Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Legendär...

 
Legendär...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2021
  • Gekuckt:
    42388
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    51 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    592 KB
  • Originaldatum:
    2021:02:24 16:33:58
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    Z 24-70/4S
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91183]
Kommentar vum Fotograf:
mam Holzgrëff...

Gëschter krut ech méng nei "Spillsaach", eng "gepimpten" Asahi Pentax 67 mat engem Takumar 1:4,5/75mm..

Ech hu schon een halwe Film derduerch, a mar gëtt de Rescht verknipst. (et sin der jo just 10 op engem Film... :-) )
gemu 25.02.2021 - 23:47
Bella Macchina, ech wënschen dir vill Freed a schéi Biller mat denger neier Spillsaach.
Nicon07 26.02.2021 - 17:00
Ech si scho gespaant op deen éischte Film...
theom 26.02.2021 - 09:07
Entweckels de Film selwer?
Nicon07 26.02.2021 - 17:00
Sou hallef... Loosse mir et mol sou soen: ech hun dat ni gemaach fréier, well ech a) méch fir inkompetent gehalen hun dofir, b) méng Mamm mir et verbueden huet, wéinst der Chimie, an ech hir, fein (oder blöd, wat an dësem Fall dat selwécht war) wéi ech war, hier gefollecht hun an c) ech déi Zäit eigentléch bal nëmme farwéch Filmer geknipst hun, déi een no enger Stonn scho färdeg entwéckelt a geprint konnt kucken beim Fotograf. Ech hun awer elo amt engem Arbéchtskolleg zesummen am Hierscht di éischt S/W-Filmer selwer entwéckelt an hun et och net schlecht hikritt. Awer dat waren 135er Filmer. Een 120er weess ech net, wéi een deen am d'Bobine kritt, an ech hun awer kee Film, deen ech fir Übungszwecker dropmaache wëll, a scho guer net deen 1. mat der nei aller Pentax hei. Ech hun zwar heiheem alles, wat ech fir selwer ze entéckele brauch, mais et ass nach net en service, well ech nach ee Gefäss muss nokafe, fir d'Fixéier-Bad virzebereeden. Blöderweis ass an deem Kit, deen ech kaaft hu, just een Zylinder fir den Entwéckler an ee fir d'Stopp-Bad. Ech hun och ee Scanner mat deem ee Filmer ka scannen, awer ech weess net, wéi ech do d'Negativer vu Stëbs a Fuseme befreit kréien, ouni datt ech hanneno Schréipse gemaach hun. Dofir schécken ech méng Filmer léiwer an ee seriöse labo, wou ech se stëbsfräi gescanned an digitaliséiert kréien.
marker 26.02.2021 - 10:15
Domadder erspuers de dir een Hummer, ..d'Kamera war sengerzät bekannt als extrem robust, an datt een ausser fotogrféieren mat hier och nach kéint Neel an d'Mauer schloen closed_eye
Schoin, deng nei Spillsaach!
Nicon07 26.02.2021 - 17:04
Ech gesi schon, den Näid dreift scho schéi Bléien... closed_eye Ech krut och schon op engem aanere Forum ähnléch Remarke gemaach, comme quoi Fotoen, déi een domadder mécht, verwackelt wiere, well durch de Kaméidi an de Coup de vent vum Spigelklappen d'Motiv oder dee porträtéierte Personnage, géing zesummefueren a wackelen... Oder, datt een all di onerwënschte Passanten op enger touristescher Plaz verdreift, wann ee mat deem "Pavé" do ugereest kéint... Also! bigsmile
marker 26.02.2021 - 20:14
E bësse muss jo gestëρρelt gin closed_eye
Sief frou datt's de net mat enger Kamera ënnerwee bas wou's de dech hannert engem schwarzen Duch verkrauchs, ...do hun ech esou munche Spott, awer och intressant Dialogen erlieft, an no e puer Explikatiounen war den Interêt da meeschtens grouss, och bei deenen wou nach virdrun e Witz gemach hun.

Bon, am Eescht, d'Kamera huet eng exzellent Renommee, och wat d'Qualitéit vun de Biller betrëfft, do hues du ganz bestëmmt e gudde Choix getraff, an hei um Site si scho gewëss e puer Leit op d'Resultater gespaant.
Nicon07 27.02.2021 - 20:27
Dat erënnert méch u méng Zäit a méngem jugendléche Leichtsinn, wéi mäi Schwoer séch eng Linhof Technika 4X5 Laufbodenkamera geléint hat, a mir zwee domadder mat engem Buedduch iwwert dem Kapp zu zwee durch d'Mattscheif gekuckt hun an domadder grotteschlecht Fotoe gemaach hun. Di Kamera hat, wéi mir spéider gewuer goufen, e puer Lächer am Ballech, an dowéinst hate mir op all Negativplak "Irrlichter" drop. Mais ech kan dir soen: mir sin op alle Fall och opgefall deemols... bigsmile
marker 28.02.2021 - 11:24
Opfalen ass ee vage Begrëff, kuck der emol de Kurt Moser hei un closed_eye


Nicon07 28.02.2021 - 19:21
Deen dote kennen ech vun engem Artikel an der fineart printer. Dat ass wirklch superlativ, wat deen do mécht.

Merci fir de Link. Ech kucke mir dee Reportage da lo mol ganz un.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 439 Gäscht online