25s waren hei vleit e bëssen "too much". De Waasserfall selwer ass ganz ok, mee ennen d'Waaser gefällt mir net sou. Et wierkt mir zevill "agefruer". An uewen hues de en klengen Blostech dran, vleit wir deen mat e bessen selektivem Kontrast (oder oofdonkelen?) net méi sou sichtbar. Mee daat ass gemeckers op héichem Niveau.
Et wor hei eng extrem schwiereg Lichtsituatioun.
An der Mëtt war alles voll Waaserdonst an deen och nach d´Sonn eran geballert huet. Ech hun hei kräfteg missen am Photoshop nohëllefen.
Mat deene 25s ass wuel eng Affaire de Gout a mir perséinlech gefällt méi eng laang Beliichtungszäit besser.
Do huet awer jiddereen seng Präfärenzen.
Kompliment!
Dank der Langzäitbeliichtung hues de de Waasserdonst ewech kritt.
De Flow am Waasser ënnen ass fir mech OK, dat ass wahrscheinlech affaire de goût.
D'Foto ass liit platt ... Kontraster sinn net genuch equilibreiert an daat grengt kennt no menger Meenung zefill der Foto seint Gleichgewiicht steieren