Jo, hei am Land souwisou net. Ech mengen mol gelies ze hun dass et irgednwou an den andaluseschen Bierger soll quasi null Liichtverschmotzung gin. Trotzdem sen Deng Fotoen op hir eggen Art a Weis schéin gin.
http://darksitefinder.com/maps/world.html
https://www.lightpollutionmap.info/#zoom=9&lat=6419055&lon=701810&layers=B0TFFFFFFF
hei och d'Saiten wou ech location sichen wann ech mol an d'Vakanz gin. Awer och interessant fir hei.
mir kéinten jo mol esou en Ausfluch organiséiren a gruppéiert op Sternenjagd goen.
Hun och schons probéiert, mee et as définitiv nët einfach hei am Land
Déi Zweet an di Drett Foto gefaalen mir am beschten, mee bei da Zweeter Foto wier et méi flott wann den Horizont riicht wier an den Feldwee zentréiert an da Mett an genau ennert d'Melleschstroos duerch geet. Déi drett gefällt mir well d'Melleschstroos aus dem Stréi ball "raus" kennt!