Fir mech ass seng Hand ze vill present, an lenkt mech vum Gesiicht of, mäin Bléck spréngt hin an hier. Interessant ass säin Bléck aus der Foto eraus; wouhin hien wuel kuckt?
D'Hand stéiert mech net, au contraire, déi doduerch resultéierend Diagonal suergt fir déi néideg Spannung am Bild. En plus gefällt mir dee schéinen Degradé vum däischtere Pullover zum pechschwaarzen Hannergrond. Gutt geschafft.
Villmols Merci iech 3!
Ech versti wat 's du mengs wuff, fir mech war d'Hand um Cello insgesamt wichtig, awer du hues Recht, si soll vläicht manner dominant sin: ech denken, datt ech d'Hand e bëssen ofdonklen.