Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Alfa Romeo 4C Spider

 
Alfa Romeo 4C Spider
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.10.2018
  • Gekuckt:
    32954
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1358x1124
  • Späicherplaz:
    656 KB
  • Originaldatum:
    2018:10:11 18:23:23
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma Art 24mm
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89508]
Kommentar vum Fotograf:
Alfa Romeo 4C Spider Edizione Corsa Nr.25/35
Jean-Jos 15.10.2018 - 18:32
Schéin dynamësch dat doten!
Och d'Bildféierung mat der lang gezugener Kéier sprécht un.
D'Faarwkomplementaritéit ass garantéiert mat gréng a roud closed_eye
Fir mech eng vun dene flottste Fotoen aus der läschter Zäit hei um Site.

(aus der Mall vun engem aneren Auto eraus fotograféiert?)
kobsi 16.10.2018 - 06:07
Merci Jean-Jos, daat héiert ee gär. Yes genau, aus der Mall vum Auto eraus geknippst smile

Merci vir de Fav smile
t-ren 15.10.2018 - 21:27
immens flott matgezunn, flotten Effet vun der Vitesse op der Stross, perseinlech steieren mech Beem am Bildopbau, hmm ?
Paul-H 21.10.2018 - 17:15
Najaaa, ouni lo wëllen dem kobsi op d'Féiss ze treppelen: Sou e "richtegen" Matzéier ass daat do zwar net. Dorënner stellen ech mir eppes aaneschters fir, z.B. daat heiten:
Sonndesausfluch
Jean-Jos 21.10.2018 - 22:22
Dat war guer kee Matzéier.
D'Foto gouf - an dat huet de kobsi mir hei ënne bestätegt - aus der Mall vun engem aneren Auto geholl: et goung also drëm, bei gläicher Vitesse Bewegung an d'Rieder an Dynamik op d'Strooss an Ëmfeld ze kréien, an dat ass 'pour mon vilain goût' total gelongen.
Paul-H 22.10.2018 - 00:03
D'Entwert war eigentlech jo och un den Ren, deen vun "matgezunn" geschriwen huet, mee vleit war domadder och keen Matzéier gemengt.
kobsi 22.10.2018 - 08:46
Kee probleem Paul, sou söier treppelt ee mir net op d´Féiss closed_eye Wöi den Jean-Jos soot, gouf döi Foto aus enger Mall eraus gemaach, an as genau wéi´s de sees keen Matzéiher smile

Btw, schéin Panigale closed_eye
Paul-H 22.10.2018 - 21:55
Merci kobsi.
Jean-Jos 22.10.2018 - 13:13
Ah ok, ech hat nët gesin, datt et eng Äentwert un den t-ren war, et soll heiandsdo méi genau kucken/liesen bigsmile
Paul-H 22.10.2018 - 21:55
Ass ok. KP.
t-ren 23.10.2018 - 20:03
merci fir d Erklärungen, effektif zitt deen een mei wei den anneren smile
( Auto - Moto an op dei 2 Fotoen bezunn smile )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 285 Gäscht online