Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stairway to Everywhere

 
Stairway to Everywhere
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.03.2019
  • Gekuckt:
    41740
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1073x1500
  • Späicherplaz:
    162 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89842]
Kommentar vum Fotograf:
Hätt ech an dem Haus net erwaart :)
pixelman 29.03.2019 - 18:29
Onverkennbar dein Stil !
Zora 30.03.2019 - 16:17
Villmols merci René smile
BeP 30.03.2019 - 08:33
Ganz flott. Do kuckt een sech dronkég an et hat een Respekt fir de Verschaler van der Trapp.
Zora 30.03.2019 - 16:17
Villmols merci BeP smile
gemu 30.03.2019 - 10:00
Top ! Excellent mise en sc?ne aus der Perspektiv no uewen
Zora 30.03.2019 - 16:18
2X decke Merci smile
Nicon07 30.03.2019 - 18:22
1st class Vortex. do kritt een den Dréihälschen. An déng Bea, wéi ëmmer passt se wéi d'Faouscht op d'Oaa. smile
Zora 01.04.2019 - 15:41
Merci smile
gunman 01.04.2019 - 18:35
Déi "Aal" vun Photogen hun et awer nach emmer drop !
Den Niveau steigt erem mat esou Photoen.
Kompliment!
Nicon07 01.04.2019 - 20:19
Da missten di "Aal vu Photogen", wéi's du se richteg nenns, nach méi zahlreich an intensiv Fotoen hei ropluede, wéi dat am Moment de Fall ass. closed_eye
Zora 02.04.2019 - 22:34
Hmmm, mengen Motivatioun ass net méi sou richteg do smile
Nicon07 03.04.2019 - 16:32
Du hues Recht. Ech hu mir schon effektiv iwwerluecht, ob ech net soll eng allerläscht Foto maache vun engem Graf, oder engem Kruzifix, an deen dann op Karfreideg hei posten mat engem Text am Sënn vun "Äddi Photogen". Dat hei huet jo nun awer guer kee Sënn méi. Lo huet den Abrëll schon 3 Deeg an nach keen, och nët déi Aal, déi et nach drop hun (Merci, gunman, fir d'Luef), huet zanterhir eng nei Foto gepoust. A wann ee kuckt, wéivill verschidde Liet nach hei Biller weisen vun deenen 3675 user, da stellt een séch wirklech Froen. Am Moment, wou ech hei schreiwe sin ech deen eenzeche Member, deen agelogt ass awer 155 Gäscht. Wee sin déi Leit? Wat kommen déi hei sichen? Sin dat ëmmer aanerer oder regelméisseg di selwécht? Firwat maachen déi séch keen Account op a poste Biller an diskutéiere matt? Firwat hu sou vill vun deenen neie Membren, déi dach awer ëmmer neess dobäi kommen, 0 skills? Sin dat Bots? oder Trollen? Oder einfach nëmme Vertrieder vun enger neier Generatioun Leit, déi just consomméieren a profitéieren, awer nët onbedingt séch aktiv abréngen? Ech stelle mir Froen.
Den analoge PG-Fotoclub léisst séch op, an hei komme just sporadesch nach e puer mol am Daag eenzel Leit firweltze, fir ze kucken, ob de Patient nach otemt. Do hëlleft och Bieden nët méi vill, färten ech. unhappy
gunman 03.04.2019 - 21:31
Ech kann daat wats Du schreiws zu 100 Prozent novollzéien an ennerschreiwen. Deng Analys trefft den Nol op den Kapp.
Ech kucken all Daag hei op Photogen waat do fir Fotoen eropgelueden gin.
Ech selwer hun mech mettlerweil méi op Video spezialiséiert an machen just nach Photoen bei Familienfeieren etc. Video AN Photo daat geet zesummen relativ schlecht z.B, an der Vakanz. Et ass e bessen entweder oder, mais fir den Hausgebrauch geet et. Déi "grouss Kompositiounen" sin et leider net.
Et ass wirklech schued, dass et souweit komm ass, mais ech mengen et wor en Fehler deen aalen System wou eng "Jury" décidéiert huet ob eng Photo den Usprech gerecht get ofzeschafen, sou dass jiddfereen egal waat hei weisen kann.
Ech well do guer kengem ze noh trieden, mais d'Resultat ass nun emol wéi et ass.
Wéi heescht et esou schéin : die Hoffnung stirbt zuletzt.
Trotzdem nach en schéinen Owend fir Iech all.
Zora 04.04.2019 - 09:29
Du weest mär wuaren net emmer déi beschten Frenn, stemmen der awer 100 pro zou smile
gunman 06.04.2019 - 21:42
Mein Gott, tempi passati, ech fannen Du mechs elo super Fotoen !
Zora 04.04.2019 - 09:28
Ma ech hun oft ran gekuckt, an wuar effektiv den eenzegen User online, mee doriewer man ech mer schon lang keen Kapp méi. Ech hun aaner Wéer angeschloen, déi mer méi Rouh brengen.
Ech fannen et awer och schued dass den Komitee sech an denen ganzen Joëren mol näicht Néits anfaalen geloss hued, fir et méi spannend ze man.
Schéinen Daag alleguer!
Zora 02.04.2019 - 22:33
Merci, hat lang näicht méi drop gesaat, wuar mer ze langweileg gin smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 278 Gäscht online