Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wir sind alle Künstler ...

 
Wir sind alle Künstler ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.03.2020
  • Gekuckt:
    35599
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1100x733
  • Späicherplaz:
    628 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90440]
Kommentar vum Fotograf:
... wir leben nach Bildern, die wir uns selbst malen.

-Andrea Mira


pixelman10 03.03.2020 - 08:31
Titel an Kommentar passen zu dem harmoneschen Bild Ed, ech gin 10 vun 10 Punkten.
suraki 08.03.2020 - 21:16
Merci René, .... du bass elo fest am nächste Jury bigsmile
theom 03.03.2020 - 17:37
eng flott Iddi , a mise en scene
suraki 08.03.2020 - 21:14
Merci gesot smile
Nicon07 09.03.2020 - 16:28
Kann een dat hei och ee Selfie nennen? bigsmile

Ech si jo éischter de Konservativen, deem ee mënschléche Kierper als solchen méi wi genuch ausseet, datt ech sou Konschtwierker op der Haut zwar lo nët schlëmm fannen, mais datt ech elo och nët dowéinst vum Hocker kippen. (Ech färten nämléch, datt di zart Kreaturen spéider eemol gesondhetléch Problemer kréie kéinten oder Misüre, wann se di Tënt nët méi an hirer Haut wëllen, Beispiller vu sou Liet gëtt et jo...) Awer hei an dëser Interpretatioun kribbelt et méch awer liicht, an ech kéint nawell fir ee kurze Moment méng Meenung revidéieren.

Déng Foto ass a méngen Aae scho bal eppes, wéi eng Toile, vun engem Ingres oder J-L David. Dat ass Konscht!
suraki 16.03.2020 - 22:09
Wann et em mësch geet Nico, sinn ech och éischter konservativ bigsmile
Fannen déi ganz Tattoo_Zeene mat hiren Konschtwierker awer immens flott, spannend an interessant ... e bëssen wéi an der Fotografie fënnt en hei alles, iwwert Architektur, Landschaft, Portrait bis zu Déieren.
Hei um Bild ginn d'Emotiounen an d'Tënt jo och net all ze vill ennert d'Haut, et ass jo nëmme mat enger Plomm gemoolt.

Merci du, dee mësch mam Ingres un d'googele kritt hues.
marker 15.03.2020 - 10:34
Yes, ..flott Zesummespill vu Konscht a Konschtfotografie, ..gutt presentéiert !
suraki 16.03.2020 - 22:10
An och hei en décke Merci gesot smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 269 Gäscht online