Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Burg eltz

 
Burg eltz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.10.2018
  • Gekuckt:
    34248
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    52 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x1500
  • Späicherplaz:
    577 KB
  • Originaldatum:
    2018:09:26 20:05:10
  • Fotoapparat:
    NIKON D850
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Tamron 24-70
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89517]
Kommentar vum Fotograf:
Déi bekannte Burg Eltz, 1h30 - 2h vu Lëtzebuerg wech. Mir waren dohinner um wee zrlck vun der Photokina
Paul-H 18.10.2018 - 19:32
Tip top Licht erwëscht, super.
Hun awer sou e Gefill wéi wann se liicht no riets kippen geif.
t-ren 18.10.2018 - 20:42
beim Kippen sinn ech extrem empfindlech, bei der Buerg fällt mir naischt op, daat bessen beim Turm riest ass durch den Standpunkt a Perspektiv geif ech soen. Ganz ok fir mech
Johny 18.10.2018 - 21:34
Ech krut dat de Mëtten och scho gesot - ech hat allerdings probéiert se liicht ze dréinen mee dann gesäit rëm eppes anescht iergendwéi falsch aus, och wann ech net genee erkläre kann wat, mee dofir hunn ech se dann awer sou si gelooss.
Paul-H 19.10.2018 - 00:56
Kennen ech och an dann ass et wierklech besser et léist een se wéi se ass.
marker 18.10.2018 - 19:58
Flott Lucht. Gutt dat nach esou vill Detailer am Emfeld vun der Buerg ze gesi sin, esou steet se net esou isoléiert am Bild, wéi een et ganz oft vu bei Nuetsopnahmen mat beliichte Gebaier gesäit mat vill schwaarzem ''Näischt'' roderem.
Gutt esou..!!
Johny 18.10.2018 - 21:33
D'Foto ass gemaach zum Schluss vun der bloer Stonn, well ech zwar dat rondrëm dat wollt drop hunn mee awer och op kee Fall dass alles rondrëm ze vill däischter ass, well do denken ech genee wéis du.
Merci
t-ren 18.10.2018 - 20:39
eng genial Opnahm, Burg kennt immens eraus, e flotten Grain dran, flott Lucht wei schons gesot.gudde Bildopbau !
Schued dass dat Zelt do steht, mee dat kritt e jo eweg wann et sinn muss smile.
Ech wär nawell gespannt op e keint dei schein roud-brong Hierschtfuarwen am Hannergronn ganz dezent unhiewen, als Konterpartie zu den vielen Grengtein?
Johny 18.10.2018 - 21:32
Jo dat Zelt ... hannert der Paart steet esou guer nach eng rout Camionette tongue Ech hat probéiert et eraus ze huelen, mee d'Resultat war, op alle Fall fir meng Qualitéitsuspréch, net gutt genuch. Do huelen ech mer vläicht iergendwann nach eng Kéier vill Zäit fir dat méi am Detail ze maachen.
D'Hierschtfaarwe vum Bësch hannert dem Schlass kéint ech effektiv och probéieren eenzel nach méi erfir ze hiewen.

Merci
Jean-Jos 20.10.2018 - 12:25
Richteg gutt, hun ech nët kannt, och dofir Merci fir d'Weisen.
Johny 21.10.2018 - 11:07
Merci an gär geschitt smile
gemu 20.10.2018 - 17:32
Flott Perspektiv, e bekannte Motiv an engem aneren, wonnerbaren Liicht, nach net esou gesin. Excellent!
Johny 21.10.2018 - 11:07
Merci!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 399 Gäscht online