar ofgin! Wanns du technesch schlecht Fotoen gudd fenns, sou ass dat déin gudd Recht an deng Décisioun. Ech fannen esou Fotoen nun mol eben Schrott an gudd fir an Poubelle! Et kennt emmer drop un was du fir een Ziel wells ereechen an dat ass jiderengem selwer iwerloos. An wann et mär schlecht get wann ech esou eppes kucken,sin ech eben kriddeleg!
Paul-H 25.05.2017 - 15:49
Kennen mer eis drop eenegen dass mir zwee an der Fotografie verschidden Usiichten hun ? Soss gin mer hei net färdeg.... smile
Eric_1989 24.05.2017 - 11:33
net schlecht mat watrengem programm hues du dat gemach ?
GK 24.05.2017 - 13:59
Ass mat Lightroom beschaft.
Eric_1989 24.05.2017 - 17:39
cool smile muss ech mol probeieren smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 431 Gäscht online