Ganz flott gemollt Déi eischt Foto hätt ech eenzel eropgelueden, déi ass graphesch a farwlesch ganz gudd, evtl am Quadrat, mee daat ass just meng Virleiwt fir sou Motiver.
Den Tunnel ass perfekt gewielt fir den Effet, déi 1 vun den 3 gefällt mir am beschten.
Den Logo an de Kader fannen ech awer wéi sou oft zevill present.
Déi éischt an déi zweet gefaalen ma gudd. Allerdengs géing ech et bei der Zweeter wesentlech besser fannen, wann se méi zentréiert/Symetresch gewies waer, heescht den Tunnel genau an da Mett. Dann wier den Täschenluuten Ball daat eenzegt onsymetrescht an dem ronnen Tunnel
Spannend Serie rabbit, do ass vun allem dran: Luucht, Bewegung, Dynamik, Faarwen, déi begeeschtere kënnen. . .
Ech gin dem t-ren Recht mam Logo, mee dat gesäit jiddereen anescht.