Di 120er Filmer loossen ech vun engem professionnelle Labo entwéckelen, Ech hat mir eemol een esou zerstéiert, well ech en net op d'Spire opgerullt kritt hun an no annerhallef Stonn (gefillt) total entnervt an an Tréinen opgeléist (iwwerdriwwen) de Film aus dem Sak gerappt hun a gesin hu, wat ech do fir ee "Carnage" mat der Pellicule ugeriicht hat, Mais d'135er, déi kréien ech awer mëtlerweil "blann" (lol) opgerullt...
Ech hu nach nie e Film am Saak an d'Entwëcklerdous gespullt, daat géif mech och nerven. Maachen daat schon seit Joer an Daag owens de préférence op enger däischterer Toilette (mam Deckel zou ). Verschidden 120er si méi oder wéineger schwéier op d'Spull ze kréiern, z.B. de Fomapan 100, den Fomapan 200 par contre geht besser. Am einfachsten ze händelen si menger Meenung no d'Ilford an d'Kodak Filmer.
Ech hun do net de Choix, well mir an eisem Haus eigentléch kee Raum hun, dee ganz däischter ka gemaach gin. (Raffstoren amplaz Rollueden an eng Stroosseluut just virun der Diir... Suguer am Keller ass et ni 100% däischter. Dofir huelen ech de Saak. Dat as zwar keing Hexerei, dat eenzecht wat e bëssen nervt, ass fir de Film ofzeschneiden. Dat geet net ëmmer riicht aus... Mais soulanng een en opgespullt kritt, ass et egal, ob den Ufank e bësse schief geréit. Wann een dann net am Aeiffer de Saak durchschneid... :
À propos, ech hun geschter Owend zwee 120er an d'Entwecklerdous gespullt (een hannert den aaneren op eng Spiral) an dobei un dech geduecht a mer virgestallt ech misst daat an engem Saak maachen. Ojemine, ech mengen do giff ech och an d'Schleidere kommen...
Also zwee hannerteneen op eng Spull am Sak, dat ass effektiv een Challenge. Mais alles ass eng Saach vu Gewunnécht. Wi gesot, d'135er kréien ech mëttlerweile ganz gudd opgespullt am Sak. Sou huet jideree séng perséinléch Kompetenzen.