Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Goldwespe

 
Goldwespe
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.08.2017
  • Gekuckt:
    25352
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    MT-24 EX
  • Beliichtung:
    +1/3 FEC
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    1044 KB
  • Originaldatum:
    2017:08:11 11:16:02
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    MPE 65mm @ 5x Mag.
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88510]
Kommentar vum Fotograf:
Déi héiten ass schonn säit Joeren ob menger most wanted Lescht. Hun se ganz säitlech geholl, fir deen faarwegen, metaliséierten Panzer ze wéisen. Se war teschend 4-5mm laang.

Se liewen parasitär an deems se Larwen vun aaneren Wespen oder Beien befaalen an déi ennerscheedlech notzen, fir hier eegen ze ernähren. Well se onerwenschen Gäscht sinn, ass hieren Panzer och dementspriechend zolid ausgebild.
Paul-H 11.08.2017 - 22:13
Exzellenten, top Makro !
g3ckko 14.08.2017 - 11:41
Thanks!
Jacques 12.08.2017 - 10:10
Faarwlech gesin ass dat en schéint Insekt.
Mee leider fehlt et hei un Schärft!
g3ckko 14.08.2017 - 11:46
Merci fir d'Kritik Jacques. Am Fokusverlaaf sinn de Kapp matt den Facettenaan, den Thorax an de Wupp vum Abdomän. D'Wölbung vun deem leider nemmi. Daat ass dach schons pas mal? Oder mengs du insgesamt d'Schärft? Ob 5x Magnifikatioun hëllt d'Bildqualitéit bei deem Objektiv leider drasteg oof.
Jacques 14.08.2017 - 12:30
Ech soen net dass deng Foto schlecht ass! Bei 5x Magnifikatioun ass et schwéier fir eng optimal Schärft ze kréien, an do helleft et och net vill wann een d'Blend ganz zou mecht! Dat Insekt ass extrem kleng an do kennt een séier un d'Grenzen. Hues du schon mol probéiert en Fokus-Stacking ze machen? Wann den viichten Deel e bessen méi scharf wär, dann géif dat gesamt Bild besser wierken. Ech hun mol probéiert den lenksen Deel vum Insekt e bessen nozeschärfen an dann wierkt Foto schon e bessen anecht.
Kuck mol hei:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=91f03b-1502706278.jpg
(Beim ZOOM muss du ob 100% klicken, an dann ob ANZEIGEN fir déi richteg Opléisung)
g3ckko 14.08.2017 - 13:33
Daat haat ech och net esou obgeholl smile Mee elo wees ech, waats du genau gemengt hues. D'Blend zoumaachen hëllft hei nemmi vill, ech hätt se am Fong missen liicht bei op maachen, esou F10 oder F9, fir d'Bildquali manner ze beuspriechen. Mäin Fehler war et eben den Abdomän net schaarf ze kreien. Mee daat ass net esou schlemm, ech waarden duerchaus nach eng Kéier sechs Joer, bis ech déi kleng nervös Zatz rem virun d'Lens kreien smile

Zum Noschärfen: Ech haat se schon liicht nogeschärft, wollt eben do net zevill maachen, fir deen Effekt ze vermeiden, deen d'Foto fir mäin Gout ze rau oder "dreckeg" mecht. Hun daat nët esou gären. Hues du am PS oder LR nogeschärft? Ech schärfen ëmmer nom Prinzip "Wann de Schärfeeffekt ob /- 25% schon sichtbar ass, ass et zevill".

Fokus Stacking hun ech nach net probéiert. Maachen alles fräihand. Ass menger Ansicht no och just fir still life geegend. D'Insekten, besonneg esou eppes Klenges wéi die Wesp, beweegen sech konstant an erratesch. An et ass schon quasi garantéiert, dass se zucken oder e Steckchen laafen, wann se geflashed ginn.
Jacques 15.08.2017 - 09:15
Ech hun versicht am PS selektiv e bessen nozeschärfen. Wann een zevill noschärft dann enstin Schärfungsrënner an dat geseit net gutt aus. Insekten sin am beschten ze fotograféieren moies bei Sonnenopgang oder owes bei Sonnenenergang, dann sin se net esou wibbeleg. Ech hun hei mol en Bericht gelies iwert dein Objektiv wat ganz interressant ass,an do kanns du liesen wat ech gemengt hun mat der Blend. Wanns du Blend méi zou mechs wat der Bild méi un Detailer verléiert!

Kuck hei:

Bildqualität und Auflösung

Die Bildqualität ist zumindest im Bereich bis zu einem Maßstab von 2:1 als sehr gut zu bezeichnen. Die Auflösung, welche das Objektiv in diesem Bereich liefert, ist enorm. Zu beachten ist, das im extremen Makrobereich sehr schnell Beugungsunschärfen auftreten. Bei einer zu stark geschlossenen Blende wird dann schnell das gesamte Bild weich und detailarm. Um also wirklich detailreiche Bilder machen zu können, sollte die Blende bis maximal 5,6 geschlossen werden. Wer mehr Schärfentiefe benötigt, dem empfehle ich, bei unbewegten Motiven einen Fokusstack anzufertigen. Dies bedeutet, mehrere Aufnahmen mit leicht versetzter Schärfeebene zu machen. Die Bilder werden dann später am PC zu einem Bild verrechnet. Hierfür eignet sich beispielsweise das kostenlose Programm Combine ZP. Wer etwas mehr Komfort erwartet, sollte sich das kostenpflichtige Helicon Focus anschauen.
g3ckko 15.08.2017 - 09:51
Mee daat ass jo genau daat waat ech gemengt hun. Waat Blend mei zou ass bei heigen Magnifikatiounen, waat d'BQ oofhellt... waat se mei oppen ass, waat Deifteschärft oofhellt. Daat ass alles gewosst. Mir geht et drem, eng Balance ze fannen teschend beide Werter, dei eng Qualiteit brengt, matt der ech zefridde ka sinn an déi der Situatioun virun der lens gerecht gett (an desem Fall woll ech halt vill vum Insekt am Schärfeverlaaf hun, dohier d'Blend, wuelwessend, dass d'BQ oofhellt.)

Stacking ass einfach keng Optioun fir mech, well se net praktikabel ass. smile Ech versichen emmer d'Perspektiv ob d'Insekt esou ze dreien, dass meiglechst vill durch de Schärfeverlaaf leeft. Daat ass d'Method fir daat Objektiv bei liewegen Déieren ze benotzen. smile

Zum Noschärfen. Jo deen Effekt versichen ech ze vermeiden. Vill Leit gesinn deen guer net (hun ech schon öffters festgestallt).
Jean-Jos 13.08.2017 - 13:32
Fantastësch am Groussen!
g3ckko 14.08.2017 - 19:09
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 391 Gäscht online