Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fliegenpilz

 
Fliegenpilz
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (20.11.2017). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.11.2017
  • Gekuckt:
    33684
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    40 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.3 EV
  • Gréisst:
    1920x1440
  • Späicherplaz:
    782 KB
  • Originaldatum:
    2017:11:17 13:18:23
  • Fotoapparat:
    E-M1
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Olympus 12-40 (mft)
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:
Stack

Fir anzesetzen: [pg_img=88830]
Kommentar vum Fotograf:
nach e fond
gemu 19.11.2017 - 12:50
Schéin Détailopnaam, esou richteg fir unzepaken closed_eye
Rene-M 19.11.2017 - 22:43
Merci gemu, upaken jo mee net Iessen soss gesaiste och nach dé 7 Zwergen als Halluzinatioun derbäi

marker 19.11.2017 - 13:07
..op d'Bild klicken lount sech allemol. Richteg gutt déi doten..!!
Rene-M 19.11.2017 - 22:41
Merci marker.
gunman 19.11.2017 - 20:44
Eng Fro: Hues Du do am Photoshop den Hannergrond mam Gausschen Weichzeichner bearbecht ?
Jean-Jos 19.11.2017 - 22:11
Fir mäi Gefill nët, dofir sin d'Iwwergäng ze propper.

Flott Foto Rene-M, mat der rouder Faarw häss de nach kënnen e bësse méi opdroen an déi giel méi hell machen, awer dat ass reng affaire de goût, oder ADG
Rene-M 19.11.2017 - 22:41
De Jean-Jos huet recht.

Ass sech naischt ze Photoshopen. Alles am Stackprogramm ( Helicon Focus) gemaach ginn. Den Hannergrond hunn ech guer net verschafft.

Merci Jean-Jos vir dai Kommentair.
gunman 20.11.2017 - 20:52
Ech hun daat geschriwen, well noom dropklicken geseit een ronderem den Kapp vum Champignon deen typeschen Floom, deen entsteet wann een eppes maskéiert, an duerno den Hannergrond mam gausschen Weichzeichner bearbecht.
Ech kennen deen Helicon Focus Programm net, mais Du schreiws neischt ze Photoshoppen, an ofgesinn vum Color Grading, deen ech elo och besser fannen wéi vierdrun, hues Du d'Photo dann awer trotzdem bearbecht oder...
Rene-M 20.11.2017 - 23:17
Salut Gunman.
Nee ech hunn foto net virum Stacken beaarbecht, waat ech zwar normalerweis machen.Et waren 35 Fotoen dee gestackt gi sinn an ech hunn just e puer onschärften am Bild verbessert. (eng stonn Arbecht) Den typesche Floom dien Dir opgefaal ass , ass och en typesche Feeler am Helicon.
Do wollt ech awer net drugoen genau ewei un den Hannergrond , do mécht e méi schlechte ewéi gud. Am LR hun ech just nach un der Hellegkeet gefummelt, an dat waar et.De Foto war eigentlech just eng Übung vir mech am Helicon, mee ech hun se gudd fonnt an dovir op Photogen gelueden.
René
gunman 21.11.2017 - 13:44
OK, keen Problem , elo ass alles kloer, an et ass an bleiwt eng schéin Photo.
Rene-M 20.11.2017 - 19:16
Nei Versioun, mee et muss e schonn op Bild klicke vir eng Differenz ze gesinn, oder et ass eppes beim erop luede schif gaange.
JCS 27.11.2017 - 14:42
Des gefällt mer richteg gudd.
Rene-M 26.12.2017 - 22:26
Merci JCS

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 331 Gäscht online