Merci! Mais ass et net awer ze evident, deen Opbau, ze vill "schoulmeeschterhaft"? Ech färten nämléch, datt ech, well ech ménge Schüler d'Regele vum Bildopbau ëmmer neess widderhuelen, ech selwer nët méi do raus kommen. Break the rules soll jo och net falsch si, soen se...
Jop, 'break the rules' kann a soll ee souguer machen wann engem domadder eng besser Bildausso gelengt.
Bei dengem Motiv hei mengen ech war de gëllene Schnëtt awer schon ubruecht.
Apropos, mat der Fotografie verhällt et sech wéi mat villes, a do fannenen ech et richteg de Schüler d'Grondregele bäizebrengen an ëmmer neess ze widderhuelen, schliesslech solle sie d'Matière vun der Pic op léieren, ...a wa s'et spéider bis richteg drop hun kënne se, oder besser nach solle se hirer fotografescher Kreativitéit fräie Laaf loossen an dat Bescht draus machen !
Merci fir déng Reaktioun. Dat stëmmt, wats du sees.Dierf ech déch da froen, och di aanner Foto vum selwéchte Motiv ze kucken an se mat dëser ze vergläichen, wann ech gelifft?